D'Wierbeldéieren (Vertebrata) sinn en Ënnerstamm vun deChordadéieren (Chordata). Zu hinne gehéieren d'Fësch, d'Amphibien, d'Reptiller, d'Vigel an d'Mamendéieren.Déi aarteräichst Grupp bilden d'Fësch mat 28.000 bis 30.000 bekannten Aarten.
D'Wierbeldéiere stame vun engem Virleefer of, dee bannen a sengem Kierper eng Stäipstaang, "Chorda" hat. Dës Staang huet sech am Laf vun der Evolutioun zu derWierbelsail ëmgebilt a sou e ganz neie Kierperbau erméiglecht.
Aus deenen éischte Prototyppe sinn d'Fësch entstanen. Aus enger Linn vun hinnen hu sech d'Amphibien gebilt an duerno d'Urreptiller, déi sech a verschidde Gruppe weiderentwéckelt hunn. Zu hinne gehéieren d'Schlangen an d'Bréckenechsen, déi et och haut nach gëtt, geneesou wéi och die ausgestuerweMieres- aFluchsaurier an d'Dinosaurier, deenen hir Nokommen d'Vulle sinn.
Aus enger vun deene Reptillelinne (fr.: reptiles mammaliens) sinn d'Mamendéieren entstanen, déi sech hirersäits nees a vill verschidde Gruppe weiderentwéckelt hunn. Déi modern Mamendéiere si vun de Fuerscher an dräi grouss Gruppen ënnerdeelt ginn: d'Mamendéieren déi Eeër leen (z. B. d'Schnieweldéier),Beidelmamendéieren (z. B. Känguru) an d'Plazentadéieren, zu deenen och deMënsch zielt.
- Wierbeldéieren (Vertebrata)