D'Westindesch Inselen (deels ochWestindien genannt) bestinn aus enger Rei vunInselen anInselgruppen déi viruMëttel- aSüdamerika amAtlanteschen Ozean leien. De grousse Bou vun denAntille bilt d'Limitt amNorden an amOste vumKaribesche Mier. Méi nërdlech leien d'Bahamas an d'Turks a Caicosinselen (déi zesummen och vereelztLucayen genannt ginn).
Déi Westindesch Inselen an derKaribik bestinn aus:
Bei der historescher Bezeechnung vuWestindien ass den Nummdeel...indien dovun ofgeleet, well deChristoph Kolumbus am Fong de westleche Waasserwee vunEuropa an „Indien“ (d. h. anOstasien) fanne wollt an hie sech op senge véier Reesen ni bewosst war, en neieKontinent entdeckt ze hunn.
D'Bezeechnung féiert awer ier: „westindesch“ heescht gemenkerhand „am Weste vun Indien“, wat awer an dësem Fall net zoutrëfft. Villméi geet den Numm dorop zeréck, well d'Inselen um westleche Wee a Richtung Indien entdeckt goufen – am Géigesaz zum deem bis dohi bekannten Indien, dat ëmmer mat der Virstellung vum Wee no Oste verbonne war („Ostindien“). Datt et e westleche Mierwee vu Spuenien aus bis an Indien géif, war eng Suppositioun, déi och vum engleschePhilosophRoger Bacon ënnerstëtzt gouf, andeems dee sech op deSeneca,Plinius anAristoteles beruff huet.
Den anglophonen Deel vun de Westindeschen Inselen ass alsBritish West Indies bekannt.