Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Wikipedia:Vandalismus

Vu Wikipedia

Ëmmer nees kënnt et vir, datt Benotzer Artikele bewosst zerstéieren oder schiedegen. Dofir gëtt et vill Ursaachen. All Wikipedianer kann dobäi hëllefen, Vandalismus ze verhënneren a réckgängeg ze maachen. Dës Säit erkläert Iech, wéi dat geet.

Wat ass Vandalismus?

[Quelltext änneren]
Besonnesch an der Mëttesstonn ginn d'Wikipedianer zesummen op Vandalejuegd.

Vandalismus ass déi geziilt Zerstéierung oder Schiedegung vun Artikelen. Dorënner fält:

  • de kompletten Inhalt vun engem Artikel läschen (Beispill)
  • eenzel Abschnitter ouni Begrënnung aus engem Artikel läschen (Beispill)
  • komplette Kabes an en Artikel schreiwen („Ficken Ficken Ficken“, „Du bass blöd“ asw.,Beispill)
  • express falsch Informatiounen uginn (Beispill)

Vu Vandalismus strikt ze ënnerscheeden – a wgl. am Interessi vum Fridden och ni als sollechen ze bezeechnen – sinn Ännerunge mat guddem Wëllen, bei deenen eppes schif gaangen ass, well de Benotzer nach nei ass an him d'Erfarung op der Wikipedia feelt. Och gutt gemengte Bäiträg vu Benotzer, déi net verstanen hunn, datt d'Wikipedia eng Enzyklopedie ass, si kee Vandalismus (Beispill). Dofir ass et net vu Muttwëll sech unzekucken, wat de Benotzer soss nach op der Wikipedia gemaach huet; a sou mierkt ee séier op et e Vandal ass oder net. Richteg Vandale fale souwisou séier op. Am anere Fall geet et duer, de Benotzer frëndlech drop hinzeweisen, wat e falsch gemaach huet, an him Bescheed ze soen, wéi een et besser ka maachen.

SougenanntenEdit-Wars – also „Ännerungskricher“, bei deenen zwee oder méi Benotzer hir Ännerunge géigesäiteg réckgängeg maachen oder iwwerschreiwen – déi wéinst sachlechen Differenze gefouert ginn, sinn och kee Vandalismus.

Wat maachen, wann e Vandal amgaangen ass?

[Quelltext änneren]

Dir hutt e Vandal entdeckt? Keng Panik!

  • Maacht seng Ännerunge réckgängeg. Wéi dat geet, gëtt opHëllef:Zerécksetzen erkläert. Passt dobäi op, och vireg Ännerungen ze préiwen, a setzt den Artikel op déi lescht akzeptabel Versioun zeréck.
  • Iwwerpréift d'Bäiträg vum Benotzer resp. der IP. Vill Vandalen änneren net nëmmen een, mee gläich e ganze Batz Artikelen. Klickt dofir amHistorique op de Link „Kontributiounen“ hannert dem Benotzernumm resp. op d'IP-Adress selwer. Doduerch kritt Dir all Bäiträg ugewisen, déi de Benotzer oder d'IP a leschter Zäit gemaach huet, an dacks stéisst ee sou op e weidere Fall vu Vandalismus.
  • Schwätzt de Vandal frëndlech awer bestëmmt un, datt hien esou Aktiounen ënnerloosse soll. Dofir kënnt Dir de Bausteen
Merci, datt Dir op derWikipedia experimentéiert hutt. Ären Test huet geklappt an e gouf verbessert, zeréckgesat oder geläscht. Wgl. benotzt d'Sandkaul fir all weider Tester an Experimenter. Kuckt Iech och eisBegréissungssäit un, wann Dir méi wëllt gewuer ginn, wéi een hei matschaffe kann.

benotzen, bei méi schwéiere Fäll eventuell och ee vun deenen anere Bausteng:

AntippenResultat
{{subst:Test}} --~~~~
Merci, datt Dir op derWikipedia experimentéiert hutt. Ären Test huet geklappt an e gouf verbessert, zeréckgesat oder geläscht. Wgl. benotzt d'Sandkaul fir all weider Tester an Experimenter. Kuckt Iech och eisBegréissungssäit un, wann Dir méi wëllt gewuer ginn, wéi een hei matschaffe kann.
{{subst:Test2}} --~~~~
Haalt wgl. op, Topegkeeten op d'Wikipedia ze schreiwen oder soss aner topeg Aktiounen ze maachen. Dat gëtt alsVandalismus ugesinn. Wann Dir Saachen ausprobéiere wëllt, da maacht dat wgl. an derSandkaul.
{{subst:Test3}} --~~~~
Stopp!Wann Dir Iech weiderhin alsVandal op der Wikipedia bemierkbar maacht, riskéiert Dir, datt Äre Kont gespaart gëtt.
{{subst:Test4}} --~~~~
Stopp! Dëst ass Ärlescht Warnung. Déi nächst Kéier, wou Dir duerchVandalismus opfaalt, gëtt Äre Kontgespaart.
{{subst:Test5}} --~~~~
Äre Kont gouf temporär gespaart an Dir kënnt näischt op der Wikipedia änneren. Inhalt vu Säiten ouni Grond läschen, pejorativ Bemierkungen iwwer aner Benotzer, muttwëllege Kabes an d'Artikele schreiwen a falsch Informatiounen uginn, gëtt alsVandalismus ugesinn an net toleréiert. Wann Dir intresséiert sidd, seriö hei matzeschaffen, da kënnt Dir dat nees probéieren, nodeems Är Spär ofgelaf ass.
{{subst:Test6}} --~~~~
Äre Kont gouf wéinst widderhueltemVandalismus gespaart. Wann dës Spär sollt auslafen, haalt op, muttwëlleg Artikelen ze zerstéieren, oder Dir musst mat laange Spären an anere Schrëtter rechnen.
{{subst:Vandalespär}} --~~~~
Well Dir Äre Kont nëmme firVandalismus benotzt, gouf dësen ouni Aschränkung gespaart. Haalt wgl. op muttwëlleg Artikelen ze zerstéieren oder Dir musst mat anere Schrëtter rechnen.
  • Bei schwéiere Fäll, déi sech net ginn, frot enAdministrateur fir den Artikel an/oder de Vandal zespären.
  • Administrateure kënnen och ganz IP-Adressberäicher spären. Dofir musst Dir bei der IP-Adress eng Nummerb bäisetzen, déi ugëtt, wéi vill vun den héchstwäertege Bits vun der Adress festgeluecht solle ginn. De gültege Beräich ass: 16<=b<=31. Eng Spär vun „1.2.3.4/24“ späert z. B. all IP-Adresse vun 1.2.3.0 bis 1.2.3.255. Mat sou grousse Spären soll een awer ganz virsiichteg sinn, well d'Gefor grouss ass, datt een aner Benotzer, déi näischt mam Vandalismus ze dinn hunn, mat späert. (Kuckt och:mw:Help:Range blocks.)

Vandalismus geziilt erkennen a bekämpfen

[Quelltext änneren]
Geschierkëscht vu MediaWiki
  • D'rezent Ännerunge sinn eng Méiglechkeet vu MediaWiki, fir Vandalismus ze entdecken. Do soll ee besonnesch opIPen a Benotzer mat rouden, eidele Benotzersäiten oppassen.
IRC
  • DeWikimedia-IRC-Server weist déi lescht Ännerunge fortlafend unn. Do gesäit een och, wéi vill Bytes derbäikoumen oder ewechgeholl goufen - nëtzlech, fir d'Läsche vu kompletten Artikelen z'erkennen.
Speziell Programmer
  • Vandal Fighter ass enOpen-Source-Programm, deen d'rezent Ännerungen (RC) iwwerwaacht a verschidden Hëllefsmëttel zur Verfügung stellt. De Bot schafft op alle Sprooche vun der Wikipedia, verschidde Features sinn awer nëmme fir déienglesch Wikipedia verfügbar (kuckt denChangelog).
  • DenIRC Bot "computer2" ass en Open-Source-Skript firmIRC, deen d'RC iwwerraacht, a verdächteg Ännerunge markéiert. D'komplett Kommandolëscht ass op all Kanal verfügbar, op deem de Bot ageloggt ass; einfach "computer help" am Channel soen. Ausserdem gëtt et nach denengleschen CVU.
  • Lupin's Anti-Vandal Tool iwwerwaacht d'RC an iwwerpréift s'op gängeg Vandalismen.
  • De Java-ProgrammRcbirds analyséiert déi lescht Ännerungen.
Aner Geschierer
  • D'Websäithttp://apper.de/wiki/ gëtt vu ville Wikipedianer fir d'kollaborativ Kontroll vun den anonymen Ännerunge genotzt. Ännerungen, déi schonn iwwerpréift goufen, ginn aus der Lëscht erausgeholl, sou datt eng onnéideg Duebelaarbecht verhënnert gëtt. IPen, déi fir Vandalismus verdächteg sinn, gi markéiert. Weider Informatioune fannt Dir ënnerIP-Patrol.

Kuckt och

[Quelltext änneren]
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Wikipedia:Vandalismus&oldid=2651722
Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp