Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Veronica Lake

Vu Wikipedia
Veronica Lake
GebuertsnummConstance Frances Marie Ockelman
Gebuer14. November1922
Brooklyn
Gestuerwen7. Juli1973
Burlington
DoudesursaachHepatitis
NationalitéitUSA
EducatiounMcGill University
AktivitéitSchauspiller, Pilot, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller,Mannequin, Filmschauspiller
GielercherStär um Hollywood Walk of Fame
Famill
Bestuet matJohn S. Detlie,André De Toth

D'Veronica Lake, gebuer de14. November1922 alsConstance Frances Marie Ockelman zuBrooklyn am StaatNew York, a gestuerwen de7. Juli1973 zuBurlington amVermont, war engUS-amerikaneschHollywood-Schauspillerin.

No e puer Rollen am Theater ass si ufanks vun den 1930er Jore bei de Film gaangen an huet e puer Niewerolle beiParamount gespillt. 1941 hat si matI Wanted Wings hiren Duerchbroch. Besonnesch hir Coiffure déi se do hat gouf duerno vu Millioune Frae kopéiert, an de Studio huet deen Image zu hirem Markenzeeche gemaach. E weider grousse Succès dat Joer warThis Gun for Hire mamAlan Ladd, mat deem se zesummen nach e puer aner Filmer gedréint huet. Och vun 1941 assSullivan's Travels vumPreston Sturges, wou si mamJoel McCrea d'Haaptroll hat. Dat Joer drop war si mamFredric March amRené Clair sengem KaméidisfilmI Married a Witch an der Titelroll ze gesinn. 1943 hat si en Optrëtt an der PropagandarevueStar Spangled Rhythm an och hir bescht Roll am KrichsfilmSo Proudly We Hail!, wou s'eng Infirmière spillt, déi vun de Japaner gefaange geholl gouf.

No 1944 ass der Veronica Lakes hir Carrière séier op en Enn gaangen. Si war extreem onbeléift bei hire Kolleegen a war zanter den 1940er Joren eng staarkAlkoholikerin. An den 1950er huet se nach an där enger oder anerer Tëleesserie matgespillt, an huet nach eng Kéier 1966 an 1970 zwéi Filmer gedréint, déi awer weider kee Succès haten.

Filmographie

[änneren |Quelltext änneren]

Kino

[änneren |Quelltext änneren]

Literatur

[änneren |Quelltext änneren]
  • Veronika Lake, Donald Bain:Veronica - The Autobiography of Veronica Lake. Bantam Books, 1972.
  • Jeff Lenburg:Peekaboo - The Story of Veronica Lake. Universe, 2001,ISBN 0-595-19239-4.
  • Brenda J Mills:Veronica Lake: A Photo Gallery: The Peekaboo Blonde. CreateSpace, 2008,ISBN 1-4404-0969-2.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Veronica Lake – Biller, Videoen oder Audiodateien
Autoritéitskontroll
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Veronica_Lake&oldid=2586948
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp