Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Wikipedia:Kontakt

Vu Wikipedia

Dës Säit erkläert Iech, wéi Dir d'Wikipedia an d'Mënschen déi hei schaffe kontaktéiere kënnt. Well de Projet immens oppen ass, gëtt et meeschtens kee fixen Uspriechpartner. Hanner all dëse Méiglechkeete stinn ausschliisslechfräiwëlleg Mataarbechter.

Rondrëm d'Artikelen

Vill Froe goufe scho gestallt an an derFAQ beäntwert.

Froen op der Wikipedia selwer
  • Déi meescht Wikipedianer luussen e puermol am Dag an deStamminee wou mer iwwer allgemeng Saachen am Zesummenkank mat der Wikipedia poteren, a probéiere Konflikter zesummen ze léisen.
  • Bei spezifesche Froe kann ee se ochop eiser Froesäit stellen, wou déi aner Wikipedianer engem hëllefe kënnen.
  • Wann et mat der Sprooch happert, an engem dat eent oder anert Wuert op der Zong läit, asseise klengen Dictionnaire eng Hëllef.
Ufroen un de Bedreiwer

Wikipedia gëtt vun derWikimedia Foundation bedriwwen, déi hire Sëtz a Kalifornien, USA huet. Si kann ënner follgender Adress erreecht ginn:
Wikimedia Foundation, Inc.

   1 Montgomery Street   Suite 1600   San Francisco, California 94104   United States of America   Phone: +1-415-839-6885   Fax: +1-415-882-0495   Email: info@wikimedia.org
Press

Journalisten, déi sech fir Wikipedia interesséieren, solle sech un deBürokrat vun der lëtzebuergescher Wikipedia wennen. Dëst ass deRobby. WeiderAdministrateure kënnen Iech awer och weiderhëllefen.

Eenzel Auteuren uschwätzen

All Benotzer deen ugemellt ass, huet op der Wikipedia eng Diskussiounssäit, wou een him Noriichten hannerloosse kann. Wann de Benotzer eng E-Mail-Adress uginn huet, kann een him selbstverständlech och eng E-Mail schécken.

Technesch Problemer

Wéi ee Feeler an der Software melle kann, gëtt opPhabricator erkläert. Et lount sech natierlech, virdru bei den anere Wikipedianer nozefroen, op e Problem bekannt ass an op vläicht deen een oder aneren de selwechte Problem bei sech doheem huet. Schwéier technesch Problemer kënnen op Englesch och ënnernoc@wikimedia.org gemellt ginn. Support-Ufroe ginn hei allerdéngs net beäntwert.

Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Wikipedia:Kontakt&oldid=2635692
Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp