Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Troja

Vu Wikipedia
D'Stadmauere vun Troja.

Troia oderTroja (gr.:Τροία,Τροίη;lat.:Troia, Ilium;tierk.:Truva, an den Altertumswëssenschafte gëtt de lat. Numm benotzt[1]) war engantik Stad an der LandschaftTroas am Nordweste vun der haitegerTierkei umHellespont an derProvënz Çanakkale.

Hisarlık ass den tierkeschen Numm vun engem 15 Meter héijen Hiwwel. D'Stad, déi un denDardanellen louch, huet den Zougank zumSchwaarze Mier kontrolléiert. D'Schëffer konnten deemools nach net géint de Wand kräizen, also hu si am Hafe vun der Festung op de gënschtege Wand gewaart. HireWeezoll, d'Lotsen- a Schutzsteieren hunn der Stad Räichtum bruecht. Grouss Berüümtheet krut Troja an derAntiquitéit duerch d'DichtungIlias vumHomer, deen hei de legendärenTrojanesche Krich beschriwwen huet. Nach an derSpéitantiquitéit gouf d'Plaz mat hire legendären Helden amRéimesche Räich héich veréiert. Mam Ufank vumMëttelalter gouf Troja a seng Lag vergiess.

Opgrond vun de Resultater vun den Ausgruewunge vun de leschte Joren, ass bei de Fachleit haut onbestridden, datt Troja d'Bün fir denTrojanesche Krich war, dee vumHomer beschriwwe gouf. Beim Homer heescht d'Plaz virun allemIlion oderIlios (gr.: Ἴλιον, Ἴλιος).

Troja an de Legenden

[änneren |Quelltext änneren]
D'Trojanescht Päerd virum Schliemann-Musée zuAnkershagen.

Der Legend no war denDardanos de Grënner vun der Dynastie vun de Kinneke vun Troja. Hien ass virun derSintflut geflücht, an huet aPhrygien beim KinnekTeukros Asyl kritt. Nom Doud vumTeukros war hien den eenzegen Ierwen, andeems hie sech mat derBateia, der Duechter vum Teukros, bestuet huet. Verschidden alen Traditiounen no koum den Dardanos aus dem ale Stamm vun den Dardanier umBalkan (am aktuelleKosovo). Den Numm Dardanier gouf op allefall benotzt, fir d'Trojaner selwer ze beschreiwen.

DenTros, en Enkel oder Urenkel vum Dardanos, war deneponymenHeros vunTroas a vun Troja. D'Stad selwer gouf vu sengem Jong, demIlos (och "Ilion") gegrënnt.

DeLaomedon, de Jong vum Ilos, ass no him op den Troun komm. DePoseidon an denApollo, déi vumZeus gestrooft goufen, hu fir dëse grausame Kinnek d'Mauere vun Troja gebaut, mä goufe vum Kinnek net bezuelt, wéi hien et versprach hat. De Laomedon huet souguer gesot, hie géif hinnen d'Oueren erofschneiden. D'Gëtter hu sech gerächt. Den Apollo huet engPeschtepidemie op Troja lassgelooss, an de Poseidon huet engem Monster aus demMier den Uerder ginn, d'Awunner ze friessen, an d'Felder duerch Mierwaasser ze zerstéieren.

D'Orakel vumZeus-Amun huet demLaomedon geroden, seng DuechterHesione z'afferen, a si um Ufer ze loossen, fir datt d'Monster aus dem Mier si friesse kéint.

Den Herakles géint Troja

[änneren |Quelltext änneren]

Sou huet denHerakles, deen zesumme mamIason op der Sich nomGëllene Vlies aKolchis gereest war, d'Hesione um Ufer vun Troja fonnt, komplett plakeg an nëmme mat hire Bijoue bekleet. Den Herakles huet d'Kette gesprengt, an ugebueden, d'Monster ëmzebréngen, wann hien déi zwee onstierflech Päerd géif kréien, déi denZeus demLaomedon fir d'Entféierung vumGanymed geschenkt hat.

D'Trojaner hunn doropshin eng héich Mauer e bëssen ewech vun der Küst gebaut. Wéi d'Monster un der Mauer ukomm ass, huet et seng grouss Schnëss opgerappt, an denHerakles ass an den Hals vum Monster gesprongen. No dräi Deeg koum hien als Gewënner aus dem Bauch vum Monster eraus, mä hat all seng Hoer verluer. DeLaomedon soll denHerakles doropshin ugeschass hunn, an him amplaz vun den onstierfleche Päerd zwee ganz normal Päerd ginn hunn. Den Herakles huet sech voller Roserei op sengem Schëff dovugemaach, an huet Troja de Krich versprach.

Den Herakles huet zuTiryns Zaldote rekrutéiert, a Schëffer prett gemaach ; zu sengem Alliéierten hunn deIolaos, denTelamon, dePeleus, denOekles vunArgos an denDeimachos vuBöotien gezielt.

Johann Georg Trautmann,Blick auf das brennende Troja.

Den Herakles ass virun Troja gelant, an huet d'Schëffer dem Oekles iwwerloss. De Laomedon huet d'Vollek op d'Schëffer geschéckt, fir dëi ze verbrennen, mä den Oekles huet bis zu sengem leschten Otemzuch duerchgehalen, an de Schëffer erlaabt, nees op d'Mier erauszefueren. DemTelamon ass et gelongen, e Lach an d'Mauer ze schloen, an an d'Stad eranzekommen. Den Herakles huet de Laomedon, an all seng Jongen, bis op de jonkePodarkes ëmbruecht. D'Hesione gouf demTelamon geschenkt, an duerft e Prisonéier vun hirer Wal fräikafen. Si huet sech fir hire jonke Brudder Podarkes entscheet. Dee gouf vun elo uPriamos genannt, wat sou vill heescht wéi "zeréckkaaft".

Nodeem hien d'Stad néiergebrannt hat, ass den Herakles nees fortgezunn, an huet dePriamos um Troun gelooss.

Den trojanesche Krich

[änneren |Quelltext änneren]

D'legendär Geschicht vum Krich tëscht deGriichen an Troja ass d'Thema vun derIlias vumHomer, vun den Epen aus demTrojaneschen Zyklus a vun derAeneis vumVirgil.

Den Ursprong vumTrojanesche Krich war d'Entféierung vun der schéinerHelena, der Fra vumMenelaos, Kinnek vuSparta, duerch deParis. Fir d'Trojaner ze bestrofen, hu sech d'griichesch Kinneken zesummegedo, an hunn d'Stad zéng Joer laang belagert. Duerch en Trick vumOdysseus, mamTrojanesche Päerd, konnte si an d'Stad erakommen, a se plëmmen.

Entdeckungs- an Ausgruewungsgeschicht

[änneren |Quelltext änneren]

Déi éischt Troja-Fuerscher

[änneren |Quelltext änneren]
Bléck vun Hisarlık aus dem „Schliemanngruef“ iwwer de Plateau vun derTroas op d'Dardanellen.

1820 huet deschotteschen Zeitungsverleeër an AmateurgeologCharles Maclaren en Essai iwwer Troja erausbruecht, deen hien1824 zu enger voluminéiser Dissertatioun erweidert huet, wou hien den HiwwelHisarlık als Troja lokaliséiert huet. En Deel vun dësem Hiwwel war deemools am Besëtz vun der englescher Groussgrondbesëtzer- an Diplomatefamill Calvert. Wéi de Maclaren1863 eng nach méi fundéiert Beschreiwung vum Plateau vun Troja erausbruecht huet, huet de jéngste Bouf vun der Famill, deFrank Calvert, versicht, de Rescht vum Hiwwel ze kafen. Dëst war kee Erfolleg, mä dofir konnt hien awer selwer e puer Ausgruewungen an de Joren1863-1865 maachen. Déi Ausgruewungen hunn hie sou beandrockt, datt och hie vun der Existenz vun Troja op dëser Plaz iwwerzeegt war. Hien huet seng Hypothees awer nach net zu enger Behaaptung ausgebaut, dëst huet eréischt deSchliemann gemaach[2]. Dem Calvert seng Ufro un deBritish Museum, dës Plaz z'erfuerschen, gouf net ugeholl.

Heinrich Schliemann

[änneren |Quelltext änneren]
Den Heinrich Schliemann.

Den9. August1868 koum den däitschen Händler an Hobby-ArcheologHeinrich Schliemann op de Plateau vun derTroas. Och hie war op der Sich nom legendären Troja, an huet fir d'éischt ënner dem HiwwelBalli Dağ, opgrond vun enger Thees vumJean-Baptiste LeChevalier (1791), gesicht. De Schliemann a seng fënnef Aarbechter konnten hei awer näischt fannen, a sou wollt hien nees zeréckreesen. Hien huet allerdéngs säi Schëff verpasst, an huet dobäi zoufälleg deFrank Calvert kennegeléiert, deen him erlaabt huet, a sengem Haus d'Nuecht ze verbréngen. De Calvert konnt de Schliemann mat senger Iwwerzeegung begeeschteren, datt ënner dem Hiwwel vunHisarlık d'Ruine vum legendären Troja misste sinn. De Schliemann huet, och wann et dacks anescht erzielt gëtt, ni bestridden, datt hien de wichtegsten Hiwäis vum Calvert kritt hat[3].

1873 huet de Schliemann der Ëffentlechkeet matgedeelt, datt hien Troja zuHisarlik fonnt hat; den Duerchbroch ass him awer duerch eng spektakulär Entdeckung am selwechte Joer gelongen[4]: dee vun him selwer sougenannteSchaz vum Priamos. Hien huet a villen Hisiichten nei Saache mat sech bruecht: dem Schliemann säi Ruhm als Wëssenschaftler, d'Begeeschterung vun derwilhelminescher Keeserzäit fir Troja a fir d'Archeologie am Allgemengen, déi elo an der Ëffentlechkeet vun enger Disziplin fir Amateuren a Reesender zu enger eeschter Wëssenschaftsdisziplin erhuewe gouf. De Schaz gouf laang Zäit am Musée fir d'Antiquitéit zuBerlin ënnerbruecht, an nomZweete Weltkrich an d'UdSSR verschleeft. Allerdéngs gouf et schonn zu Liefzäite vum Schliemann - ënner anerem duerch säi MataarbechterWilhelm Dörpfeld – éischt Hiweiser dorop, datt de Schaz iwwer 1000 Joer méi al war, wéi de Schliemann ugeholl hat.

Schonn de Schliemann huet geschriwwen, datt den Auteur vun derIlias eng grouss dichteresch Fräiheet ("Iwwerdreiwung") hat, an hie war sech och bewosst, datt hien net déi ganz Stad, mä nëmmen „die Pergamos [Burg] der Stadt“ [Troja] ausgegruewen huet.

Dörpfeld a Blegen

[änneren |Quelltext änneren]

Wéi weider Ausgruewungen erginn hunn, war Troja vun der fréierBronzezäit (zirka3000 v. Chr.) bis an d'Spéitantiquitéit bewunnt. Et goufen souguer Spuere fonnt, déi weisen, datt d'Gebitt nach méi fréi bewunnt war, an déi bis an d'5. Joerdausend v. Chr. zeréckginn. MamChrëschtentum huet d'Bedeitung vun der Stad, déi hir trojanesch Helden aus deLegende veréiert huet, ofgeholl. Den Afall vun deGoten am Joer276 huet d'Stad nach zimmlech gutt iwwerstanen, d'Gebitt gouf awer noÄerdbiewen um Enn vum5. Joerhonnert verlooss.

Bis haut goufe méi wéi 10Stratigraphien (Wunnschichten/Bauschichten) entdeckt (Troja I - Troja X), déi nees an iwwer 40 Feinschichten ënnerdeelt ginn. Dobäi zielen - vereinfacht ausgedréckt - Troja I (29502250 v. Chr.) an II (25502200) zu der fréier, Troja III-V (22001700) zu der mëttlerer, an Troja VI-VIIa (17001200) zu der spéiderBronzezäit. Troja VIIb (12001000) gehéiert zu der fréierEisenzäit. Troja VIII an IX datéieren an d'Zäit vum8. Joerhonnert v. Chr. bis an d'réimesch Zäit, Troja X, ebyzantinesche Bëschofssëtz geet bis an d'fréitMëttelalter.

Troja I louch nach direkt op der Plage. D'Zitadell Troja II hat eng Fläch vun zirka 9000 m² (véier Brandkatastrophen), vun Troja IV un huet sech d'Fläch verduebelt, Troja VI hat sech no Süden an Osten op zirka 50.000 m² vergréissert (d'"Ënnerstad" net matgerechent). Déi vum Auteur vun derIlias beschriwwe Festung kéint mat Troja VI identesch sinn (no anerer Usiicht mat Troja VIIa), wat um Enn vum13. an Ufank vum12. Joerhonnert v. Chr. ënnergaangen ass. Dobäi ass net sécher, op enÄerdbiewen oder eng Eruewerung Schold um Ënnergang war.

Querschnëtt vun Hisarlık

Ob och denTrojanesche Krich enhistoresche Kär huet, ass nach ëmmer net wierklech kloer. D'Lag vun der Stad Troja gëtt an der DichtungIlias vumHomer kloer beschriwwen: d'Dardanellen ginn ernimmt, den héchste Bierg ass denIda (Kazdagi), an et ginn zwéi Flëss ernimmt, deSkamandros (hautKaramanderes), an deSimois, déi bei Troja annenaner lafen, an duerno weider op denHellespont fléissen. Et gëtt och vun den InselenTenedos (hautBozcaada) an Imroz (Gökçeada) erzielt. Déi haiteg archeologesch Flächen ëmfaassen nëmmen d'Festung vun Troja. Mat zimmlecher Sécherheet gouf et och e groussen Deel vun der Stad baussent de Befestegungen.

DeSchliemann huet dat imposant Troja II aus der fréierBronzezäit fir dat homerescht Troja gehalen. Hie war deemools der - falscher - Meenung, datt dës Stad zäitgläich matMykene anTiryns war. DenDörpfeld huet déi 6. Wunnschicht (Troja VI) fir dat homerescht Troja gehalen. D'Schicht VIh ass ëm1300 v. Chr. awer warscheinlech duerch e staarktÄerdbiewen zerstéiert ginn. Dofir ass deCarl Blegen dovun ausgaangen, datt Troja VIIa dat homerescht Troja aus derIlias war. Dës Thees fënnt de meeschten Zousproch. No neie Keramikënnersichungen gëtt dat warscheinlech gewaltsamt Enn vun Troia op zirka1200 v. Chr. datéiert. Dat passt gutt zu de meeschten Datéierunge vumTrojanesche Krich duerchantik Auteuren. Als "Kandidat" fir d'Ilion vum Homer muss een awer och Troja VIIb1 a Betruecht zéien. Nieft dem Festhale vun den Traditioune vun Troja VI an VIIa kommen hei och nei Elementer op de Plang, zum Beispill déi sougenanntnHandmade Ware[5], déi op eng deelweis verännert Bevëlkerung schléisse léisst. Dat passt besser zu den Informatioune vumHomer. Och d'muechtpolitesch Verhältnesser aKlengasien, wéi den Homer se beschreift, passe gutt an dës Zäit. D'mykenesch Kultur hat am12. an11. Joerhonnert v. Chr. weiderbestanen. Och Handel a Séifaart goufe weider bedriwwen. E Krich vun denAchäer géint Troja géif gutt an d'12. Joerhonnert v. Chr. passen. Dogéint hätt en Zuch géint Troja am14. oder13. Joerhonnert v. Chr. wuel d'Hethiter op de Plang geruff, wat an hethitesche Schrëften ze fanne wier.

Hethiter-Thees vum Latacz

[änneren |Quelltext änneren]

Mä och an dësem Punkt bleift villes ongeklärt. D'Fro, wéi wäit een denHomer tatsächlech als Quell firhistoresch Evenementer vun der spéiderBronzezäit benotze kann, an ob et dann elo zu engemtrojanesche Krich komm ass, kënnen hei net wierklech behandelt ginn. Op jiddwer Fall hunn d'Theorië vun derGräzistik zumHexameter, an zum Entstoe vum Eepos, wéi se am Moment vumJoachim Latacz iwwerzeegend virgedroe ginn, an den neisten Ausgruewungsresultater eng Stäip fonnt.

Plang vun den Ausgruewungen zu Troja.

Troja ass mat grousser Warscheinlechkeet identesch mat der StadWilusa (= (W)Ilios), déi anhethitesche Quellen ernimmt gëtt, wat duerch d'Gruewunge vumtübinger ArcheologManfred Korfmann bestäerkt ginn ass. Sou gouf am Ausgruewungsberäich vun Troja eng ënnerierdesch Quellen-Anlag fonnt, déi an allen Eenzelheete mat der Beschreiwung vun enger Quell an der StadWilusa am sougenanntenAlaksandu-Vertrag iwwereneestëmmt.

Fir d'klasseschPhilologie ass zur Zäit de Latacz de wichtegsten Numm fir d'Historizitéit vun den homereschen Epen an och d'Verbindung mat dem Korfmannschen Troja. Weeder an der hethitescher, nach an der griichesch-réimescher schrëftlecher Iwwerliwwerung loosse sech eendeiteg Beweiser fir eng Identitéit vun Hisarlık mam homereschen Troja fannen, dat selwecht gëllt fir Wilusa.

De Korfmann an d'Entdeckung vun der Ënnerstad 1994

[änneren |Quelltext änneren]

D'Ënnersichungen hu sech haaptsächlech op d'Akropolis vun Troja beschränkt, d'Uewerstad. Dëst huet sech1988 mat engem internationalen Team ronderëm den Tübinger PrehistorikerManfred Korfmann geännert. Mat der Hëllef vum GeophysikerHelmut Becker gouf1992 duerchGeomagnetik-Miessungen eng grouss Ënnerstad ënner der Akropolis entdeckt. Zanterhier gouf bei den aktuellen Ausgruewunge vum Korfmann a sengem Team (zanter sengem Doud2005 elo ënner der Leedung vumErnst Pernicka) och verstärkt d'Ënnerstad erfuerscht. D'real Gréisst vun Troja ass domat an den Zentrum vun den Diskussioune geréckelt. Dem Korfmann seng Theesen iwwer d'Bedeitung vun Troja sinn an der Fuerschung zanter2001 op Widderstand gestouss, an hunn zu enger grousser Diskussioun bei dendäitschen Altertumswëssenschaftler gefouert.

Am Kär kreest dësTroja-Debatt, den „neue Streit um Troja“ ëm déi tatsächlech Gréisst a Bedeitung vum Troja an der spéiderBronzezäit. Wärend de Korfmann an Troja en iwwerregionalt Handelszentrum gesinn huet, hunn aner Alhistoriker an Archeologen d'Stad nëmmen als mëttelméisseg wichteg gesinn. De Protagonist vun dëser Grupp ass dem Korfmann säin fréieren Tübinger Kolleeg, den AlhistorikerFrank Kolb, deen och selwer an derTierkei gegruewen huet. Den Haaptvirworf un de Korfmann a seng akadeemesch Matstreider besteet an enger Vernoléissegung vu wëssenschaftlecher Virsiicht. Zanter dem Ufank vum Troja-Sträit huet de Korfmann verschiddener vu senge Gruewungsinterpretatiounen zeréckgezunn, an ass den Argumenter vun der Géigesäit e Stéck entgéint komm. Un der Gesamtinterpretatioun hält d'Team ronderëm de Korfmann a seng Nofollger allerdéngs fest. Eng eendeiteg Entscheedung konnt d'Ausernanersetzung och op engem wëssenschaftleche Symposium zu Tübingen am Fréijoer2002 net bréngen.

D'Korfmann-Positioun charakteriséiert haut d'Troia-Bild vun der interesséierter Ëffentlechkeet. Den ëffentleche Sträit huet sech zanter2004 ë bësse berouegt. Nom Doud vum Manfred Korfmann amAugust2005 gouf den Tübinger ArcheometallurgErnst Pernicka mat der wëssenschaftlecher Leedung vum Troja-Projet betraut. Fir d'Fortféierung vun der Aarbecht zu Troja am Summer2006 krut hie vun dertierkescher Antikendirektioun d'Lizenz. erdeelt. D'Ausgruewungsserie vun 18 Joer soll elo zu engem wëssenschaftlechen Ofschloss bruecht ginn. An engem beschränkten Ëmfang sollen och duerno d'Froen zu der bronzezäitlecher Stadbefestegung weider ënnersicht ginn. Ausserdeem erfuerderen d'Pfleg, d'Konservéierung an d'Presentatioun vumUNESCO-Weltkulturierwen Troja (1998) e groussen Opwand. Schliisslech soll nach e Musée virun den Diere vun Troja gebaut ginn.

