DenZeus (gr.:Ζεύς/Zeús; ochΔίας/Dias), Jong vumKronos an derRhea, war den ieweschtenolympesche Gott an dergriichescher Mythologie. Iwwer him stoung nëmmen dat personifizéiert Schicksal - d'Moiren - un dat och hie sech hale misst.
Den Numm kënnt aus der selwechterindogermanescher Wuerzel wéi datalgr.theos, demlat.deus, dem germaneschenZiu an demindeschenDeva, déi Ausdrock fir e gemeinsaamt indoeuropäeschtpatriarchalescht Gottesbild.
Hien huet iwwer den Himmel geherrscht an hat denAadler an deBlëtz als Symboler. Hie gouf mat senger SchwësterHera bestuet, an hat eng sëllege Kanner, dorënner denHerakles, en Hallefgott, an d'Athene, dat aus sengem Kapp entsprongen ass.
DeKronos, deen deemools säi PappUranos enttrount hat fir selwer un d'Muecht ze kommen, huet gefaart et géif him mat senge Kanner änlech ergoen an huet dofir all seng Kanner verschléckt. Senger FraRhea ass et awer gelongen, den Zeus an enger Grott opKreta ze verstoppen a si huet dem Kronos e Steen deen a Wëndelen agewéckelt war amplaz ginn[1].
Den Zeus vun Otricoli, Musée Pio-Clementino
Den Zeus gouf vun der GeessAmaltheia (oder vun engerNymph mat dësem Numm) mat Geessemëllech opgezunn, a vun deKurete beschützt. Aus engem Har vun dëser Geess sollt méi spéit d'Cornucopia, d'Fëllhar, ginn. Wéi den Zeus méi al war, huet hie sech bei de Kronos geschlach, an hie gezwongen, seng Gesëschter alleguer nees erauszespäizen.
Eng aner Versioun vum Mythos erzielt de MythographAntoninus Liberalis a sengeMetamorphoses. D'Rhea huet den Zeus an enger kretescher Grott op d'Welt bruecht. Hei gouf d'Kand vu Beien opgezillt. Véier Awunner sinn enges Daags an d'Hiel komm, well si op der Sich no Hunneg waren, an hunn de jonke Gott gesinn, an dësen huet hinne gedreet, e géif si mam Blëtz erschloen, mä gouf awer vun derThemis an deMoiren zeréckgehalen, well keen op dësem hellege Buedem stierwen däerft. Doropshin huet den Zeus si a Villercher verwandelt, déi Noriichten iwwerbréngen. De Rescht vun der Legend ass verluer gaangen.
BeimHomer ass den Zeus dat eelst Kand, an huet dofir seng Muecht. Sou huet dePoseidon amTrojanesche Krich noginn, well "obscho si all aus der selwechter Famill kommen, ass den Zeus den Eelsten, a weess am Beschte Bescheed"[2].
Well hie senger drëtter FraHera (no derMetis an derThemis) ëmmer friemgaangen ass, koum et dacks zum Sträit bei dëser Koppel, well d'Hera war immens jalous. Si huet dacks d'Geléiften (Io,Leto asw.) a souguer d'Kanner (Herakles) vun hirem Mann verfollegt.
Och huet den Zeus sech net ëmmer a senger richteger Gestalt gewisen, hien huet dacks Déiereformen ugeholl. De bekanntste Mythos heivun ass wuel dee vun derEuropa mam Stéier.
Wéi säin Numm aus der indoeuropäescher Wuerzel*dei- seet[3], huet den Zeus iwwer den Himmel geherrscht, d'Äerd war ënner de Gëtter opgedeelt. Hie krut de BäinummΚεραυνός /Kéraunos («de Blëtz»), an huet mat engem Blëtz geschoss, deen him d'Kyklope gemaach haten. Dëse Blëtz hat dräi Stäerkten: eng fir ze warnen, eng fir ze strofen, an eng fir d'Enn vun der Zäit, fir d'Welt ze zerstéieren.
Den Zeus war och Meeschter iwwer d'Naturphenomeener): Donner, Wellen asw. D'Meteoritte waren him gewidmet. A sengerEpiklesΜαιμάκτης /Maimáktês, hëlt hien de Stuerm ewech. Hien ass och zoustänneg, datt et op der Äerd reent[4]. Sou hunn déi al Griichen de Reen ochτὸ ἐν Διὸς ὕδωρ -Waasser vum Himmel genannt.
Well hie mat den Naturphenomeener ze dinn huet, gouf hie logescherweis och mat de landwirtschaftleche Kulturen an Zyklen associéiert. DenHesiod schléit zum Beispill fir, den Zeus an d'Demeter ze ruffen, fir datt de Buedem vill Friichten dréit[5]. Ënner der EpiklesΚτήσιος /Ktếsios huet hien d'Garde vum Iesse beschützt, an hat als Attributer d'Cornucopia an eng Schlaang.