Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Waarmloftballon

Vu Wikipedia
E Waarmloftballon an der Luucht
E Waarmloftballon an der Form vun derAbtei vu St Gallen
E Ballon mat enger Reklamm drop.

EWaarmloftballon ass e Gefier fir an der Loft ze zirkuléieren. E besteet aus enger Enveloppe (haut meeschtens ausNylon), déi mat gewiermter Loft gefëllt ass. Drënner hänkt e Kuerf (oder "Gondel"), fir Leit, Material a Ballast ze transportéieren, an och eng Quell Brennes, fir d'Loft z'erhëtzen. De Prinzip baséiert drop, datt waarm Loft am Ballon par Rapport zu der kaler ronderëm eng manner groussDensitéit huet, an de Ballon deemno enOpdriff kritt.

Et ass dat eelst Loftgefier, mat deem de Mënsch an d'Luucht goe konnt. Den21. November1783 ass eng éischt Kéier e Ballon, deen net un enger Léngt houng, mat 2 Leit dran, demJean-François Pilâtre de Rozier an demFrançois Laurent d'Arlandes fléie gelooss ginn. Erfonnt a gebaut haten en d'BridderJoseph-Michel a Jacques-Etienne Montgolfier. E Waarmloftballon heescht nach haut op FranséischMontgolfière.

Scho Joerhonnerte virdrun haten d'Chinese klengLampione mat waarmer Loft fléie gedoen, an an Europa hat schonn deBartolomeu de Gusmão den 8. August 1709 en onbemannte Ballon mat waarmer Loft fléie gedoen.

Ier se Leit fräi fléie gelooss hunn, haten d'Bridder Mongolfier fir d'éischt mat Déieren, an da mat engem Ballon un enger Léngt drun, experimentéiert.

1794 bei derSchluecht vu Fleurus, gouf e Waarmloftballon eng éischt Kéier militäresch agesat, fir vun do aus e besseren Iwwerbléck iwwer d'Schluechtfeld ze hunn.

zu Lëtzebuerg

[änneren |Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gëtt et e Veräin, dee sech mam Waarmloftballon-Fléien ofgëtt, d'Commune Aérostatique du Grand-Duché de Luxembourg.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Waarmloftballonen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Waarmloftballon&oldid=2550464
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp