Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Wanter

Vu Wikipedia
Wanter zuLëtzebuerg am Dezember 2012

DeWanter ass eng vun de véier Joreszäiten déi et an den temperéierten Zone vun der Äerd gëtt.

Jee nodeem een op der Nordhallefkugel oder Südhallefkugel ass, gëtt tëscht demNordwanter oder demSüdwanter ënnerscheet.

Duerch d'Rotatioun vun der Äerd ëm d'Sonn verännert sech denZenitstand vun der Sonn tëscht dem südlechen an demnërdleche Wendekrees, an doduerch kënnt de Wanter all Joer eng Kéier op allHemisphär erëm.

Astronomesch gesi fänkt de Wanter op der Nordhallefkugel mat derWantersonnewend un, dat ass da wann d'Sonn am Senkel iwwer demSüdleche Wendekrees steet, an d'Deeg am Norden déi kierzt vum Joer sinn.

De Wanter fänkt deemno un:

Duerno ginn d'Deeg erëm méi laang an de Wanter hält mat derEquinoxe vum Fréijoer op, d. h.:

De Wanter dauert 89 Deeg.

Well d'Ëmlafbunn vun der Äerd ëm d'Sonn ëm 1,7 % vun der idealer Kreesbunn ewech geet sinn déi véier Joreszäiten net gläich laang. Den Nordwanter ass well d'Nordhallefkugel méi no zur Sonn ass (Perihel den 3. Januar) och liicht méi mëll.

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Wanter – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Wanter&oldid=1833755
Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp