Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Wikipedia:Typographie

Vu Wikipedia

Dëse klenge Guide soll iech en Iwwerbléck iwwer déi gängeg Typographie-Konventioune ginn. Dëst virun allem mam Zil, datt mer op Wikipedia en eenheetleche System hunn. Natierlech sidd dir net gezwongen, iech dodrunner ze halen, mee wonnert iech och net, wann een anere Wikipedianer är Prosa ëmännert.

Fettgedréckt schreiwen

[Quelltext änneren]
  • Wann den Artikelsujet fir d'éischt ernimmt gëtt, schreiwe mer efett.
  • Och alternativ Lemmaen, déi duerch Viruleedungen op den Artikel verlinkt sinn, gi fett geschriwwen.
  • Wann een am weidere Verlaf vum Artikel nach eppes ervirhiewe wëll, sou soll datkursiv gemaach ginn.

Italic

[Quelltext änneren]
  • Italic oderkursiv soll obligatoresch all Titel geschriwwe ginn, op dëst elo e Buch, e Film oder en Theaterstéck ass.
  • Ausserdem gëtt Italic benotzt, fir Friemwierder ze schreiwen, déi an eist laténgescht Alphabet ëmgeschriwwe goufen.
  • Italic benotze mer och, wa mer eng auslännesch Expressioun benotzen
    • a priori
    • säiLeitmotiv

Ofkierzungen

[Quelltext änneren]

Fir datt den Artikel méi lieserlech bleift, sollte just déi gängegst Alldaagsausdréck ofgekierzt ginn (Saache wéiz. B. amplaz vunzum Beispill).

Hei eng kleng Lëscht mat Ofkierzungen, bei deenen dacks Feeler gemaach ginn:

  • asw.: Hanner asw. soll een ëmmer e Punkt maachen, a wa méiglech soll denasw. och hanner engem Komma stoen. (...Äppel, Biren, asw.)

Bibliographie

[Quelltext änneren]

An ärer Bibliographie, gitt wgl. d'Bicher oder d'Artikele follgendermoossen un (ouni d'Faarwen, déi et hei erlaben, déi entspriechend Deeler z'erkennen):

Fir e Buch
Virnumm Numm,Titel. Ënnertitel,Verlag, Stad Joer, Säitenzuel
Z. B.:Jos Massard & Gaby Geimer,Initiation à l’écologie. Principes généraux de l’écologie et notions sur le milieu naturel luxembourgeois ainsi que sur les problèmes de l’environnement au Grand-Duché de Luxembourg,Educatiounsmnistère, Lëtzebuerg 1993, S. 297
Fir en Artikel an enger Serie
Virnumm Numm,Titel vum Artikel,Titel vun der Serie, Band/Nr., Joer, Säitenzuel (evtl. Link am Fall wou den Artikel online ass)
Z. B.:Jos Massard & Gaby Geimer,Luxemburg und der Darwinismus, ein historischer Rückblick,Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, Band 110, 2009, S. 7-41.[1]
Fir en Artikel an enger Monographie (Buch)
Virnumm Numm,Titel vum Artikel,In: Virnumm Numm,Titel vum Haaptwierk, Verlag, Stad Joer, Säitenzuel
Z. B.:Jos Massard & Gaby Geimer,Chronologie: Regards sur l’histoire du Musée national d’histoire naturelle. Überblick über die Geschichte des Nationalmuseums für Naturgeschichte,In: S. Philippo (réd.),150 Joer Musée national d’histoire naturelle du Luxembourg, Lëtzebuerg 2004, S. 6-89.

Kuckt och

[Quelltext änneren]
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Wikipedia:Typographie&oldid=2594542
Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp