Virginia ass 1607 alsbrittesch Kolonie gegrënnt ginn. Am selwechte Joer gouf do och déi éischt permanent englesch Siidlung,Jamestown, gegrënnt.
D'Meenunge ginn ausernee vu wou den Numm Virginia hierkënnt. Déi eng soen et wier zu Éiere vun der KinniginElizabeth I. vun England, si war net bestuet an hat och keng Kanner, dofir hire Bäinumm "Virgin Queen", déi aner menge Virginia wier eng Verballhornung vun engem Indianerwuert "Wingandacoa" oder och "Wingina".
Wärend demAmerikanesche Biergerkrich hu sech d'Bewunner am Weste vu Virginia zesumme gedoen an hiren eegene Staat gegrënnt:West Virginia. De Rescht ass loyal zu deKonfederéierte Staate vun Amerika bliwwen. Richmond gouf souguer als d'Haaptstad vun dëser neier Natioun erkläert. Duerch d'Besetzung vum Norde goungen nach aner Plazen u West Virginia verluer. Am Januar 1870, bal 5 Joer nom Enn vum Biergerkrich, gouf Virginia rëm als Staat an d'Union opgeholl.
Den aktuelle Gouverneur ass zanter dem 15. Januar 2022 deRepublikanerGlenn Youngkin. Historesch gesi gëtt d'Wal vum Gouverneur zanter 1977 vun där Partei gewonnen, déi net d'Presidentschaft gewonnen huet (2021 war dat mamdemokrateschePresidentJoe Biden). Déi eenzeg Ausnam war 2013.[1] Dem Gouverneur ass et verbuede fir konsekutiv Walen unzetrieden.
Fir d'Presidentschaftswal gëtt Virginia als eSwing State bezeechent, also hunn d'Republikaner genee wéi och d'Demokraten eng gutt Chance de Staat amElectoral College ze gewannen. Zanter 2008 awer hunn d'Demokrate véiermol hannereneen d'Wale fir d'Presidentschaft do gewonnen.