Éischt Reegel: Vergewëssert Iech, datt Äre Message och déi ganz Communautéit interesséiert. Wann dëst net de Fall ass, da benotzt wgl. demArtikel seng respektivDiskussiounssäit.
Zweet Reegel: All Feelermeldung gehéiertheihin, mat Datum.
Drëtt Reegel: Hiweiser op Annoncen an der geschriwwener Press gehéierenheihin.
Wann de Server eemol lues sollt sinn, gitt fir d'alleréischtheihi luussen.
Fir datt de Stamminee propper bleift, muss jidderee mathëllefen. Dofir biede mir Iech:
Setzt d'Saachen an d'Archiv soubal d'Diskussioun ofgeschloss ass.
Réckelt Diskussiounen, déi net heihi gehéieren, op déi jeeweils richteg Plaz.
Kuckt och
Wikipedia:Technesche Krom fir Sujeten, déi vu méi technescher Natur sinn, wéi se et gemengerhand hei um Stamminee sinn.
Wikipedia:Global Annoncen fir global Annoncen a Messagen, déi automatesch op deene verschiddene Wikien – dorënner och d'Wikipedia op Lëtzebuergesch – verbreet ginn.
Archiven
Hei kënnt Dir d'Archive vum Stamminee duerchsichen. Villäicht fannt Dir och an den Archiven eng Äntwert op Är Froen.
wéi et sech am Verlaf vun derModul Diskussioun:Biographie/RemoveDuplicates erausgestallt huet, wier et menger Meenung no nëtzlech a sënnvoll, eng eegen, gréisser gefaasten, Diskussiounssäit (wéi de Staminnee) ze hu fir all Saachen, déi mat 'techneschen' Aspekter, Froen an Explikatiounen dozou ze dinn hunn, do noliesen an archivéieren ze kënnen. Well déi eenzel Diskussiounssäite (wéi déi uewen ugeschwaten) sinn herno kaum erëmzefannen. An d'Thematik ass jo allgemeng nëtzlech, net just zu enger Säit. Hei um Stamminee passen se mMn (och wann et alt faute de mieux gemaach gof) net esou hin.
Domat géife mer eis dann ënnerwikidata:Q4582194 areien, wou et „Wikipedia:Technik/Werkstatt“, „Wikipédia:Questions techniques“ a „Wikipedia:Village pump (technical)“ gëtt; oder wéi an enger Rei däitschen Dialekten einfach: „Wikipedia:Technik“.
Ech géif mer wënschen, datt een op sou enger Säit Froe stelle kann – iwwer dat Bestoend, a wéi et funktionéiert; awer ochUfroe fir nei technesch Funktionalitéiten – an och allgemeng Diskussiounen zu techneschen Ugeleeënheete féiere kann.
Dohier gefale mir d'Nimm, déi di jeeweileg Stammineessäit am Sënn vunwikidata:Q16503 mat „Technik“ kombinéieren, am beschten. (Déi däitsch Versioun wierkt a mengen Aen ze vill wéi en Atelier fir Fachleit; déi franséisch Versioun klengt ze vill, wéi wann et just ëm Froe vu Laien u Fachleit géing; a „Wikipedia:Technik“ ass einfach ze vag, dat kéint genau sou gutt eng Dokumentatiounssäit wéi eng Diskussiounssäit sinn.)
Ech géif et gutt fannen, wa mer op der lbwiki och eng Säit hätten, déi een op seng Iwwerwaachungslëscht setze kéint fir kengTech News méi ze verpassen. Déi kéinte mer eis op dës nei „Technik-Säit“ schécke loossen, mee dann hätte mer dee selwechte Probleem vum Erstécke vun Diskussiounen duerch Noriichten, dohier proposéieren echnach eng nei Säit unzeleeën,Wikipedia:Tech News, déi een dann opm:Global message delivery/Targets/Tech ambassadors androe kann, fir datt d'Tech News all Woch dohinner gepost ginn.
Op der Meta-Wiki-Säit vun den Tech News steetadd community pages for talk page delivery (with consensus). Deeconsensus probéieren ech hei anzehuelen. --Volvox (Diskussioun)17:00, 14. Mäe. 2025 (UTC)[äntweren]
Ech proposéiere fir eng nei Säit opzemaachen, wou extern Messagen, déi op alle „Stammineeë“ vun Wikipediaen an anere Wikiprojete gepost ginn, hikomme sollen. De Stamminee ass do, fir datt Benotzer, déi op der lbwiki aktiv sinn, mateneen diskutéiere kënnen. A mengen Ae sollt et kee „Schwaarzt Briet“ fir extern Messagë sinn, déi iwwer Masseverdeelungslëschten op alle Wikiprojete gepost ginn. Doduerch ginn nämlech richteg Diskussioune gären tëschen lauter (oft friemsproochegen)Announcements ënner.
Salut, ass „Technesche Krom“ wierklech als Virschlag fir d'Säit mat den Annoncen geduecht (ëm déi et an dësem Abschnitt geet)? Oder éischter fir d'Säit mat den techneschen Diskussiounen/Froen aus dem Abschnitt virdrun)? --Volvox (Diskussioun)20:37, 13. Mäe. 2025 (UTC)[äntweren]
Universal Code of Conduct annual review: proposed changes are available for comment
Apologies as this message is not in your language, Hëlleft wgl. fir op Är Sprooch z'iwwersetzen.
TheLanguage and Product Localization team has improved theContent Translation dashboard to create a consistent experience for all contributors using mobile and desktop devices. The improved translation dashboard allows all logged-in users of the tool to enjoy a consistent experience regardless of their type of device.
With a harmonized experience, logged-in desktop users now have access to the capabilities shown in the image below.
Notice that in this screenshot, the new dashboard allows: Users to adjust suggestions with the "For you" and "...More" buttons to select general topics or community-created collections (like the example of Climate topic). Also, users can use translation to create new articles (as before) and expand existing articles section by section. You can see how suggestions are provided in the new dashboard in two groups ("Create new pages" and "Expand with new sections")-one for each activity.In the current dashboard, you will notice that you can't adjust suggestions to select topics or community-created collections. Also, you can't expand on existing articles by translating new sections.
We will implementthis improvement on your wikion Monday, March 17th, 2025 and remove the current dashboardby May 2025.Please reach out with any questions concerning the dashboard in this thread.
Thank you!
On behalf of the Language and Product Localization team.
D'Wikimedia Foundation wäert den Dateverkéier tëscht hiren Data-Centeren ëmschalten. Dat soll garantéieren, datt Wikipedia an aner Wikimedia-Wikien och no enger Katastroph erreechbar bleiwen.
De gesamten Datentransfert gëtt de(n)19. Mäerz 2025 op den éischte Rechenzenter zréck dirigéiert. Den Test fänkt un ëm14:00 UTC.
Leider kënnen, bedéngt duerch verschidde Limitatioune vuMediaWiki, keng Ännerunge vu Säite wärend deem Changement gemaach ginn. Mir entschëllegen eis fir déi Ënnerbriechung a mir schaffen doru fir dat an Zukunft op e Minimum ze reduzéieren.
Op alle Wikie gëtt 30 Minutten, ier et lass geet, e Banner ugewisen. Dëse Banner ass bis zum Schluss vum Virgang ze gesinn.
Wärend enger kuerzer Zäit kënnt Dir all Wikie just liesen, awer näischt änneren.
Dir kënnt e(n) 19. Mäerz 2025 wärend maximal enger Stonn keng Ännerunge maachen.
Wann Dir da probéiert eppes z'änneren, da kritt Dir e Feelermessage gewisen. Mir hoffen, datt wärend deene Minutte keng Ännerunge verluer ginn, awer mir kënnen dat net garantéieren. Wann Dir e Feelermessage gewise kritt, da waart wgl., bis alles nees normal funktionéiert. Da misst et méiglech si fir Är Ännerung ze späicheren. Fir sécher ze goen, rode mir Iech fir d'éischt eng Kopie vun Ären Ännerungen ze maachen, just fir de Fall wou.
Aner Auswierkungen:
Programmer, déi am Hannergrond lafen, si méi lues a gi méiglecherweis guer net ausgefouert. Rout Linke ginn eventuell net esou séier wéi üblech aktualiséiert. Wann Dir en neien Artikel uleet, dee schonn iergendwou verlinkt ass, da bleift de Link méi laang rout wéi üblech. Verschidde Skripten, déi laang lafen, musse gestoppt ginn.
Mir rechnen domat, datt d'Codebereetstellung wéi all aner Woch och oflafe wäert. Allerdéngs kann et vu Fall zu Fall zu engem Code-Freeze kommen, falls de Virgang dat erfuerdert.
GitLab wäert fir ronn 90 Minutten net verfügbar sinn.
Wikipedia:Tech News (op eegen Initiativ) fir d'meta:Tech/News vu Meta-Wiki kënnen op d'Iwwerwaachungslëscht ze setzen, sou datt e se all Woch liese kann, ouni datt jiddwer Interesséierte se sech eenzel als Newsletter schécke loosse muss oder seng Benotzerdiskussiounssäit domat zoukleistere loosse muss.
Wikipedia:Global Annoncen (op eegen Initiativ) fir datt déi global extern Annoncen op eng eege Säit geleet ginn, an net méi op deStamminee, wou sech déi automatesch Messagen an Annoncë mat „richtegen“ Dikussiounen tëscht lbwiki-Benotzer vermëschen. Dës Säit ass ënnermeta:Distribution list/Global message delivery a gedroen.
Déi nei Säite solle vun iergenwoushier ze fanne sinn. Ech géif emol op der Communautéitssäit Linke setzen. Beim Haaptmenu fannen ech et liicht ze spezifescht (an et géif deen nach méi iwwerfrachten). --
Get a sneak peak and help shape theVisual Editor user designs
Help us test the new design prototypes by participating in user sessions –sign up here to receive an invite. We're especially hoping to speak with people from underrepresented and diverse groups. If that's you, please consider signing up! No prior or extensive editing experience is required. User sessions will startMay 14th.
We plan to bring this feature to Wikimedia wikis later this year. We’ll reach out to wikis for piloting in time for deployments. Creators and maintainers of reference-related tools and templates will be contacted beforehand as well.
Thank you very much for your support and encouragement so far in helping bring this feature to life!
Hi all! We have good news to share regarding the ongoing problem with graphs and charts affecting all wikis that use them.
As you probably know, theold Graph extension was disabled in 2023due to security reasons. We’ve worked in these two years to find a solution that could replace the old extension, and provide a safer and better solution to users who wanted to showcase graphs and charts in their articles. We therefore developed theCharts extension, which will be replacing the old Graph extension and potentially also theEasyTimeline extension.
After successfully deploying the extension on Italian, Swedish, and Hebrew Wikipedia, as well as on MediaWiki.org, as part of a pilot phase, we are now happy to announce that we are moving forward with the next phase of deployment, which will also include your wiki.
The deployment will happen in batches, and will start fromMay 6. Please, consultour page on MediaWiki.org to discover when the new Charts extension will be deployed on your wiki. You can alsoconsult the documentation about the extension on MediaWiki.org.
If you have questions, need clarifications, or just want to express your opinion about it, please refer to theproject’s talk page on Mediawiki.org, or ping me directly under this thread. If you encounter issues using Charts once it gets enabled on your wiki, please report it on thetalk page or atPhabricator.
Vielen Dank für den Hinweis! Über eine AdminCon in Mersch würde ich mich sehr freuen. Meine Teilnahme wäre – sofern keine höhere Gewalt im Spiel ist – gewiss. --Volvox (Diskussioun)21:16, 12. Mee 2025 (UTC)[äntweren]
Ich bin ebenfalls an einer Teilnahme interessiert. Ich hätte auch Interessr daran, am Rahmenprogrsmm mitzumachen (z.B. Wissenswertes über Luxemburg und die Lux. Wikipedia vermitteln). Kann aber erst näher am Datum verbindliche Zusagen machen, wenn Ort und Zeit bestätigt sind. Beste Grü3e, --Zinneke (Diskussioun)11:40, 13. Mee 2025 (UTC)[äntweren]
Prima! Schon jetzt vielen Dank für eure Bereitschaft! Wir werden auch 1-2 Personen für das Organisationsteam brauchen (ist wenig Arbeit). Ich gebe euch hier in einigen Wochen Bescheid, wenn es neue Informationen gibt. Am besten beobachtet ihr auchde:Wikipedia:AdminConvention 2026 (zur Zeit noch im Entwurfsraum vonLantus, dem Initiator). Léif Gréisst —MBq (Diskussioun)12:38, 13. Mee 2025 (UTC)[äntweren]
Ich bin auch mit dabei und habe dann auch im Lauf der letzten Woche Kontakt mit Lantus aufgenommen, den ich von meiner Teilnahme an der WikiCon der deutschsprachigen Wikipedianern kenne. Sobald der Ort endgültig festgelegt ist bin ich darin interessiert bei der Vorbereitung und der Durchführung der WikiCon behilflich zu sein.Robby (Diskussioun)12:56, 17. Mee 2025 (UTC)[äntweren]
Gudden Owend, ech wollt meng Kandidatur stelle fir Interface-Administrateur (interface-admin) ze ginn (cf.Spezial:Lëscht vun de Grupperechter).
Meng Motivatioun ass déi follgend:
Mam Benotzerrechteditsitejs kann een am MediaWiki-Nummraum .js-Säiten uleeën an änneren. Domat wéilt ech nei Gadgeten iwwer deMenüpunkt „Gadgeten“ vun de Benotzerastellungen disponibel maachen. Momentan hu mer do just eisenHotCat.
Mam Benotzerrechteditsitecss kann een am MediaWiki-Nummraum .css-Säiten uleeën an änneren. Domat wéilt ech an éischter Linn opMediaWiki:Common.css d'„Eegen Upassunge fir lb.wiki“ upassen, fir datt déi Faarwen amdark mode („däischtere Modus“?) och anstänneg ausgesinn.
Ech hunn elo erausfonnt, datt etlb.wikiquote net méi gëtt. Bon, ech hu zwar schonn ugefaangen, déi eenzel Schablounen {{Wikiquote}} aus de Säiten erauszehuelen… wollt awer elo mol froen ob ech domat soll virufueren, oder ob eventuell awer eppes dogéint schwätzt? (12 geläscht; 21 bleiwen der nach)GilPe (Diskussioun)15:23, 18. Jun. 2025 (UTC)[äntweren]
Salut alleguer, zesumme mam @Soued031 hunn ech mech amüséiert e bëssen iwwer d'Haaptsäit ze goen.
Mir hunn:
D'Begréissungsbox um Ufank nei designt, vereinfacht an de Saz geännert.
D'Portaler aus der Begréissungsbox erausgeholl an an d'Matmaachbox drënner gesat.
Ausserdeem hu mer d'Portaler erausgeholl, déi kaum Inhalt hunn (an Astronomie derbäigesat).
D'Rubrik „Wousst Dir schonn“ ass lo uewen an den Artikel vun der Woch ënnen.
D'Iwwerschrëfte vun de Boxe si losans serif.
Ganz extra: Wann d'Schiermgréisst ze kleng ass, ginn déi zwou Kolonnen net méi niefteneen ugewisen, mee noeneen. Dat funktionéiert souwuel um Computer wéi op mobile Geräter (shoutout toSoued031).
Mir géifen eis iwwer Feedback freeën, d. h. souwuel Meenungen zu eisen Ännerunge wéi och Virschléi, wat een anescht oder zousätzlech maache kéint. A wann d'Communautéit gefale fanne sollt, kann een déi Ännerungsvirschléi jo ganz oder deelweis op derHaaptsäit ëmsetzen.
Eng ganz gutt Saach, datt d'Säitresponsiveass, also, datt se sech un d'Bildschiermbreet upasst.
Wat mer net esou gutt gefält: déi éischt Këscht “Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!” fannen ech ze vill eidel an den Text ze vill fett (e kënnt fir mech e bëssen aggressiv eriwwer…). Eng Léisung wéi op der franséischerBegréissungssäit géif mer besser gefalen. Well mer just 5 Portaler uweisen, kéinten déi eventuell an der Wëllkomm-Këscht um rietse Bord mat engem klenge Logo ugewise ginn?
„Portaler: Lëtzebuerg, Astronomie, …“ passe menger Meenung no net ënnert d'Iwwerschrëft „Jidderee kann hei matmaachen“.
Nach eng Saach: wat ech op der fr.wiki och flott fannen ass, datt ee perséinlech begréisst gëtt: „Bienvenue [Benotzernumm]}“ oder eeben „Bienvenue sur Wikipédia“ wann ee net ageloggt ass. Wär dat eng Iddi fir z'iwwerhuelen?
Ech hu mini-Ännerungen um Begréissungstext gemaach. Ech froe mech op een déi relativ beschiden Zuel vun "aktive Mataarbechter" op der Haaptsäit stoe muss hunn. Perséinlech géif ech s'ewechloossen. Bei der Matmaachkëscht hunn ech d'Fettschrëft geännert.
Ech hunn eis initial Propos esou ëmgesat, bis op d'Punkten 1 an 2, wou et kee richtege Konsens gouf an ech deemno de generellen Design vum lénksen Deel vun der Begréissungskëscht bäibehalen an d'Portaler awer rëm an d'Begréissungskëscht gesat hunn (allerdéngs anescht designt).
Op der onsiichtbarer/technescher Säit huet sech awer nach vill gedoen: Ech hunn de Quelltext vun der Haaptsäit bal komplett nei geschriwwe fir déi onflexibel Wikitabelle-Syntax an HTML ëmzeschreiwen a sämtlech Styling-Informatiounen op eng CSS-Säit auszelageren. Doduerch ass de Quelltext a mengen Ae vill méi lieserlech a vill méimaintainable.
Grond fir d'Ëmschreiwe war ursprénglech, datt ech duerch Zoufall gemierkt hunn, datt deresponsive design (cf. Punkt 6), wéi mer en ursprénglech ëmgesat hunn, nëmme fir de Legacy-Parser vu MediaWiki funktionéiert huet (deen nach ëmmer Standard op der lbwiki ass), mee fir de Parsoid-Parser (dee mëttelfristeg de Legacy-Parser komplett ersetze soll a lo schonn an de Benotzerastellungen aktivéiert ka ginn) net. Elo misst alles fir béid Parsere funktionéieren an d'Neischreiwen huet eben och déi uewe genannte Virdeeler als Nieweneffekt mat sech bruecht.
Zum Schluss wollt ech nach op dem Zinneke seng Bemierkung iwwer d'Zuel vun den aktive Mataarbechter agoen: Ech si staark dofir, datt mir se prominent op eis Haapsäit schreiwen, well se menger Meenung no fir esou eng kleng Sprooch zimmlech héich ass an deemno weist, wéi aktiv déi lëtzebuergesch Wikipedia trotz hirer gerénger Gréisst ass! Wann een d'Tabell opmeta:List of Wikipedias by speakers per article noSpeakers (L1 & L2) sortéiert an d'lbwiki mat Wikipedia-Versioune vun anere Sprooche vergläicht, déi vun änlech villen oder nach méi Leit geschwat ginn, gesäit een, datt déi aktuell 97 vun der lbwiki zimmlech héich sinn. Kee Grond sech ze verstoppen ;-).
Merci @Volvox a @Soue031 fir Är Aarbecht. Deng Argumentatioun zu Gonschte vun der Mataarbechterzuel iwwerzeegt mech, se ka gär do stoen. Zwou kleng Detailer vläicht nach: D'Silhouett vum Land (Artikelen iwwer Lëtzebuerg) giff ech eng Grëtz méi kleng maachen; a bei de Portaler giff ech nach de Punkt "méi" bäisetzen, well soss den Androck entsteet, et géif just déi 4 déi do opgezielt sinn.
(Apologies for posting in English, you can help by translating into your language)
Hello everyone, theWikidata For Wikimedia Projects team is excited to announce an upcoming change in how Wikidata edit changelogs are displayed in yourWatchlists andRecent Changes lists. If an edit is made on Wikidata that affects a page in another Wikimedia Project, the changelog will contain some information about the nature of the edit. This can include a QID (or Q-number), a PID (or P-number) and a value (which can be text, numbers, dates, or also QID or PID’s). Confused by these terms? See theWikidata:Glossary for further explanations.
The upcoming change is scheduled for17.07.2025, between1300 - 1500 UTC.The change will display the label (item name) alongside any QID or PIDs, as seen in the image below:
These changes will only be visible if you have Wikidata edits enabled in your User Preferences for Watchlists and Recent Changes, or have the active filter ‘Wikidata edits’ checkbox toggled on, directly on the Watchlist and Recent Changes pages.
Your bot and gadget may be affected! There are thousands of bots, gadgets and user-scripts and whilst we have researched potential effects to many of them, we cannot guarantee there won’t be some that are broken or affected by this change.
Further information and context about this change, including how your bot may be affected can be found on thisproject task page. We welcome your questions and feedback, please write to us on this dedicatedTalk page.
I hope this message finds you well! We have some User Interface message strings for theGrowth feature that need your help to be translated into Luxembourgish. Right now, they're at 75 percent, and it would be fantastic to get them fully localized.
@Volvox, @Robby and @GilPe, thank you for all your contributions in this Wikipedia. Maybe you are interested in volunteering to translate the message strings, and anyone else interested in jumping in and lending a hand. Below is the link for the message strings on translatewiki:
If you haven’t usedtranslatewiki.net before, no worries! Here’s what you need:
A good grasp of both English and Luxembourgish.
A TranslateWiki account (your wiki account won’t work here, but you can easily create one with your existing Wiki details, so you don’t have to remember anything new).
A willingness to follow some simple instructions!
Once you’ve got your account set up, you’ll need to translate a few random messages for the site to authenticate your knowledge of the language. After that, you can dive right into the translations using the link above.
Thanks so much for helping! If you have any questions or need help, let me know.
Apologies, this message is not in your native language. Hëlleft wgl. fir op Är Sprooch z'iwwersetzen.
Part of the WMF Annual plan work isto drive content growth in Wikipedia. TheLanguage and Product Localization team have an experiment to run in your Wikipedia to validate or invalidate a hypothesis that"If we invite native speakers of small wikis through a CentralNotice banner on a high-traffic Wikipedia in their region to contribute to SuggestedEdits and other Growth features, we can assess whether this approach attracts new native speakers and if they use these editing tools to improve vital content."
Our team plans to runa CentralNotice banner, from August 29th to September 12th, that will display on the English Wikipedia for users in regions where this language is spoken, and also on this Wikipedia. The banner for this Wikipedia will say “The world is missing out on human knowledge in your language. Join the Luxembourgish Wikipedia community and help expand it." in Luxembourgish. By clicking on the banner, users can easily access theGrowth features and start contributing.
For this to work, we need your expertise and help before we launch the banner. We need admins to:
Our team values your input on this project and are open to further discussions here. You can learn more about this work fromthis page. As an admin who would like to help, if you are interested in a virtual call for assistance with the work, please let us know, and we’ll set up a meeting.
We’re excited about the opportunity to collaborate and I look forward to hearing from you. Thank you!
TL;DR: Ech proposéieren de Parameter$wgCategoryCollation opuca-lb-u-kn ze setzen.
Erklärung:Momentan schreiwe mir (oder zumindest ech) fuerchtbar dacks{{DEFAULSORT:…}} ënnen op Säiten, fir ze verhënneren, datt Buschtawe mat Accenten a Co. ganz hannen am Alphabet asortéiert ginn, wann et drëms geet, d'Säiten an enger Kategorie ze sortéieren. Fir datt z. B. „Éisträich“ net hannert „Zypern“ kënnt an derKategorie:Länner an Europa (well „É“ no „Z“ kënnt), muss op der SäitÉisträich enzwousch{{DEFAULTSORT:Eistraich}} stoen.
Fir déi onnéideg Aarbecht ee fir allemol z'evitéieren, proposéieren ech de Parameter$wgCategoryCollation opuca-lb-u-kn ze setzen. Doduerch iwwerhëlt d'MediaWiki-Software automatesch d'Sortéierung wéi ech se mer wënschen, nämlech datt Buschtawe mat Accent direkt hannert dem entspriechende Buschtaf ouni Accent kommen (d. h. amplaz déi aktuell Reiefolleg „e“, „z“, „é“ hätte mer dann „e“, „é“, „z“). Dat ass den Deeluca-lb, deen een och separat kritt. Mee mam Deel-u-kn kënnt nach ee klengen Extra dobäi, nämlechnumeric sorting: Doduerch ginn Zuelen um Ufankt vu Säitentitelen tatsächlech och wéi Zuele sortéiert an net wéi Wierder, déi Zifferen enthalen. Aktuell hu mer
1
12
1000
2
23
a mat der neier Method wier se
1
2
12
23
1000
Ëmfro: Fir datt ech op Phabricator ufroe ka fir d'Standardsortéierung vun der lbwiki z'änneren, wollt ech hei eng kleng Ëmfro maachen, ob dir domat averstane sidd.--Volvox (Diskussioun)15:24, 9. Aug. 2025 (UTC)[äntweren]
Gudden Owend,
Dat kléngt jo, wéi wann et méi einfach géif ginn, well een net méi drun denke muss fir den {{DEFAULSORT:…}} derbäizesetzen. Just eng praktesch Fro: kënnt dann (an dengem Beispill) Éisträich direkt virun Estland oder kritt Éisträich eng extra Rubrik mam Ufanksbuschtaf <É>?
Jo, dat war de Gedanken, datt ee quasi ni méi den{{DEFAULTSORT:…}} ze setze brauch, ausser bei Persounen, wou een de Familljennumm vir wëll hunn, an deenen engen oder anere Spezialfäll. Wann ech mech net ieren, misst „Éisträich“ ënnert dem Buschtaf „E“ direkt virun „Estland“ stoe kommen, sou wéi et aktuell och mam{{DEFAULTSORT:Eistraich}} ausgesäit. --Volvox (Diskussioun)18:38, 9. Aug. 2025 (UTC)[äntweren]
UPDATE: Virun zwee Deeg, gouf den Ticket zougemaach, d'Ännerung ass ëmgesat: Elo muss een ni méi d'Accenten a Co. bei engem Sortéierschlëssel ewechloossen, resp. en extra Sortéierschlëssel ouni Accenten a Co. schreiwen. 🙂 --Volvox (Diskussioun)21:25, 10. Sep. 2025 (UTC)[äntweren]
Ech hunn déi Newsletteren elo och op der SäitWikipedia:Newsletteren regruppéiert, fir datt een en Iwwerbléck huet, wat et grad esou gëtt a wéi et konfiguréiert ass.
Mäi Gedanken ass, datt sou Abonnementer meeschtens op Benotzerdiskussiounssäite gepost ginn, mee dat ergëtt a mengen Ae guer kee Sënn, datt jiddereen dat selwecht soll eenzel op seng Säit geklaakt kréien, wann een alles eng eenzeg Kéier op enger zentraler Säit stoe kann hunn.
Wann ee vun iech selwer nach en aneren Newsletter op senger Diskussiounssäit huet (Signpost z. B.?) oder soss Iddien huet, kann en déi gäre global derbäisetzen (oder mech froe fir dat ze maachen). --Volvox (Diskussioun)19:06, 17. Aug. 2025 (UTC)[äntweren]
Update on the CentralNotice experiment to engage native speakers for content growth
The CentralNotice banner launch is now scheduled for the week of September 3rd, to enable us complete some technical instrumentation work for the project.
Un d'Communautéit: Ech hu mech amuséiert optranslatewiki den Iwwersetzungstaux vuGrowth Experiments op 97 % ze drécken (den Taux kann eenhei kucken). Dobäi wousst ech allerdéngs oft net sou richteg, wéi ech bestëmmte Konzepter iwwersetze resp. benenne sollt – wéi wëlle mer z. B.mentor amentee nennen etc.? – mee ech hu mech beméit konsistent ze sinn, sou datt eng nodréiglech systematesch Ännerung vu gewëssen Ausdréck net allze schwiereg dierft sinn. Ech weess net, wéi ech gesi kann, wee wéi vill un deem Grupp matiwwersat huet, mee ech hunn den Androck, datt deGilPe considerabel matgehollef huet. Ech géif soen, datt mer déi lescht 31 (vun insgesamt 1.408) bis den 3. September och nach iwwersat kréien. An da wiere mer prett fir d'CentralNotice Experiment, ëm dat et an dësem Abschnitt geet, wa mer nach gewëssen aner Virbereedunge maache wéilten, mee dorëms geet et an engem neien Abschnitt, dee geschwënn hei drënner optaucht… --Volvox (Diskussioun)20:14, 29. Aug. 2025 (UTC)[äntweren]
Hi @UOzurumba (WMF) Concerning the CentralNotice banner, I noticed a few issues: On enwiki, I was greeted with the following version:
The world is missing out on mënschewëssen. Join the Luxembourgish Wikipedia community and help expand it. (Create Account)
„mënschewëssen“ is obviously not an English word and should probably be „human knowledge in Luxembourgish“ or something similar, I assume. This should be corrected, but I must admit that I don't know how to do that myself.
And on lbwiki, the banner reads as follows:
Der Welt feelt Mënschewëssen an Ärer Sprooch. Maacht mat bei der Lëtzebuerger Wikipedia-Communautéit an hëlleft, Wikipedia auszebauen. (Gitt bei d'Geschier fir Ufänger)
This version is OK, but I would suggest minor adjustments: „Mënschewëssen“ sounds weird to me, almost like human knowledge as opposed to knowledge of another species or of aliens. To my ears, „d'mënschlecht Wëssen“ would sound more natural in this context. Also, I would add the definite article „d'“ before the final occurence of „Wikipedia“. Again, I don't know where to change this, as this banner doesn't seem to available to translation via the usual channels. I would be thankful if you could point me to the right direction. --Volvox (Diskussioun)20:03, 4. Sep. 2025 (UTC)[äntweren]
Hi, I made the translation upon request of @UOzurumba. The initial English expression was indeed „Human knowledge“. As I was not sure how to translate this, I checked with a friend who is an English - German translator and who confirmed me, that „Mënschenwissen“ does exist in German and that it is different from „menschlisches Wissen“. I therefore suggested „Mënschewëssen“ (which indeed sounds weird). I approve changing „Mënschewissen“ to „d'mënschlecht Wëssen“ an final „Wikipedia“ to „d'Wikipedia“. |GilPe (Diskussioun)20:19, 4. Sep. 2025 (UTC)[äntweren]
A third translation of „human knowledge“ would be „d'Wësse vun der Mënschheet“, which avoids the potential ambiguity of „d'mënschlecht Wëssen“. I also thought of another point: „Lëtzebuerger“ generally refers to the country, whereas „lëtzebuergescher“ can refer to both the country and the language; since the wiki is a priori language-specific, I think the latter adjective is more approriate in this context. --Volvox (Diskussioun)20:34, 4. Sep. 2025 (UTC)[äntweren]
Thank you, @Volvox and @GilPe for pointing out the above. We can make the changes from our side. To confirm, we will be changing the one in English Wiki to:
The world is missing out on d'Wësse vun der Mënschheet. Join the Luxembourgish Wikipedia community and help expand it. (Create Account)
and the one in Luxembourgish Wikipedia to:
Der Welt feelt d'mënschlecht Wëssen an Ärer Sprooch. Maacht mat bei der lëtzebuergescher Wikipedia-Communautéit an hëlleft, Wikipedia auszebauen. (Gitt bei d'Geschier fir Ufänger)
Hi! For the Luxembourgish version, I'd just add thed' in front of the second occurrence of "Wikipedia" like so: "… an hëlleft, d'Wikipedia auszebauen." And we are good to go.
As for the English version, I'm surprised that you want to keep a Luxembourgish expression in an English sentence. I find it much more natural to just say "The world is missing out on human knowledge in Luxembourgish." But if it is mandatory to keep the Luxembourgish in it, I'd write "The world is missing out on theWësse vun der Mënschheet.", replacing "d'" with "the".
Is this banner shown in any other language versions?
Wéi am Abschnitt iwwert dësem thematiséiert, misste mir, wa mer dat wëllen, nach e puer Virbereedunge fir d'CentralNotice Experiment treffen, déi awer och onofhängeg vun där Campagne interessant kéinte sinn. An domat wiere mir beim Theema: demMentoreprogramm (oderMentorship am Original), wat zu deGrowth features gehéiert.
Dobäi kritt jiddwer neie Benotzerkont e „Mentor“ zougewisen, un deen e sech mat Froe riichte kann oder un deen e sech wende kann, wann e Problemer mam Editéieren huet etc. Dofir bräicht een e puer Benotzer, déi méi oder manner reegelméisseg aktiv sinn a sech e bëssen auskennen, déi bereet wiere sech als Mentor ze mellen. Et heeschthei, datt een idealerweis 1 Mentor pro 500 nei Benotzer pro Mount bréicht (am leschte Mount hate mer der 336, wouvun der just 16 mindestens eng Ännerung gemaach hunn; cf.Spezial:Logbicher) an datt ee mindestens 3 Mentore sollt hunn. Weider heescht et, datt e Mentor am Schnëtt insgesamt 0 bis 6 Messagë pro Woch kritt, woubäi ech denken, datt mer hei éischt méi no um ënneschten Enn wieren. Déi entscheedend Fro ass elo:
Wee wier bereet fir Mentor ze ginn?
Ech selwer wier mat. Wa mer genuch Leit wieren, kéint een de Mentoreprogramm op der lbwiki aktivéieren (dat kann all Admin iwwer d'Community Configuration maachen) an doduerch villäicht deen een oder aneren neie Mataarbechter u Land zéien, respektiv – an dat ass a mengen Aen de méi wichtege Punkt – déi Neier, déi vum selwen u Land kommen, och anstänneg z'encadréieren, datt se net direkt rëm ënnerwaasser verschwannen (well keen hinne gesot huet, wéi een otemt, a se d'Säit „Hëllef:Otmen“ net fonnt hunn). --Volvox (Diskussioun)21:10, 29. Aug. 2025 (UTC)[äntweren]
Ech hu mer d'Growth-Säit emol a bëssen am Detail ugekuckt. Dat schéngt mer effektiv eng flott Offer ze sinn, fir déi, déi nei op der Wiki matschaffe wëllen an ech wär och bereet alsMentordeem engen oder anerenMentee ze begleeden e Rettungsreef ze geheien (fir am @Volvox sengem Bild ze bleiwen ;-) ).
Den LOD kennt iwwregens deMentoran d'Mentorin; fir deMentee kann ee sech um däitschen Duden orientéieren, deen och den engleschen Original iwwerholl huet:ein / eine Mentee. |GilPe (Diskussioun)08:02, 30. Aug. 2025 (UTC)[äntweren]
Top, da wiere mer schonn zu zwee!mentor hunn ech och mat „Mentor“ (resp. der weiblecher Form, wou ubruecht) iwwersat, mee aus demmentee hunn ech lo mol ee „Mentoréierten“ gemaach, wat zwar zimmlech holpereg, awer verständlech ass. Beim „Mentee“ gesinn ech et esou: Mam Kontext mierkt een éigendwann, datt et d'Géigestéck zum Mentor ass, mee wann een engem Saz mat „Mentee“ isoléiert begéint, da versteet dat warscheinlech kaum een. --Volvox (Diskussioun)13:58, 30. Aug. 2025 (UTC)[äntweren]
Tipptopp! Domat wiere mech scho bei dräi, wouropshin ech d'Mentorpship-Funktioun aktivéiert hunn. Wann nach méi Leit Mentor wëlle sinn, ass dat natierlech nach besser ;)
D'Eligibilitéitskrittäre fir Mentor ze ginn, hunn ech bei de Standardwäerter vu mindestens 90 Deeg ugemellt a mindestens 500 Ännerunge gelooss. Tendenziell hätt ech se éischter beim Duebelen ugesat, mee och op der de-, fr- an enwiki si bei de Standardwäerter bliwwen. Falls een se hei an d'Lut setze wëll, ass dat awer séier geschitt.
Moien, ech hunn néierens fonnt, ob oder wéi ech op nei "Menteeën" opmierksam gemaach ginn. Kréien ech do all Kéiers eng Notifikatioun, oder muss ech reegelméisseg op d"Mentoren-Dashboard" kucke goen? Oder einfach waarden, bis ee sech op der Diskussiounssäit mellt?
An eng aner Fro: Wéi wäit kritt een "Neie" vun deem Programm bescheed gesot? A soll dat (och) an der Megréissungsschabloun "Moien" integréiert ginn?
Salut, ech weess éierlech gesot och net genau, wéi sech dat aus Mentoresiicht ufillt, wann een engem als Mentor zougedeelt gëtt. Do misste mer waarden, bis hei deen éischte Fall optrëtt.
Well een als Neie muss a seng Astellunge goen an ënner „Benotzerprofil“ ganz erof bis bei „Funktioune fir Neier“ scrollen, fir do bei „Startsäit fir Neier“ ee Kreepche maache muss, fir ee Mentor zougewisen ze kréien, wier et villäicht kee Feeler, dat an der Begréissungsschabloun z'ernimmen, wa mer net hoffe wëllen, datt iergendwann een dat vum selwe fënnt. --Volvox (Diskussioun)19:15, 1. Sep. 2025 (UTC)[äntweren]
Et kéint een opSpezial:Meine Startseite verlinken (fro mech net, firwat dat op Däitsch ass, ech hunn et néierens op translatewiki fonnt…). Wann een do drop geet, kritt ee gesot, wou an den Astellungen een déi Säit aktivéiert kritt. An opSpezial:Meng Benotzersäit kéint een och verlinke mam Hiweis, datt een do eppes iwwer sech schreiwe kann (zumindest Babel villäicht). Ech sinn awer fir haut ze midd, fir déi néideg Formuléierungsaarbecht leeschten ze kënnen. À suivre. --Volvox (Diskussioun)19:28, 1. Sep. 2025 (UTC)[äntweren]
Gudden Owend, hei e klengen Hiweis dorop, datt echhei deGilPe als Admin virgeschloen hunn. D'Ofstëmmung geet vum 06.09.2025 0:00 Auer bis den 12.09.2025 um 23:59 Auer. Stëmmt fläisseg of. 😉 --Volvox (Diskussioun)22:03, 4. Sep. 2025 (UTC)[äntweren]
D'Wikimedia Foundation wäert den Dateverkéier tëscht hiren Data-Centeren ëmschalten. Dat soll garantéieren, datt Wikipedia an aner Wikimedia-Wikien och no enger Katastroph erreechbar bleiwen.
De gesamten Datentransfert gëtt de(n)24. September 2025 op den éischte Rechenzenter zréck dirigéiert. Den Test fänkt un ëm15:00 UTC.
Leider kënnen, bedéngt duerch verschidde Limitatioune vuMediaWiki, keng Ännerunge vu Säite wärend deem Changement gemaach ginn. Mir entschëllegen eis fir déi Ënnerbriechung a mir schaffen doru fir dat an Zukunft op e Minimum ze reduzéieren.
Op alle Wikie gëtt 30 Minutten, ier et lass geet, e Banner ugewisen. Dëse Banner ass bis zum Schluss vum Virgang ze gesinn.You can contribute to thetranslation or proofreading of this banner text.
Wärend enger kuerzer Zäit kënnt Dir all Wikie just liesen, awer näischt änneren.
Dir kënnt e(n) 24. September 2025 wärend maximal enger Stonn keng Ännerunge maachen.
Wann Dir da probéiert eppes z'änneren, da kritt Dir e Feelermessage gewisen. Mir hoffen, datt wärend deene Minutte keng Ännerunge verluer ginn, awer mir kënnen dat net garantéieren. Wann Dir e Feelermessage gewise kritt, da waart wgl., bis alles nees normal funktionéiert. Da misst et méiglech si fir Är Ännerung ze späicheren. Fir sécher ze goen, rode mir Iech fir d'éischt eng Kopie vun Ären Ännerungen ze maachen, just fir de Fall wou.
Aner Auswierkungen:
Programmer, déi am Hannergrond lafen, si méi lues a gi méiglecherweis guer net ausgefouert. Rout Linke ginn eventuell net esou séier wéi üblech aktualiséiert. Wann Dir en neien Artikel uleet, dee schonn iergendwou verlinkt ass, da bleift de Link méi laang rout wéi üblech. Verschidde Skripten, déi laang lafen, musse gestoppt ginn.
Mir rechnen domat, datt d'Codebereetstellung wéi all aner Woch och oflafe wäert. Allerdéngs kann et vu Fall zu Fall zu engem Code-Freeze kommen, falls de Virgang dat erfuerdert.
GitLab wäert fir ronn 90 Minutten net verfügbar sinn.
D'Wikiiessen 2026 ass e Samschdeg, de 7. Mäerz, ab 11:45 Auer am Restaurant „De Spackelter“ zu Leideleng an direkt am Uschloss ab 15:00 Auer ass d'Generalversammlung vuWikimedia Lëtzebuerg am Kulturzenter „An der Eech“, och zu Leideleng. Jiddwer Wikipedianer ass häerzlechst agelueden um Wikiiessen, un der Generalversammlung oder u béiden deelzehuelen.
Dës Kéier ass fir d'éischte Kéier d'ErweiderungCampaignEvents am Asaz, iwwer déi ee sech fir dat jeeweilegt Evenement umelle kann (Wikipedia:Wikiiessen 2026 aWikipedia:Generalversammlung Wikimedia Lëtzebuerg 2026). Organisateure si meng Wéinegkeet an deSultan Edijingo. Wee selwer en Evenement organiséiere well, muss een Administrateur sinn oder zur Benotzergruppevent-organizer gehéieren; an déi leschtgenannte Benotzergrupp kann ee vu jiddwer Admin gesat ginn, ouni eng formal Prozedur duerchlafen ze mussen.
Ech hunn eng Infobox mat de Besisinformatiounen fir d'Cheemesch Elementer ugeluecht an d'Këscht och elo am ArtikelWaasserstoff agebaut. Wann een all d'Artikelen iwwer d'cheemesch Elementer kuckt, gesäit een, datt do sengerzäit ee sech vill Aarbecht gemaach hat fir eng Zort Tabell mat den Eegenschaften unzeleeën. Ier ech elo all Artikel upasse ginn, wollt ech wëssen: soll déi Tabell esou bestoe bleiwen oder ka s'ersat ginn mat engem Bild (Positioun am Periodesystem) esou wéi ech et beim Waasserstoff gemaach hunn? Merci fir Äre Feedback. |GilPe (Diskussioun)14:25, 7. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]
Moien,
ech denken d'Tabell z'ersetzten wier déi bescht Léisung.
Okee, ech waarden emol nach wien sech nach vläicht zum Theema mellt.
Esouwäit ech weess, kann ee just 2 Biller an der Këscht abauen (also uewen d'Bild a ënnen d'Scheema); an ech hunn op Wikidata keng Property fonnt, wou d'Bild mat der Positioun am Periodesystem kéint agesat ginn. |
Ech fannen déi Tabell mam Periodesystem an der Positioun vum jeeweilegen Element sollt an der Infobox stoen. E Bild vum Element aus Wikidata an d'Scheema vun den Elektronekusche kann ee jo am Artikel oder eben eent dovunner och an der Box ënnerbréngen. --Volvox (Diskussioun)19:38, 18. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]
Entschëllegt déi spéit Äntwert, mee mir ware am Congé. Ech fannen et eng gutt Iddi, d'Bild vun der Positioun am Periodesystem anzebauen. Daat ass wischtesch, well mir op der WikiCon 2025 diskutéiert hunn, wéi mir Wikipedia op d'Zukunft virbereede kënnen. Vill Leit waren der Meenung, mir sollten méi Biller an aner Mediendateien abannen, well zukennfteg Generatiounen domat am Internet vertraut sinn.Marko Kafé 13.05, 25. Okt. 2025
do ech an der nächster Zäit geplangt hat, d'Artikele vun den Zuelen auszebauen an eventuell weider Artikelen unzeleeën, hunn ech mir d'Fro gestallt, op et eventuell trotzdeem net besser wier, d'Zuelen am Lemma net méi auszeschreiwen mee als Zuelen dohin ze schreiwen. Bespill: netFënnefanzwanzeg, mee25 (Zuel). A mengen Aeën kéint een d'Zuelen doduerch méi séier fannen...Wat ass är Meenung dozou? |Mobby 12 (Diskussioun)11:12, 9. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]
Ech mengen net, datt dat en Ënnerscheed fir d'Fannbarkeet mécht, ob en Artikel elo25 (Zuel) amplazFënnefanzwanzeg heescht, soulaang et eng Viruleedung vu25 (Zuel) opFënnefanzwanzeg gëtt (an dat ass bei allen Zuele bis elo de Fall). Mee wann ech25 an d'Sichfeld aginn, gesinn ech fir d'éischt d'Joer an duerno all Datum, dee mat25. ufänkt, dohier schéngt een den Zuelenartikel souwisou net duerch d'Antippe vun der Zuel fannen ze kënnen ouni zumindest bis25 ( anzetippen. --Volvox (Diskussioun)12:17, 11. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]
Jo, do ginn ech dir Recht, fir den Artikel méi séier ze fannen mécht an deem Kontext wéineg Sënn.
Wann een elo awer beispillsweis eng Zuel wéizweedausendfënnefanzwanzeg hätt, hätt ech mir geduecht, datt2025 (Zuel) als Lemma besser wier. D'Wuertzweedausendfënnefanzwanzeg géif een da jo souwisou an den Artikel schreiwen; Beispill: D'Zuel 2025, ausgeschriwwen, zweedausendfënnefanzwanzeg, ass eng natierlech Zuel asw. |Mobby 12 (Diskussioun)14:08, 11. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]
Wéi wier et dann, wa mer mol einfach bei de Warscheinlechkeete bleiwen an all déi Zuele vergiessen, déi héchstwarscheinlech ni en Artikel misste kréien.
Dann nach eppes zum Lëtzebuergeschen:do ech an der nächster Zäit ass falsch. Et soll heeschenwell ech an der nächster Zäit.
Dat däitscht Wuertda kann als Konjunktioun oder als Adverb gebraucht ginn. Wann et als Abverb gebraucht gëtt dann heescht et op Lëtzebuergeschdo. Wann et als Konjunktioun gebraucht gëtt dann heescht etwell (Duden de:weil als Synonym vunda).
Doriwwer ass de Saz och falsch, wellan der nächster Zäit ass an der Zukunft, ageplangt hat ass an der Vergaangenheet, an dat passt net zesummen (weder am Lëtzebuergeschen nach an enger anerer Sprooch).Les Meloures (Diskussioun)15:36, 11. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]