Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Vichy

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Vichy

LandFrankräich
RegiounAuvergne-Rhône-Alpes
DepartementAllier
ArrondissementVichy
KantonVichy-1 /Vichy-2
Postcode03200
Gemengecode03310
Koordinaten46° 07’ 40’’ N
      03° 25’ 36’’ O
Fläch 585 ha
Bevëlkerung 25 068(2015)
D'Gemengegrenzen

D'Gemengegrenzen
D'Gemengegrenzen

Vichy ass eng franséisch Stad amDepartement Allier an der RegiounAuvergne-Rhône-Alpes

Geographie

[änneren |Quelltext änneren]

Vichy läit um rietsen Uwänner vumAllier, dem Haaptniewefloss vun derLoire um Bord vumLimagne-Flaachland an derMontagne bourbonnaise. Duerch d'Uertschaft leeft deSichon deen allerdéngs um Territoire vu Vichy ganz an engem Bëtongsbett leeft.

D'Stad ass haaptsächlech fir sengHeelquelle bekannt. D'Waasser vu Vichy gëtt iwwregens ënner den NimmVichy Célestins aVichy Saint-Yorre weltwäit a Fläsche verkaaft.

E ganze Koup vu Fräizäit- a Sportinstallatiounen déi ënner dem Hutt vu Vichy bedriwwe ginn, wéi de z. B. deGolfclub oder denHippodrom, fir nëmmen déi ze nennen, leien op Nopeschgemengen.

Nopeschgemengen

[änneren |Quelltext änneren]
Rose des ventsCharmeilCreuzier-le-VieuxRose des vents
NCusset
W   Vichy   O
S
Bellerive-sur-AllierAbrestLe Vernet

Geschicht

[änneren |Quelltext änneren]

Wärend demZweete Weltkrich war Vichy, amonbesate Frankräich, bis 1942 d'7. Arméi vun derWehrmacht, no deralliéierter Landung an Nordafrika, deen Deeloch besat huet, de Sëtz an domat de facto d'Haaptstad vumÉtat français deen, ënner der Leedung vum MarschallPhilippe Pétain,Pierre Laval,François Darlan aPierre-Étienne Flandin enk matNazidäitschland kollaboréiert huet. Vichy hat, alsThermalstad, vill grouss a confortabel Hotellen, an deenen dem Pétain seng Ministere sech mat hire Servicer a Famillje konnten aquartéieren. Dofir gouf Vichy nodeemsTours aBordeaux[1] besat waren aClermont-Ferrand[2] sech als ze kleng erwisen hat, als Regierungssëtz erausgesicht. Deem Ëmstand hat Vichy et och ze verdanken, datt et amplaz vuLapalisse engËnnerprefecture gouf an et nom Krich blouf.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Vichy – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och

[Quelltext änneren]

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Tours a Bordeaux waren zäitweis am Juni 1940 de Sëtz vun der Franséischer Regierung
  2. Clermont-Ferrand war Sëtz vun der Regierung vun no der Armistice bis Ufanks Juli 1940
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Vichy&oldid=2439703
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp