Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Whitney Houston

Vu Wikipedia
Whitney Houston
am Joer 2009
GebuertsnummWhitney Elizabeth Houston
Gebuer9. August1963
Newark
Gestuerwen11. Februar2012
Beverly Hilton Hotel
DoudesursaachIwwerdosis
NationalitéitUSA
AktivitéitSänger,Schauspiller,Filmproduzent, Filmschauspiller, Museksproduzent, Discographesche Kënschtler, Televisiounsschauspiller
GielercherPrimetime Emmy Award,Grammy Awards
Famill
Bestuet matBobby Brown
GeschwësterGary Garland
KannerBobbi Kristina Brown
D'Whitney Houston umWelcome-Home-Heroes-Concert (1991)

D'Whitney Elizabeth Houston, gebuer den9. August1963 zuNewark,New Jersey, a gestuerwen den11. Februar2012 zuBeverly Hills,Kalifornien, war engUS-amerikanescheR&B-,Soul- aPopmusek-Sängerin,Schauspillerin aFilmproduzentin.

Mat iwwer 170 Millioune verkaafte Placken an CDen an iwwer 200 Gold-, Platin-, Sëlwer-, an Diamantschallplacken a sechsGrammyen huet d'Whitney Houston zu de Sängerinne mat deem meeschte Succès an den 1980er an 1990er Jore gezielt.[1],[2] Si hat eng Stëmm iwwer 3Oktaven. Zu hire gréisste Succèsen hu Lidder wéiSaving All My Life for You,I Wanna Dance with Somebody oderI Will Always Love You aus demSoundtrack vum FilmThe Bodyguard (an deem se och matgespillt huet) gehéiert.

Discographie (Auswiel)

[änneren |Quelltext änneren]

Albumen

  • Whitney Houston (1985)
  • Whitney (1987)
  • I'm Your Baby Tonight (1990)
  • The Bodyguard (Soundtrack, 1992)
  • The Preacher's Wife (Soundtrack, 1996)
  • My Love Is Your Love (1998)
  • The Greatest Hits (2000)
  • Love, Whitney (2001)
  • Just Whitney... (2002)
  • I Look to You (2009)

Filmographie

[änneren |Quelltext änneren]
  • 1992:The Bodyguard
  • 1995:Waiting To Exhale
  • 1996:The Preacher's Wife
  • 1997:Rodgers & Hammerstein's Cinderella
  • 2012:Getting To Happy
  • 2012:Sparkle

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Whitney Houston – Biller, Videoen oder Audiodateien
Autoritéitskontroll

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Offiziell Biographie
  2. Gold- a Platinstatistik Archivéiert de(n) 14.02.2012. Gekuckt de(n) 12.02.2012.
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Whitney_Houston&oldid=2571557
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp