D'University of California (UC) ass nieft demCalifornia-State-University-System dat zweetkalifornescht System vu bundesstaatlechenUniversitéite mat am Ganzen iwwer 192.000 Studenten (offiziell gëtt et nach d'Community Colleges California als drëtt). Et gëtt eng „University of California“ an 10 Stied.
Déi eenzel Universitéite sinn onofhängeg vuneneen. Si deele sech e gudde Ruff fir d'Qualitéit vun hirer Ausbildung. Vill vun den Universitéiten hunn Nobelpräisdréier an aner Spëtzefuerscher als Professeren. An de leschte Jore goufen d'Nobelpräisser fir Physik a Wirtschaft un d'UC-Professere zu Santa Barbara resp. San Diego verginn.
D'Grënnung vun den Universitéite gouf schonn an der kalifornescherVerfassung vun1849 virgeschriwwen.1866 gouf vum Legislateur den 'Agricultural, Mining, and Mechanical Arts College gegrënnt. Am Ufank hat et dem College fir en normale Betrib ze féieren u finanzielle Mëttele gefeelt. D'Sponsore vum College of California hunn am Joer1866 65 Hektar Land, um Gebitt vum haitege Berkeley, kaf.
Den23. Mäerz1868 gouf schliisslech d'University of California mat Vertrag gegrënnt an domat déi eelst Deeluniversitéit, d'UC Berkeley (UCB). De jéngsten Ofleeër gouf1999 zuMerced gegrënnt,2002 war d'Ouverture an am September2005 gouf de Léierbetrib opgeholl.