Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Vestmannaeyjar

Vu Wikipedia
DëseGeographiesartikel ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Vestmannaeyjar
Geographie
LandIsland
Läit an/amAtlanteschen Ozean
Koordinaten63°24'59,0"N, 20°16'58,1"W
Fläch16,3 km²
Héchste PunktHeimaklettur (283 m)
Verwaltung
Demographie
Awunner4.523
Awunnerdatum2023
Aner Informatiounen
ZäitzonUTC±0
Hafen an Uertschaft vun Heimaey, geknipst vun den Häng vum Bierg Háhá. Bjarnarey läit hanner dem Lavafeld riets, an Heimaklettur heescht de Bierg lénks
Heimaey virun an nom nom Vulkanausbroch 1973
Heimaey wärend der Eruptioun

D'Vestmannaeyjar (iwwersat:Westmännerinselen) sinn engInselgrupp amAtlanteschen Ozean déi engvulkanesch Originn hunn a südlech vunIsland leien. Si bestinn aus 14Inselen, 30Schären an 30Fielsen.

Heimaey [ˈhɛi̯maɛi̯] ass mat Ofstand déi gréisst an eenzeg Insel, déi stänneg bewunnt ass. Op hir läit eng Uertschaft mat 4.523 Awunner(2023), déi de selwechten Numm huet. Si huet Enn Januar1973 an aller Vitess missen evakuéiert ginn, well en neie Vulkan, denEldfell, direkt bei der Uertschaft ausgebrach ass. Glécklecherweis ass kee Mënsch zu Schued komm, well déi ganzFëschereiflott wéinst engem Stuerm deen Dag virdrun am Hafen bliwwe war a sou d'Leit evakuéiert konnte ginn. Méintlaang huet de VulkanLava anÄsche gespaut, an et bestoung d'Gefor, datt d'Zoufaart zum Hafen zougeschott kéint ginn, wat de Leit d'Liewensgrondlag entzunn hätt. EGeolog koum op d'Iddi, mat alle Pompelen, déi opzedreiwe waren, d'Lava mat Mierwaasser ofzekillen, wat dann och gemaach gouf. De Lavafloss huet dann och no e puer Méint an der Entrée vum Hafe stallgehalen.

Och haut nach kann een op de Lavasteng d'Hëtzt ënner de Fousssuele spieren. Haiser, déi beim Vulkanausbroch verschott goufen, ginn zanter e puer Joer erëm ausgegruewen, wat hinnen den NummPompei Norðursins ("Pompeji vum Norden") ginn huet.

D'Uertschaft Heimaey lieft och haut nach haaptsächlech vun der Fëscherei a gehéiert zu de räichste Gemengen an Island. D'Insele sinn entweeder um Loftwee oder mat engerFär z'erreechen.

Déi eenzel Inselen heeschen:

  • Heimaey (13,4 km²)
  • Surtsey (1,9 km² / eréischt 1963 bei engem Vulkanausbroch entstanen)
  • Elliðaey (0,45 km²)
  • Bjarnarey (0,32 km²)
  • Álsey (0,25 km²)
  • Suðurey (0,20 km²)
  • Brandur (0,1 km²)
  • Hellisey (0,1 km²)
  • Súlnasker (0,03 km²)
  • Geldungur (0,02 km²)
  • Geirfuglasker (0,02 km²)
  • d'InselenHani,Hæna anHrauney, grad wéi d'SchärGrasleysa, droen den NummSmáeyjar (Klenginselen).

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Vestmannaeyjar – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Vestmannaeyjar&oldid=2463931
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp