Writers Guild of America Award, Premio Donostia del Festival de San Sebastián, Directors Guild of America Award, Oscar fir de beschte Regisseur, Oscar fir dat bescht Originaldréibuch, Oscar fir dat bescht Originaldréibuch, Oscar fir dat bescht Originaldréibuch, Commandeur des Arts et des Lettres, BAFTA fir de beschte Film, Sëlwere Bier, Fiprescipräis,Bodil-Präis,Bodil-Präis,Bodil-Präis,Bodil-Präis,Bodil-Präis,César du cinéma,César du cinéma, Sant Jordi Award, Sant Jordi Award
Famill
Bestuet mat
Harlene Susan Rosen (1956–1959), Louise Lasser (1966–1970), Soon-Yi Previn (1997–)
Hien huet an den 1950er als Auteur vu Sketcher fir d'Televisioun ugefaangen, an eng Rëtsch humoristesch Bicher mat Kuerzgeschichten, Theaterstécker a Parodië geschriwwen. An de fréien 1960er Joren huet den Allen ugefaangen, alsStand-up-Comedian ze schaffen, an huet dunn dee Personnage entwéckelt, deen een och dacks a senge Filmer erëmfënnt: en onsécheren, intellektuellen Tipp, dee probéiert sech mat Wuertwitz duerch d'Liewen ze schloen (an dee wéineg mat senger richteger Personalitéit ze dinn huet).
An der Mëtt vun den 1960er Joren huet hien ugefaangen, Filmer ze dréinen. Bis haut sinn et der bal 50. Am Ufank waren dat Filmer fir ze laachen, mat villSlapstick-Elementer dran, vun den 1970er u si seng Filmer méi eescht ginn, a sinn dacks vum Europäesche Kino (Bergman,Fellini,...) beaflosst. An deene meeschte vu senge Filmer huet hie selwer d'Dréibuch geschriwwen, a selwer an enger vun den Haaptrolle matgespillt. E Sujet, deen an deene méi eeschte Filmer dacks erëmkënnt, si Froen dono, wat fir en Afloss den Zoufall oder d'Schicksal op engem säi Liewe kann hunn.
De Woody Allen war 24-mol (Stand 2014) fir enOscar nominéiert an huet e véiermol gewonnen dovun dräimol fir dat bescht Dréibuch an eng Kéier fir déi bescht Regie (Annie Hall). Den Allen spillt ochKlarinett an trëtt reegelméisseg zuManhattan mat enger klenger Jazzband op.