Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Vulkan

Vu Wikipedia
De Mahameru (Indonesien)

EVulkan ass eng Plaz op der Äerduewerfläch, wouMagma erauskënnt. Do, wou déi erausprojezéiert gëtt oder erausleeft, entsteet e koneschen oder schëldfërmege Bierg mat engem Krater op der Spëtzt.All Virgäng, bei deene fest, flësseg oder gasfërmeg Stoffer aus derÄerd op d'Uewerfläch kommen, heescheVulkanismus.

Wann d'Energie aus der Déift vun der Äerd bis beiÄerdkuuscht kënnt räisst se s'auserneen. Déi Hëtzt, déi eropkënnt, deet e Vulkan späizen an d'Äerdseismech zidderen.

D'Äerdplacken, déi déi baussecht Schicht vun der Äerd bilden, ginn no ënne gezunn, wou se deelweis duerch déi enorm Hëtzt schmëlzen. Doduerch kënnt da Magma erop a formtVulkanketten. Op enger aner Plaz komme Sailen aus waarme Gestengs,Plumes genannt, erop. D'Lava kënnt aus sougenanntenHotspots erausgefloss a léisstVulkaninselen entstoen.

All déi Prozesser erstinn duerch de gliddegenÄerdkär, deen all seng Hëtzt no baussen ofgëtt, wéi och duerchradioaktiv Prozesser amÄerdmantel an der Äerdkuuscht.

Opbau vun engem Vulkan

[änneren |Quelltext änneren]

Vill explosiv Vulkaner hu vill Schichte vu Material vun hire villen Ausbréch. Déif am Vulkan läit e Reservoir mat flëssegem Gestengs. Iwwer dëser Magmakummer féiert eSchaarschtech bei de Krater. Dee kann duerch déi erstarrt Lava zou sinn. Den Drock, dee sech duerch de Magma, een no uewe wëll kommen, entsteet, féiert dozou, datt dee Stopp ewechexplodéiert an de Magma erausgeschleidert gëtt.

Typpe vu Vulkaner

[änneren |Quelltext änneren]

D'Form vun engem Vulkan hänkt virun allem vu senger Lava of.Et gëtt sechs verschidde Forme vu Vulkaner:

Vulkanausbroch

Behuele vu Vulkaner

[änneren |Quelltext änneren]

Vulkaner entstinn do wou deMagma sech säi Wee duerch d'Äerdkuuscht sicht an dat meeschtens do wou scho Rëss sinn. Do fléisst de Magma dann un d'Äerduewerfläch oder op de Fong vum Mier. An den Tëscheraim vun dentektonesche Placken bilt d'Magma eng nei Äerdkuuscht an en neieVulkanréck.Si kënne sech awer och a sou enger Plack bilden. Si ginn duerch déi sougenanntHotspots amÄerdmantel verursaacht.

Vulkaner op der Äerd

[änneren |Quelltext änneren]

Et gëtt ronn 1.500 Vulkaner op derÄerd déi aktiv sinn. Déi meescht sinn net ze gesinn, well si um Grond vun de Mierer sinn.

Bekannt Vulkaner

[änneren |Quelltext änneren]

Déi zéng héchst aktiv Vulkaner

[änneren |Quelltext änneren]
Numm vum Vulkan (Lag)Héicht (m)
Ojos del Salado (Argentinien/Chile)6.885
Guallatiri (Chile)6.060
Cotopaxi (Ecuador)5.897
Lascar (Chile)5.641
Tupungatito (Chile)5.640
Popocatepetl (Mexiko)5.451
Ruiz (Kolumbien)5.321
Sangay (Ecuador)5.230
Kljutschewskaja Sopka (Russland)4.850
Purace (Kolumbien)4.590

Literatur zum Theema

[änneren |Quelltext änneren]

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Vulkaner – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Vulkan&oldid=2655837
Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp