Zeebruges
Geschierkëscht
Allgemeng
Drécken/exportéieren
An anere Projeten
Zeebruges (nl:Zeebrugge) ass en Hafen a Fëscherduerf dat administrativ zu derbelscher StadBruges an derProvënz Westflandern gehéiert. Zeebruges gouf praktesch zur selwechter Zäit wéi denHafe Bruges-Zeebruges gegrënnt. Fir dat ronn ze kréien, goufen1901 nei Terrainen un d'Stad Bruges ugeschloss an den Hafe war1907 fäerdeg.
Den Hafe vu Zeebruges ass den Uschloss vu Bruges un d'Nordmier. De Schëffsverkéier ass zimmlech grouss, besonnesch wéinst dePonten, déi vun do aus anEngland fueren. Et ass och en Terminal firNaturgas, dee vum Mier hierkënnt. DeBaudouin-Kanal verbënnt Zeebruges iwwer Bruges mat dem Banneschëfffaartsnetz vun der Belsch.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel:Hafe Bruges-Zeebruges.
Commons: Zeebrugge – Biller, Videoen oder Audiodateien |