Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

X (Soziaalt Netzwierk)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n)Twitter)
X
Grënnungsdatum21. Mäerz2006
GrënnerJack Dorsey, Biz Stone, Evan Williams
SëtzSan Francisco
BesëtzerX Corp.
BrancheInternet
Homepagehttps://x.com
De Logo vum fréieren Déngscht Twitter (lénks) an den neie Logo vun X

X (viru Juli 2023Twitter), ass esoziaalt Netzwierk an eMikroblogging-Déngscht umInternet.

Am Juli 2023 krut Twitter (vumEngleschentwitter, iwwersat matGezwitschers, Gepäifs, Geschnadders) am Kader vun engemRebranding den neien Numm X. Den Déngscht gehéiert derUS-amerikanescher FirmaX Corp. (virdrunTwitter Inc.).

Leit déi kee Benotzerkont hunn, kënnen den Déngscht just ganz restriktiv benotzen, d. h. datt s'e limitéierten Accès op déi eenzel Beiträg (Tweets genannt) hunn. Déi, déi e Kont hunn, kënnen Texter mat bis zu 280 Zeechen (4000 Zeechen an der Bezuelversioun), grad wéi Biller a Videoe publizéieren.

Geschicht

[änneren |Quelltext änneren]

Den Déngscht gouf am Mäerz 2006 ënner dem Nummtwttr (vuntwitter, ouni d'Vokaler) gegrënnt a war séier op der ganzer Welt populär. Den éischten Tweet gouf den 21. Mäerz 2006 vum MatgrënnerJack Dorsey mam Inhalt “just setting up my twttr.” verschéckt. Uganks gouf Twitter alsSMS-baséiert Plattform entwéckelt, wat och d'Limitt vun deemools 140 Zeechen pro Tweet erkläert. Am Hierscht 2006 gouf den Déngscht en Deel vun der MammegesellschaftObvious, ier den Jack Dorsey, de Biz Stone an den Evan Williamsam am Abrëll 2007Twitter Inc. als eng eegeGesellschaft gegrënnt hunn.

Twitter ass konstant gewuess an eleng am Joer 2010 hunn sech ronn 100 Milliounen nei Benotzer registréiert.

Vun Abrëll 2010 u konnt Twitter iwwer engApp opSmartphonen anTablette benotzt ginn.

Enn Oktober 2022 huet denElon MuskAktien am Wäert vu 44 MilliardenUS-Dollar vun Twitter kaaft a gouf domat Proprietär vum Mikroblogging-Déngscht. Geschwënn duerno huet hien d'Hallschent vun de Mataarbechter entlooss an eng ganz Rëtsch finanzstaark Annonceuren hunn sech vun der Plattform zeréckgezunn. Twitter hat zu deem Moment och ëmmer nees mat technesche Problemer ze kämpfen. De Musk huet ugekënnegt, Twitter zu enger Plattform ze maachen, wou jidderee poste kéint wat e wéilt an datt Tweets déi et mat der Wourecht net ganz eescht huelen, net méi speziell markéiert géifen. Op der anerer Säit huet hie Benotzerkonte an deenen hie kritiséiert oder parodéiert gouf, geläscht. Aner Konten, déi virdru wéinst der Verbreedung vu falschen Informatioune blockéiert goufen, huet hien nees fräigeschalt.

Am Juli 2023 ass de legendäre bloeVull (ursprénglech „Larry“ genannt) mam neie Logo ersat ginn; et handelt sech dobäi ëm d'Duerstellung vumUnicode-Zeechen𝕏 (mathematesche grousseBuschtaf X mat engem duebele Stréch, U+1D54F). Dëse Rebranding sollt en éischte Schrëtt si vun enger Visioun vum Musk, déi scho méi laang bestoung. De sozialen Déngscht sollt an Zukunft zu enger Allzweck-App weiderentwéckelt ginn, mat där een Text-, Biller-, Video- an Audiocontenuen erstelle kann an iwwer déi een och bezuelen oder aner Online-Servicer benotze kann.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: X (Soziaalt Netzwierk) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
Autoritéitskontroll
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=X_(Soziaalt_Netzwierk)&oldid=2607316
Kategorie:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp