Ulrike Bail | |
---|---|
Gebuer | 28. Mee1960 Metzingen |
Nationalitéit | Däitschland |
Educatioun | Eberhard Karls Universitéit Tübingen |
Aktivitéit | Dichter,Theolog |
Member vun | A:LL Schrëftsteller*innen |
Gielercher | Concours littéraire national 2020,Servais-Präis |
![]() |
D'Ulrike Bail, gebuer den28. Mee1960 zuMetzingen[1][2], ass engdäitschTheologin aSchrëftstellerin.
Si huet op derUniversitéit Tübingen evangeelesch Theologie a Germanistik studéiert, an dono an derWürttembergischen Landeskirche hiertVikariat gemaach. 1997 huet si op derUniversitéit Bochum an evangeelescher Theologie promovéiert, an och do 2003 habilitéiert. Am selwechte Joer gouf si zu Bochum Privatdozentin fir datAalt Testament. 2004 huet sifeministesch Theologie an theologesch Fraefuerschung op derHumboldt-Universität zu Berlin enseignéiert[1].
Si lieft zanter 2005 zuLëtzebuerg.
D'Ulrike Bail huet Texter an Artikelen iwwer theologesch Theeme publizéiert. Zanter den 2010er Jore schreift si ochGedichter. Dës goufen ë. a. anLes Cahiers luxembourgeois oder amJahrbuch der Lyrik publizéiert.
2011 koum hiren éischte Gedichtsband,wundklee streut aus.47 gedichte über theodora eraus.
2020 krut si den éischte Präis amnationale Literaturconcours firstatt einer ankunft. 2011 an 2015 hat si beideem Concours allkéiers den 2. Präis kritt.
Fir de Gedichtsbandwie fiele faden tief, deen 2020 publizéiert gouf, krut si 2021 deServais-Präis.