Eng Wonn bei engemIelebou (lénks) an d'Läinzeechen, dat ee Joer no der Heelung iwwreg bliwwen ass.
EngWonn ass eng Beschiedegung vum liewegebiologeschen Tissu vumKierper vun engem Déier oder dem Mënsch. Dat ka baussenzegen Tissu sinn (d'Haut) oder bannenzegen Tissu (d'Schläimhaut oderOrganer). Si kënnen dat plëtzlecht Resultat vun direkter baussenzeger Gewalt sinn (mechanesch, thermesch, chemesch), oder sech am Laf vun der Zäit opgrond vu Krankheetsprozesser wéiDiabeetes oder engerimmunologescher Erkrankung entwéckelen.
Wonne kënne ganz ënnerschiddlech ausgesinn. Dat hänkt vun der Lokalisatioun vun der Wonn of, dem Verletzungsmechanismus, der Déift vun derVerletzung, dem Zäitpunkt vum Optrieden an der Sterilitéit vun der Wonn. D'Behandlungsstrategië fir Wonnen variéiere jee no Klassifizéierung vun der Wonn. Dofir ass et wichteg, datt Wonne vun enger medezinesche Fachkraaft grëndlech ënnersicht ginn, fir en ugemoossenen Traitement ze garantéieren.
An der normaler Physiologie duerchlafen all Wonnen eng Rei Etappe wärend dem Heelungsprozess. Dozou gehéieren ënner anerem d'Hemostase, bei där d'Bluddungen aus deBluttgefäässer zum Stoe kommen, d'Entzündung, an d'Reparatiounsphas.
Den Alter vum Liewewiesen, d'Sauerstoffversuergung vum Tissu,Stress,Gronderkrankungen a bestëmmt Medikamenter sinn nëmmen e puer vu ville Facteuren, vun dene bekannt ass, dat si d'Vitess vun der Wondheelung beaflossen.