Yves Robert | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Yves Henri Charles Marie Robert |
Gebuer | 19. Juni1920 Saumur |
Gestuerwen | 10. Mee2002 6. Arrondissement |
Doudesursaach | intrazerebral Bluddung |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Filmregisseur,Dréibuchauteur,Filmproduzent,Schauspiller, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller,Regisseur |
Famill | |
Bestuet mat | Danièle Delorme |
![]() |
DenYves Robert war e franséischeSchauspiller,Dréibuchauteur,Filmproduzent aFilmregisseur. Hien ass den19. Juni1920 zuSaumur amMaine-et-Loire gebuer an den10. Mee2002 zuParäis gestuerwen.
Den Yves Robert huet seng Carrière beim Film als Schauspiller am Joer1948 mam FilmLes Dieux du dimanche ugefaangen. Am FilmLes hommes ne pensent qu'à ça aus dem Joer1954 huet hie fir d'éischt Regie gefouert.
Säin éischte grousse Succès als Regisseur hat hie mat dem FilmLa guerre des boutons, duerno huet hien nach sou bekannt lëschteg Filmer wéiLe grand blond avec une chaussure noire,Un éléphant ça trompe énormément anNous irons tous au paradis gedréint.
Hie war mat der franséischer Schauspillerin a FilmproduzentinDanièle Delorme bestuet. Mat hir zesummen hat hien d'Filmproduktiounsfirma "La Guéville" gegrënnt.