NomWiki-Prinzip an der adaptéierter SoftwareMediaWiki. Am Ament(Stand: September 2025) schaffen eng 100 Leit bei der lëtzebuergescher Wikipedia mat, bei der englescher sinn et der eppes manner wéi 110.000.
Jidderee kann en Artikel schreiwen oder änneren. D'Auteure kënne sech eKont mat eegenem Benotzernumm opmaachen, mä dat ass net obligatoresch. Registréiert Auteuren hunn eng eege Säit an extra Funktiounen zur Verfügung, zum Beispill de Suivi vun hiren Artikelen. Eigentlech sinn déi meescht Auteure registréiert.
Wéi kann ech sécher sinn, datt d'Informatiounen eppes daachen?
Déi Fro kéint ee sech eigentlech zu all Moment stellen, ob mir elo Radio lauschteren, Fernsee kucken oder eben en Artikel op Wikipedia liesen. Den Ënnerscheed bei Wikipedia ass, datt wann Dir op eppes stousst, wat Ärer Meenung no falsch ass, da kënnt Dir et direkt ännere goen. En Artikel ass dacks d'Aarbecht vun Honnerte vun Hänn, déi e getippt hunn a probéiert hunn eng gutt Aarbecht ze leeschten.
Dat ass eng gutt Fro. Bis am Summer 2003 huet denw:Jimbo Wales, oder éischter seng FirmaBomis, d'Wikipedia kommanditéiert, dat heescht d'Serveren zur Verfügung gestallt an déi fälleg Rechnunge bezuelt. Den Jimbo gëtt och nach "benevolent dictator" genannt.
Zur Zäit gehéieren d'Serveren derWikimedia Fondatioun, déi 2003 gegrënnt gouf. Bomis stellt nach ëmmer d'Internetverbindung zur Verfügung.
D'Artikele ginn ënnert derGFDL publizéiert, sinn alsofräi a gehéieren der Fondatioun net.
D'Wikipedia gehéiert eigentlech kengem oder eis alleguer zesummen, a virun Allem jidder Eenzelen.
Benotze vum Inhalt vu Wikipedia
D'Zil vu Wikipedia ass et, eng Informatiounsquell ze schafen a Form vun enger Enzyklopedie, déi jidderengem gratis zur Verfügung steet. De Contenu ka kopéiert, verännert a weiderverbreet ginn, mä all nei Versioun steet obligatoresch ënner der selwechter Lizenz amuss Wikipedia als Source uginn.
An deem Sënn stinn d'Artikelen op Wikipedia ënner derGNU Free Documentation License an derCreative Commons-LizenzNummnennung - Weidergab ënnert de selwechte Bedingungen 4.0, déi d'Fräiheet vum Contenu garantéieren. Haaptsächlech:
De Contenu vu Wikipedia ass fräi.
Jiddereen huet d'Recht ze kopéieren.
Jiddereen huet d'Recht ze änneren, hei oder anzwousch anescht.
Wikipedia muss als Source genannt ginn.
All Kopie oder Ännerung ënnerläit de selwechte Konditiounen.
Wikipedia benotzt eng Freeware ënnert der GPL Lizenz,MediaWiki genannt, déi ophttps://www.mediawiki.org/ disponibel ass. De Site leeft am Ament op Linux-Servere mat Apache, PHP, MySQL an Squid.
D'Maintenance vun de Serveren an den Developpement vun der Applikatioun gëtt vu fräiwëllege Usere matDeveloper-Status gemaach.
Wien dirigéiert Wikipedia?
Keen dirigéiert Wikipedia, mä verschidde Benotzer hu speziell Funktiounen, dat sinn d'Administrateuren. Si kënne Säite läschen a blockéieren an och en anere Benotzer spären. Administrateure ginn normalerweis duerch allgemengen Accord gewielt, wann d'Noutwennegkeet besteet.
D'Bürokrate si lokal Administrateuren, déi engem anere Benotzer Administrateur-Rechter kënne ginn.D'Stewards kënnen de Status vun all Benotzer um ganze Wikimedia-Projet änneren.
Dësen administrative Status huet keng weider Konsequenzen op de concernéierte Leit hir Aarbecht als Auteur.
Wat ass den Intressi fir matzemaachen?
Léieren a weider matdeelen.
Funktionéiert et?
Ganz gutt esouguer! Mir hu schonn eng ganz Rëtsch Artikelen opweises an et ginn der ëmmer méi (kuckt heizou och d'Statistik).
Wikipedia ass déi meeschtbesicht enzyklopedesch Websäit vun der Welt an och de gréisste Wiki. D'Zuel vun Artikelen an enger anerer Sprooch wéi Englesch huet déi englesch Wikipedia ewell iwwerholl.
Sinn all Wikipediaen um selwechte Server?
Jo an nee. Bis de Summer 2002 war nëmmen déi englesch Wikipedia an derphase 3 (drëtt Versioun vun der Software) an déi aner Wikipediae waren op engem anere Serveren. D'Wikipediaen, déi an d'drëtt Phas komm sinn, goufen am Hierscht 2002 lues a lues beienee gefouert.
Am Fréijoer 2003 koum en zweete Server fir z'ënnerstëtze bäi an déi englesch Wikipedia war op en Neist vun deenen anere getrennt.
Am Hierscht 2003 sinn duerch en immensen Trafic d'Käschten enorm an d'Luucht gaangen an et ginnDonatiounen ugeholl.
Den 13. Februar 2004 sinn 9 nei Servere bäikomm. Si stinn all der Wikipedia zur Verfügung.