EWeekräiz ass eKräiz, dat u Weekräizungen, op engem Wee oder enger Strooss, um Feld oder am Bësch stoe kann. Et kann aus verschiddene Materialer sinn, wéi Steen, Holz oder Metall.
Si stamen aus de vergaangene Joerhonnerten a sinn Ausdrock vun derVolleksfrëmmegkeet. Dacks ass eng Joreszuel an/oder eng Opschrëft ze gesinn. Verschidde Weekräizer goufen zum Schutz géint d'Witterung an engWeekapell gesat.
ZuLëtzebuerg gëtt et virun allem Weekräizer aus Steen, déi d'Form vun enger rechteckeger Sail hunn, mat uewendrop engem méi breede Kappstéck, op deem eng Kräizegungszeen duergestallt ass. Op der Sail ass och muenchmol e Relief vun engem Hellegen oder et sinn aner Dekoratiounen ze fannen.
En ettlech goufen opgeriicht fir un en Evenement dat op där Plaz war, z'erënneren, z. B. en Accident mat Doudesfolleg, e Krichsevenement, oder fir u besonnesch Persounen dacks Zaldoten oder Resistenzler z'erënneren déi op där Plaz gefall waren oder ermuert goufen.
Lasep Centre scolaire Dreiborn (Editeur), 1981: Weekräizer aus éiser Géigend, 14. Volume des Publications Mosellanes de Wormeldange, Imprimerie Ernest Faber, Grevenmacher, 102 S.
Joseph Walentiny, 1982: Les croix de chemin du canton de Capellen, an: nos cahiers. lëtzebuerger zäitschrëft fir kultur, 3(1982), Nr. 3, S. 13-28
Norbert Weins, 1982:Auf Wegkreuzfahrt durch das Großherzogtum Band I, Imprimerie Centrale, Luxembourg, 125 S.
Norbert Weins, 1982:Auf Wegkreuzfahrt durch das Großherzogtum Band II, Imprimerie Centrale, Luxembourg, 149 S.
Norbert Weins, 1983:Auf Wegkreuzfahrt durch das Großherzogtum Band III, Imprimerie Centrale, Luxembourg, 146 S.
Norbert Weins, 1983:Auf Wegkreuzfahrt durch das Großherzogtum Band IV, Imprimerie Centrale, Luxembourg, 128 S.
Norbert Weins, 1984:Auf Wegkreuzfahrt durch das Großherzogtum Band V, Imprimerie Centrale, Luxembourg, 164 S.
Norbert Weins, 1984:Auf Wegkreuzfahrt durch das Großherzogtum Ergänzungsband, Imprimerie Centrale, Luxembourg, 123 S.