D'Vereent Natiounen ((en)United Nations oderUN, dacks och alsUNO firUnited Nations Organization ofgekierzt;(fr)Organisation des Nations unies oderONU) ass eng globalinternational Organisatioun. Hir wichtegst Ziler sinn et den internationale Fridden ze sécheren, der wirtschaftlecher a sozialer Entwécklung virunzehëllefen an drop Uecht ze ginn, datt d'Mënscherechter agehale ginn.
D'Vereent Natioune versti sech als Mëttelsorganisatioun tëscht de Staaten a schaffen, do wou se gebraucht ginn, aktiv fir méi international Kooperatioun.
2001 kruten d'Vereent Natiounen an hiren deemolege Generalsekretär, deKofi Annan, deFriddensnobelpräis fir hiren Engagement ëm en internationaalt bessert Versteesdemech an de Fridden an der Welt.
Den Churchill an de Roosevelt op der HMS Prince of Wales (1941)
D'Iddi vun enger weltwäiter, iwwernationaler Organisatioun déi sech dofir asetzt de Fridden ze hidden aKricher ze verhënnere gouf déi éischt Kéier a Form vumVëlkerbond (1920-1946) ëmgesat. D'Virgängerorganisatioun vun de Vereenten Natioune war als reng diplomatesch Plattform konzipéiert an eng ganz Rëtsch Länner, dorënner d'USA an d'Sowjetunioun, waren ni Member oder sinn, wéiDäitschland aJapan, spéider nees ausgetrueden. De Vëlkerbond ass doduerch relativ séier u seng Grenze gestouss a gouf kuerz nomZweete Weltkrich vun de Vereenten Natiounen ofgeléist.
Nach wärend dem Krich, de14. August1941, hunn den US-amerikanesche PresidentFranklin D. Roosevelt an de brittesche PremierWinston Churchill d'Atlantik-Charta proklaméiert. Am Dokument sinn éischt programmatesch Iwwerleeungen a Richtung vun enger neier Weltorganisatioun festgehalen. An derDeclaration by United Nations vum1. Januar1942 beruffe sech 26 Staaten, dorënner ochLëtzebuerg, op d'Prinzipie vun der Atlantik-Charta.
D'Charta ass d'Konstitutioun vun de Vereenten Natiounen a bënnt d'Memberstaaten opgronn vumDroit international public.
An der Charta sinn d'Ziler a Reegelen, d'Kompetenzen an d'Organisatioun vun der UNO festgehalen. Inhaltlech ass d'Dokument eminent vun den Erliefnesser aus dem Zweete Weltkrich, de Verbrieche vum Hitler-Regime, dem Scheitere vum Vëlkerbond an der Weltwirtschaftskris an den 1930er Jore geprägt.
D'Charta huet eng Präambel an 19 Kapitele mat 111 Artikelen.
2017 hat d'UNO 193 Memberstaate mat gläichberechtegt Stëmmrecht an der UNO-Vollversammlung. Domat sinn d'Vereent Natioune virun derOrganisatioun fir islamesch Zesummenaarbecht déi gréisst tëschestaatlech Organisatioun op der Welt. Als lescht Land ass deSüdsudan am Juli 2011 Member ginn. Jiddwer Member muss sech den an der Charta formuléierten Ziler a Reegele vun de Vereenten Natioune verflichten.
E puer Länner, déi net vun alle Staaten unerkannt ginn, si kee Member an der Vereenten Natiounen, wéi zum BeispillTaiwan, deKosovo oderAbchasien aSüdossetien. De Grënnungsmember Taiwan, deemools als China unerkannt, war bis 1971 am Sécherheetsrot vertrueden, huet dunn awer nom Vote vun der Generalversammlung de Stull fir d'Volleksrepublik China misse fräimaachen.
DeSécherheetsrot (Security Council;Conseil de sécurité) ass d'Zentralorgan vun de Vereenten Natiounen an huet 15 Memberen.China,Russland,Frankräich,Groussbritannien an d'USA sinn ëmmer vertrueden an hunn, doduerch datt all Decisioun eestëmmeg vun hinnen akzeptéiert gi muss, en indirektVetorecht. Déi aner 10 Membere gi jeeweils op zwee Joer vun der Generalversammlung gewielt.
D'Generalversammlung (General Assembly;Assemblée générale). All Memberstaat huet ee Sëtz an eng Stëmm. D'Generalversammlung ka Proposen a Recommandatiounen un de Sécherheetsrot riichten un déi dësen awer net gebonnen ass.
Wirtschafts- a Sozialrot (Economic and Social Council;Conseil économique et social): huet eng consultativ Roll bei Froen zu der internationaler wirtschaftlecher a sozialer Kooperatioun.
DenInternationale Geriichtshaff (International Court of Justice;Cour internationale de Justice): zoustänneg fir d'Klärung vu tëschestaatleche Streidereien.
DeConseil de tutelle (Trusteeship Council) huet seng Aarbecht an Tëschenzäit suspendéiert a kënnt just nach zesummen, wann e gebraucht gëtt.
Hiren Haaptsëtz hunn d'Vereent Natiounen zuNew York. Den Terrain laanscht den East River gouf vumJohn Davison Rockefeller Junior gestëft an zanter1951 sinn hei fënnef vun deene sechs Haaptorganer doheem.
D'Vereent Natioune finanzéiere sech haaptsächlech iwwer obligatoresch Kontributioune vun de Memberlänner. All Land ass dozou verflicht e gewësse Prozentsaz vum Budget ze droen. De Maximum wat en eenzele Staat bäisteiere ka läit bei 22%. De Gros vum Zweejoersbudget gëtt vun nëmmen engem Grapp voll Länner gedroen.
2017 hat d'UNO e reguläre Budget vu 5,6 Milliarden US-Dollar an e Budget vu 7,3 Milliarden USD fir Friddensmissiounen (Juli 2017 bis Juni 2018). Gréisst Geldgiewer fir de reguläre Budget 2016-18 sinn d'USA (22%),Japan (9,68%),China (7,92%),Däitschland (6,39%) aFrankräich (4,86%). Beim Budget 2016-18 fir d'Friddensmissioune waren et nees d'USA (28,47%), China (10,25%), Japan (9,68%), Däitschland (6,39%) a Frankräich (6,29%).[1]
Spezialprogrammer (wéi z. B. d'UNICEF) ginn entweeder duerch Extracotisatiounen oder fräiwëlleg Leeschtunge finanzéiert.