De Wesley Snipes ass am Süde vun der New Yorker Bronx, bei senger Mamm, opgewuess. An derHigh School of performing Arts,New York, huet hien Danz, Gesang a Schauspillerei geléiert. An derState University of New York huet hien nieft Ekonomie och Theaterkonscht geléiert. An dëser Klass waren nëmme véier Afro-amerikaner.
An e puer Filmer hat hie kleng Niewerollen, huet bei verschiddene Bünestécker umBroadway matgespillt, konnt awer sechs Joer net dovu liewen. Nodeem hien demMalcolm X seng Biographie gelies huet, ass hien zumIslam gewiesselt.
Eréischt no enger Roll als Gang-leader amMichael Jackson sengem MuseksvideoBad, ass hien als Schauspiller opgefall a krut seng éischt grouss Filmroll am FilmMajor League. De Wesley Snipes leet sech net gär op ee Stil fest, an ass och zumSpike Lee sengem Liblingsschauspiller ginn. De Wesley Snipes gehéiert haut zu deene bekanntste Schauspiller vun Hollywood, an huet och scho Regie a verschiddene Filmer geféiert.
1997 huet de Wesley Snipes de PräisCoppa Volpi als beschten Haaptduersteller am FilmOne Night Stand kritt. Am Joer 1998 huet hien e Stär umWalk of Fame krut. Am selwechte Joer huet hie säin Éierendoktorat vun der SUNY/Purchase Universitéit iwwerreecht kritt.
Iwwer säi Privatliewen ass relativ wéineg bekannt. Vun 1985 bis 1990 war hie bestuet. Hien huet och ee Kand.
Wéinst senger ganz kierperbetounter Schauspillerei zielt hien zu de wéinege bekannte schwaarzen Actionstaren.