D'Virgeschicht oderUrgeschicht ass de längsten Deel (méi wéi 99%) vun der Mënschheetsgeschicht. Eigentlech ass de BegrëffVirgeschicht absurd well et kengGeschicht virun der Geschicht gëtt. Trotzdeem ass en duerch d'Fuerschung kloer definéiert. Traditionell fänkt d'Virgeschicht mam éischte Geschier aus Steen virun ongeféier 2,5 Millioune Joren un, an hält beim Opdauche vun den éischte Schrëften op, dem Ufank vun derProtogeschicht. Et ass dann och verständlech datt dës Datatioun weltwäit verschidden ass.
Vum Ufank vun der Mënschheet bis zur Aféierung vun derMetallurgie (a Mëtteleuropa viru ronn 4.000 Joer) nenne mir d'Steenzäit. A Mëtteleuropa ginn als éischtKoffer, daBronze a schliisslechEise verschafft. An anere Regioune feelen d'Koffer- an/oderBronzezäit.