WhatsApp Messenger, besser bekannt einfach alsWhatsApp, ass egratis aplattformonofhängegeVoIP-Service. E funktionéiert alsmobil App, déi et deBenotzer erlaabt Text- a Sproochnoriichten ze schécken, ze telefonéieren a Videouriff ze maachen a Biller, Dokumenter, deStanduert an anere Contenu ze deelen.
WhatsApp leeft generell iwwer dem Benotzer säinHandy, mee kann och iwwer ePC benotzt ginn. Dat ass méiglech soulaang dem Benotzer säin Handy mam Internet verbonnen ass.
Benotzer mussen eng Handysnummer hu fir WhatsApp kënnen ze benotzen.
WhatsApp gouf am Januar 2009 aKalifornien lancéiert, an 2014 fir ongeféiert 19 MilliardenUS-Dollar vuFacebook opkaaft. Mat iwwer 2 Milliarde Benotzer war WhatsApp am Februar 2020 eng vun de meeschtbenotzten Applikatiounen op der Welt.