Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

William Henry Smyth

Vu Wikipedia
William Henry Smyth
Gebuer21. Januar1788
Westminster
Gestuerwen9. September1865
NationalitéitVereenegt Kinnekräich, Kinnekräich Groussbritannien
AktivitéitAstronom, Archeolog, Marinnoffizéier,Kartograph
AuteursrechterAuteursrechter sinn ofgelaf
FonctiounPresident vun der Royal Geographical Society
Member vunRoyal Society,American Academy of Arts and Sciences, Royal Geographical Society
GielercherFellow vun der Royal Society,Goldmedail vun der Royal Astronomical Society
Famill
Bestuet matEliza Anne Warington (1815–)
KannerHenrietta Grace Smyth, Warington Wilkinson Smyth,Charles Piazzi Smyth, Georgiana Rosetta Smyth
De Smyth bei der Observatioun vun de Stäre am «TRANSIT-Room» vu sengem Härenhaus

DeWilliam Henry Smyth, gebuer den21. Januar1788 zuWestminster,London, a gestuerwen den9. September1865, war Admirol vun derRoyal Navy an e britteschenAstronom.

Hie war den eenzege Jong vum Joseph Smyth, engem Amerikaner, an der Georgina Caroline Pitt Pilkington, dem Kandskand vum iresche Schrëftsteller Matthew Pilkington an der Laetitia Pilkington. Am Laf vumAmerikanesche Revolutiounskrich koum de Joseph an England, wou de William op d'Welt koum.

De William war de Papp vumCharles Piazzi Smyth, SirWarington Wilkinson Smyth a Generol SirHenry Augustus Smyth. Vu senge Meedercher bestit d'Henrietta Grace Smyth de Mathematikprofesser Baden Powell a war d'Mamm vumRobert Baden-Powell, wärend d'Georgiana Rosetta Smyth de SirWilliam Henry Flower bestuet huet.

De Smyth goung an d'Royal Navy a wärend den napoleonesche Kricher déngt hien umMëttelmier an erreecht de Rang vun engemAdmirol.1815 bestit hien d'Eliza Anne Warington, genannt "Annarella", eenzeg Duechter vum Thomas Warington, brittesche Vizekonsul zu Neapel. Si gouf seng Begleederin an Assistentin bei all senge spéidere wëssenschaftlechen Aarbechten. Wärend engem Optrag fir d'Bestëmmung vu schëffbare Waasserstroossen hat hien am Joer1817 den italieeneschen AstronomGiuseppe Piazzi zuPalermo getraff an uschléissend deem säin Observatoire besicht. Dëse Besuch huet an him den Interessi un derAstronomie erwächt an am Joer1825 huet hie säin Abschied vun der Marinn geholl.

Uschléissend huet hien en Observatoire zuBedford,England gegrënnt. Den Observatoire war mat engemTeleskop mat engerËffnungswäit vu 15 cm ausgerëscht. Domat huet hien iwwer zwee Joerzéngte villDeep Sky Objeten an den1830er Joren observéiert. Seng Observatiounen huet hien1844 ënner dem NummCycle of Celestial Objects publizéiert. Dat hat him1845 d'Goldmedail vun der Royal Astronomical Society abruecht an zougläich hir Presidenteplaz.

Den éischte Band vu senger Aarbecht war generell iwwer Astronomie, säin zweete Band gouf bekannt alsBedford Catalogue, dora stoungen 1604 Observatioune vunDuebelstären an Niwwelen. De Katalog déngt als Standardwierk fir déi follgend Joer. Keng Observatioun virun him hat ee sou ausféierleche Katalog vu schwaachen Objeten opgestallt.

1826 gouf hien zumFellow vun derRoyal Society gewielt a war hire Vize-President vun18361837,18461847 a vun18561857.

Nodeem hie seng Observatiounen ofgeschloss hat, goung de Smyth1839 zuCardiff an d'Pensioun. Säin Observatoire gouf ofgerappt a säin Teleskop gouf un denJohn Lee verkaf an an engem neien Observatoire beimHartwell House ënnerbruecht. De Smyth hat awer ëmmer nach d'Geleeëenheet den Teleskop ze benotzen, well säin Haus net wäit vun der neier Standplaz vum Teleskop ewech war. Dat huet hien och nach an de Joren1839 bis1859 ausgenotzt fir weider astronomesch Observatiounen ze maachen. Den Teleskop steet haut am Science Museum zuLondon.

De Smyth krut Ufank September1865 enHäerzinfarkt. No kuerzer Erhuelung hat hien dann den 8. September sengem Enkelkand, demArthur Smyth Flower, de PlanéitJupiter duerch enTeleskop gewisen. Mueres, den 9. September ass de Smyth am Alter vun 78 Joer gestuerwen. Hie gouf umKierfecht vuStone amBuckinghamshire no beiAylesbury begruewen.

Um Äerdmound gouf d'MoundmierMare Smythii no him genannt.

Wierker

[änneren |Quelltext änneren]

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: William Henry Smyth – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=William_Henry_Smyth&oldid=2618944
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp