| Yves Wengler | |
|---|---|
| Gebuer | 4. Abrëll1963 |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Educatioun | Technesch Universitéit Kaiserslautern |
| Aktivitéit | Politiker |
| Partei | CSV |
| Fonctioun | Buergermeeschter, Schäffen |
DenYves Wengler, gebuer de4. Abrëll1963 zuIechternach, ass e lëtzebuergeschenCSV-Politiker. Hie war vun 2015 bis 2023Buergermeeschter vun Iechternach.
Hien huet 1982 seng Première amIechternacher Lycée gemaach an ass duerno opKaiserslautern op d'Universitéit gaangen, wou hien 1988 säin Diplom als Elektroingenieur krut[1]. Zu där Zäit war hie Sekretär an duerno President vun derAssociation nationale des étudiants ingénieurs luxembourgeois (ANEIL)[1].
Vun Oktober 1996 bis Juni 2023 war den Yves Wengler Member am IechternacherGemengerot. Tëscht Dezember 2005 a Februar 2009 war hieSchäffen a vun 2015[2] bis 2023Buergermeeschter. No engem Koalitiounswiessel, als Resultat vun deGemengewale vum 11. Juni 2023, huet hie säi Mandat als Gemengeconseiller net ugeholl.[3]
Vu Juli 2001 bis Mäerz 2023 war hie President vumSyndicat intercommunal de gestion informatique (SIGI)[4].