Hir politesch Karriär huet d'Vjosa Osmani an hirer Jugend an derDemokratescher Liga vum Kosovo (LDK) ugefaangen, enger Zentrum-rietser Partei. Si huet Droit op den Universitéite vuPristina aPittsburgh studéiert an duerno als Stabscheffin a Beroderin vum deemolege kosovaresche PresidentFatmir Sejdiu (2006-2010) geschafft. Si war an der Kommissioun, déi d'Verfassung vun der Republik Kosovo geschriwwen huet. No der Onofhängegkeetserklärung vum Kosovo am Joer 2008 war d'Vjosa Osmani Member vun der kosovarescher Juristen-Ekipp bei der Prozedur virumInternationale Geriichtshaff, deen an engem juristeschen Avis d'Validitéit vun der Onofhängegkeetserklärung bestätegt huet.[2],[1]
Parallel dozou huet si vun 2006 op der Universitéit vu Pristina ënnerriicht, a vun 2010 un och op derAmerican University in Kosovo. Als Gaaschtdozentin ass si am Joer 2010-2011 op d'Universitéit vu Pittsburgh zréckgaangen; do huet si och 2015 mat hirem Doktortitel promouvéiert.
2010 gouf d'Vjosa Osmani an d'Presidence vun hirer Partei (LDK) gewielt. Tëscht 2011 an 2021 war si Deputéiert am Parlament vum Kosovo. Am Juni 2020 gouf d'Osmani vun hirem Posten als stellvertriedend Presidentin vun der LDK ofgesat, well si där hir Decisiounen ëffentlech kritiséiert hat. Am September 2020 huet si d'Partei ganz verlooss an deklaréiert, d'LDK hätt hir keng aner Wiel gelooss, mee datt bereet wier zeréckzekommen, wann d'Partei sech géif reforméieren.[3],[4]
Vu Februar 2020 bis März 2021 war d'Vjosa Osmani Spriecherin vum Parlament. Am November gouf si dunn als amtéierend Presidentin vum Kosovo ernannt, nodeem de PresidentHashim Thaçi no enger Uklo vum Spezialgeriicht, dat d'Verbriechen aus der Zäit vumKosovokrich verfollegt, zeréckgetruede war.
A Virbereedung op d'Parlamentswalen 2021 huet d'Osmani den 2. Januar 2021 d'Grënnung vun enger neier Partei mam NummGuxo ugekënnegt. Guxo huet sech op enger gemeinsamer Lëscht mat der lénksnationalistescherVetëvendosje! vum spéider PremierministerAlbin Kurti presentéiert. Béid Parteien, déi mat engem Antikorruptiounsprogramm ugetruede sinn, konnte grouss Walerfolleger verbuchen. D'Vjosa Osmani eleng krut iwwer 300.000 Stëmmen - dat war den héchste Score, dee jee eng Fra bei Parlamentswalen an der Republik Kosovo krut.[1]
De 4. Abrëll 2021 huet d'Parlament d'Vjosa Osmani am drëtten Tour mat 71 vun 120 Stëmmen zur Staatspresidentin gewielt. Si ass déi zweet Fra an deem Amt.[5]
De 15. Juni 2023 war d'Vjosa Osmani op Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg.[6]