Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Winston Churchill

Vu Wikipedia
Winston Churchill
GebuertsnummWinston Leonard Spencer Churchill
Gebuer30. November1874
Gestuerwen24. Januar1965
London
DoudesursaachHiereschlag
NationalitéitVereenegt Kinnekräich
EducatiounHarrow School,
Royal Military College vu Sandhurst
AktivitéitPolitiker,Historiker
AuteursrechterWierker sinn duerch Auteursrechter geschützt
ParteiKonservativ Partei,Konservativ Partei
FonctiounPremierminister vum Vereenegte Kinnekräich,Chancellor of the Duchy of Lancaster, Member vum Privy Council vum Vereenegte Kinnekräich, Representant vun der parlamentarescher Versammlung vum Europarot, Kolonell,Deputéierten
Member vunAmerican Academy of Arts and Sciences,Royal Society, Society of the Cincinnati, Huesebändeluerden, American Philosophical Society
GielercherLëscht Nobelpräis Literatur, Compagnon de la Libération, Fellow vun der Royal Society, Grand-croix de l'ordre de la couronne de chêne,Karlspräis, Freedom Award, Grousskräiz vum Uerde vum Hollännesche Léiw, Grousskräiz vum Leopoldsuerden, Distinguished Service Medal, Militärmedail, Albert Medal, Order of Merit, Companion of Honour, Medal Zwycięstwa, 1939–45 Star, France and Germany Star, Elefanten-Uerden, Croix de Guerre (Frankräich)
Famill
Bestuet matClementine Churchill (12.9.1908–24.1.1965)
PappLord Randolph Churchill
KannerDiana Churchill, Randolph Churchill

DeSir Winston Leonard Spencer Churchill, gebuer den30. November1874 zuWoodstock anEngland, a gestuerwen de24. Januar1965 zuLondon ass dee bedeitendste brittesche Staatsmann vum20. Joerhonnert. Hie war zweemol Premierminister an en huetGroussbritannien duerch denZweete Weltkrich gefouert.

Säi Liewen

[änneren |Quelltext änneren]

Originnen, Schoulzäit, Militär

[änneren |Quelltext änneren]

De Winston Churchill war de Jong vum brittesche Politiker LordRandolph Churchill an der amerikanescher MillionärsduechterJennie Jerome. Hien ass am Schlass vu sengem Grousspapp op d'Welt komm, amBlenheim Palace bei Woodstock (Oxfordshire).

De Grousspapp,John Winston Spencer-Churchill, huet als siiwentenDuke of Marlborough zumengleschen Héichadel gehéiert. De Randolph Churchill war den drëtte Jong an der Famill, an huet dowéinst den Herzogtitel net konnten ierwen. De Winston Churchill selwer wäert an de50er Joren d'ugebueden Erhiewung zurierflecher Peerwürd ofleenen, gëtt awer1953 zum Ritter vumOrder of the Garter geschloen. Seng Hierkonft huet him a senger Jugend d'Opnam a renomméiert Internater an als Offizéier an d'Arméi geséchert, obwuel seng Resultater als Schüler net déi bescht waren.

Vun1881 bis1892 ass den Churchill an d'Eliteschoulen zuAscot,Brighton anHarrow gaangen. Den autoritären Erzéiungssystem an dëse Schoulen war net senges, an en ass e puermol sëtzebliwwen. No der Schoulzäit huet hien et mat der Arméi versicht, mä ass zweemol duerch den Opnamexame gefall.1893 kënnt hien dann awer als Kadett opSandhurst a mat 21 ass hien 2. Leitnant am4. Husareregiment. Do huet hien erkannt, zu wat hien anscheinend wierklech predestinéiert wier: firKrich ze maachen.

Tëscht1895 an1901 huet den Churchill als aktiven Zaldot aKrichsreporter fënnef Kolonialkricher matgemaach: opKuba, anIndien, an an aneren Deeler vumBritteschen Empire. An derSchluecht vun Omdurman amSudan huet hien un enger vun de leschte Kavallerieattacken an der Geschicht deelgeholl. AmBurekrich geléngt him, nodeems e Prisonéier war, eng spektakulär Flucht. Säi Buch iwwer dës Aventure a seng Krichsberichter hunn hien an England bekannt gemaach.

Ufank vun der politescher Karriär

[änneren |Quelltext änneren]

Schonn1899 hat den Churchill sech ouni Erfolleg ëm e Sëtz amHouse of Commons beméit. Nodeem hien aus dem Burekrich zeréckkomm war, ass hien amMäerz1901 als frëschgewielteKonservativen (Tory) fir de WalkreesOldham an d'Parlament komm. Säin éischte spektakulären Optrëtt war den31. Mee1904, wéi hien demonstrativ zu deWhigs iwwergetrueden ass. De Grond heifir war d'Haltung vun deLiberalen an der Fro "Fräihandel oderSchutzzoll", déi him méi no louch. Bei de Whigs ass hien op der politescher Skala ëmmer méi no lénks gewandert. Hien huet zum sozialreformeresche Parteifligel gehéiert, an huet schliisslech an der Ëffentlechkeet als dropgängereschen, mä bewonnerte Radikale gegollt, genee wéi säi FërdererDavid Lloyd George.

Bei de Konservative mëttlerweil richteg gehaasst, huet hie Frënd a Feind an de Joren no1906 iwwerrascht, an zwar duerch seng Fäegkeeten als Ënnerstaatssekretär fir d'Kolonien, souwéi als Wirtschafts- an Inneminister. Genee am Moment wou den däitsch-brittesche Flottekonflikt sech zougespëtzt huet, gëtt hie vum PremierministerHerbert Henry Asquith1911 zumÉischte Lord vun der Admiralitéit, also zum Minister vun der Marinn, ernannt. Seng wichtegst Entscheedung an dësem Amt war d'Ëmrëschtung vun der brittescher Schluechtflott vuKuel- opPëtrolsfeierung, wat den Aktiounsradius däitlech vergréissert huet.

De rasanten Ufank vu senger politescher Carrière fält mat Verännerungen a sengem Privatliewen zesummen: AmSeptember1908 bestit den Churchill d'Clementine Hozier, mat der hie bis zu sengem Doud zesummegelieft huet. D'Koppel hat spéider ee Jong a véier Duechteren, vun deenen allerdéngs eng schonn als Kand gestuerwen ass. Säi Jong Randolph an zwee vu sengen Enkelkanner goufen och Parlamentarier.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Den Churchill zu Lëtzebuerg

[änneren |Quelltext änneren]

De14. a15. Juli1946 war hie mat senger DuechterMary Spencer-Churchill a mat sengem BoufRandolph op Besuch aFrankräich an zuLëtzebuerg. No der Landung umFluchfeld Frescaty zuMetz wou e vum deemolege franséische FinanzministerRobert Schuman empfaange gouf, an no engem Empfank op derPlace de la République koum en de 14. Juli owes géint aacht Auer a Begleedung vumStater BuergermeeschterEmile Hamilius op der Grenz zuFréiseng un, wou hie symbolesch zu Fouss iwwer d'Grenz goung. No engem Empfank amGroussherzogleche Palais wou e vun derGroussherzogin d'Medail vumMérite militaire an d'Grousskräiz vumEechelafuerden iwwerrecht krut, hat hien nach eng Entrevue mamPrënz Felix aPrënz Jang. Den Dag duerno war en an derChamber, huet eng Visite am Stadhaus zu Lëtzebuerg gemaach, eng Gerbe bei derGëlle Fra néiergeluecht, an ass duerno op denamerikanesche Kierfecht opHamm gefuer fir demGenerol Patton säi Graf ze besichen.[1]

Statu vum Winston-Churchill an der Stad Lëtzebuerg

Fir um Churchill seng Visite zu Lëtzebuerg z'erënnere gouf1973 an derStad d'Plaz tëschent dem boulevardJoseph II an dem boulevardGrande-Duchesse Charlotte déi virdunnplace Joseph II geheescht huet anplace Winston Churchill ëmbenannt. Do steet och engbronze Statu vun him déi vumOscar Nemon sculptéiert an den23. Oktober1973 ageweit gouf. Och zuSuessem an zuEsch-Uelzecht si Stroossen nom Churchill benannt.

Aus senge Rieden

[änneren |Quelltext änneren]
  • I have nothing to offer but blood, toil, tears and sweat. (Ech hunn näischt unzebidden wéi Blutt, Plo, Tréinen a Schweess.) - A senger éischter Ried als Premierminister den13. Mee1940.
  • FromStettin in the Baltic toTrieste in the Adriatic an iron curtain has descended across the Continent. (Vu Stettin op der Ostséi bis Triest op der Adria huet sech e Riddo aus Eisen iwwer de Kontinent néiergelooss.) - An enger Ried zuFulton amMissouri de5. Mäerz1946, déi de BegrëffRiddo aus Eisen weltbekannt gemaach huet. Virum Churchill war deen Ausdrock scho politesch gebraucht ginn: De25. Februar1945 vumJoseph Goebbels amLeitartikelDas Jahr 2000 vun der ZäitschrëftDas Reich op der Säit 1 an 2.

Gielercher

[änneren |Quelltext änneren]

Bicher

[änneren |Quelltext änneren]
  • The Story of the Malakand Field Force, Longmans Green, London, 1898.
  • The River War, Longmans Green, London, 1899 (2 Bänn).
  • Savrola, Longmans Green, New York, 1899, dem Chruchill säin eenzege Roman.
  • London to Ladysmith via Pretoria, Longmans Green, London, 1900.
  • Ian Hamilton's March, Longmans Green, London, 1900.
  • Mr. Brodrick's Army, Arthur L. Humphreys, London, 1903.
  • Lord Randolph Churchill, Macmillan, London, 1906 (2 Bänn).
  • For Free Trade, Arthur L. Humphreys, London, 1906.
  • My African Journey, Hodder & Stoughton, London, 1908.
  • Liberalism and the Social problem, Hodder & Stoughton, London, 1909.
  • The People's Rights, Hodder & Stoughton, London, 1910.
  • The Fighting Line, Macmillan, Juli 1916.
  • The World Crisis, Scribners, New York, 1923-31 (5 Bänn, 6 Deeler).
  • My early life: A roving commission, Thornton Butterworth, London, 1930.
  • India, Thornton Butterworth, London, 1931, Rieden iwwer Indien.
  • Thoughts and Adventures / Amid these Storms, Thornton Butterworth, London, 1932.
  • Marlborough: His life and times, George Harrap Ltd., London, 1933-38 (4 Bänn, 2550 Säiten).
  • Great Contemporaries, Thornton Butterworth, London, 1937, Essayen iwwer Viktorianesch Staatsmänner: Morley, Rosebery, Joseph Chamberlain, Balfour, Asquith; Personnage vum Éischte Weltkrich: Hindenburg, the Kaiser, Foch, Clemenceau, Lawrence; a Personalitéiten aus den 30er Joren: Hitler, Roosevelt, Alfonso XIII, George V.
  • Arms and the Covenant / While England slept, George Harrap Ltd., London, 1938, Rieden tëscht 1932 bis München.
  • Step by Step 1936-1939, Thornton Butterworth, London, 1939.
  • Into Battle / Blood, sweat and tears, Cassell, London, 1941.
  • The unrelenting struggle, Cassell, London, 1942.
  • The end of the beginning, Cassell, London, 1943.
  • Onward to victory, Cassell, London, 1944.
  • The dawn of liberation, Cassell, London, 1945.
  • Victory, Cassell, London, 1946, Déi lescht Krichsrieden.
  • War speeches 1940-1945, Cassell, London, 1946, Déi éischt Auswiel vu Krichsrieden.
  • Secret session speeches, Simon & Schuster, New York, 1946.
  • The Second World War, Houghton Mifflin Co., Boston, 1948-53 (6 Bänn, 5000 Säiten)

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Winston Churchill – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Thill, M., 2021.Unvergessener Jubel. Mit Winston Churchill hat vor 75 Jahren ein leidenschaftlicher Individualist, ein hochbegabter Schriftsteller und ein schlagfertige Redner Luxemburg besucht.Die Warte 23|2694 vum 15. Juli 2021, S. 2-3.
Autoritéitskontroll
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Winston_Churchill&oldid=2629689
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp