Waldhof-Falkenstein lb: Waldhaff-Falkesteen | |
---|---|
![]() | |
Land | Däitschland |
Bundesland | Rheinland-Pfalz |
Krees | ![]() |
Verbandsgemeng | ![]() |
Gemeng | Äifelkrees Béibreg-Prüm |
Awunner | 19 (31. Dezember 2023) |
Fläch | 301ha |
Héicht | 458m |
Koordinaten | 49°58'36"N, 6°11'34"O |
Telefonszon | 06524 |
Postcode | 54673 |
Websäit | https://www.vg-suedeifel.de/gemeinden/unsere-gemeinden/ortsgemeinden/waldhof-falkenstein/ |
![]() | |
![]() | |
Waldhof-Falkenstein, opLëtzebuergeschWaldhaff-Falkesteen, ass engUertsgemeng amÄifelkrees Béibreg-Prüm aRheinland-Pfalz. Si gehéiert zurVerbandsgemeng Südeifel a läit am NaturschutzgebittOurschleife-Falkenstein.
Falkesteen gouf 1173 eng éischt Kéier als Buergsëtz vumLudovicus de Falcunstein ernimmt. D'Kapell vun der Uertschaft ass aus der éischter Hallschent vum 12. Joerhonnert. An der Opstellung vun deLëtzebuerger Uertschaften aus dem Joer 1777 ass Falkesteen nach als Par opgefouert (kuckt och Bild 1, d'Kaart aus dem selwechte Joer).
D'Awunner vum Uert Waldhaff-Falkesteen hu sech hire Liewensënnerhalt gréisstendeels duerch Aarbecht op derBuerg verdéngt, déi bis zu der Eruewerung vum lénkse Rhäinuwänner duerchfranséisch Revolutiounstruppen, 1794, eng eegestänneg Herrschaft war, déi zum Herzogtum Lëtzebuerg (Quartier Veianen) gehéiert huet.
1815 koum d'Uertschaft umWiener Kongress bei d'Kinnekräich Preisen. NomÉischte Weltkrich stoung d'Uertschaft zäitweis nees ënner franséischer Verwaltung.
Zanter 1947 gehéiert Waldhof-Falkenstein zum deemools nei gegrënnte BundeslandRheinland-Pfalz.
De Gemengerot vu Waldhaff-Falkesteen besteet aus 6 Conseilleren, déi bei der Gemengewal vum 7. Juni 2009 an enger Majorzwal gewielt goufen, an engem éierenamtlechen Uertsbuergermeeschter.