Troja an Atlantis

[änneren |Quelltext änneren]

De GeoarcheologEberhard Zangger huet a sengem BuchAtlantis - Eine Legende wird entziffert, wat1992 erauskomm ass, d'Hypothees vertrueden, demPlaton säinAtlantis hättarcheologesch noweisbar Charakteristike mam historeschen Troja, a wier domat dat vun de Griichen zerstéiert Troja gewiescht.

Nowierkung

[änneren |Quelltext änneren]

Wéinst dem Numm vun der fréiererColonia Ulpia Traiana, hu sech bis an d'Mëttelalter och d'NimmTroia Minor (Kleng-Troia) anTroia Francorum (fränkescht Troia) firXanten entwéckelt. Ëm1100 huet d'Annolidd vun der Grënnung vu Xanten duerch d'Trojaner, déi amTrojanesche Krich verluer haten, erzielt:

 
Mëttelhéichdäitsch
Däitsch Iwwersetzung(Eberhard Nellmann, Reclam)
389
390
391
392
393
394
395
396
Franko gesaz mit den sînin
vili verre nidir bî Rîni.
dâ worhtin si duo mit vroudin
eini luzzele Troii.
den bach hîzin si Sante
nâ demi wazzere in iri lante;
den Rîn havitin si vure diz meri.
dannin wuohsin sint Vreinkischiu heri.
Franko ließ sich mit den Seinigen
ganz in der Ferne am Rhein nieder.
Dort erbauten sie damals mit Freuden
ein kleines Troja.
Den Bach nannten sie Sante
nach dem Fluss ihrer Heimat.
Den Rhein nahmen sie statt des Meeres.
Dort wuchs seitdem das fränkische Volk.

Nach wéi Xanten1444 un d'Herzogtum Kleve gefall ass, goufe schonn am selwechte Joer Mënze mat der Opschrëft„Joannes Troianorum Rex“ (Johannes, Kinnek vun den Troianer) geklappt.

Literatur zum Theema

[änneren |Quelltext änneren]
  • Heinrich Schliemann,Troja. Ergebnisse meiner neuesten Ausgrabungen, Harenberg Kommunikation, Dortmund, 1984.(ISBN 3-88379-439-2)
  • Archeologesche Landesmusée Baden-Württemberg,Troia. Traum und Wirklichkeit, Theiss, Stuttgart, 2001.(ISBN 3-8062-1543-X)
  • Birgit Brandau, Hartmut Schickert, a Peter Jablonka,Troia. Wie es wirklich aussah, Piper, München, 2004.(ISBN 3-492-04610-X)
  • Birgit Brandau,Troia. Eine Stadt und ihr Mythos, Lübbe, Bergisch Gladbach(ISBN 3-404-64165-5)
  • Peter Frisch,Die Inschriften von Ilion, Bonn, 1975.
  • Manfred Flügge,Heinrich Schliemanns Weg nach Troja - Die Geschichte eines Mythomanen, 2001.
  • Dieter Hertel,Troia. Archäologie, Geschichte, Mythos. Beck, München, 2001.(ISBN 3-406-44766-X)
  • Homer,Ilias, Reclam, Ditzingen, 2004.(ISBN 3-15-018299-9)
  • Manfred Korfmann an Dietrich Mannsperger,Troia. Ein historischer Überblick und Rundgang, Theiss, Stuttgart, 1998.(ISBN 3-8062-1369-0)
  • Manfred O. Korfmann (Ersg.),Troia. Archäologie eines Siedlungshügels und seiner Landschaft, Verlag Philipp von Zabern, Mainz, 2006(ISBN 3-8053-3509-1)
  • Joachim Latacz,Troia und Homer. Der Weg zur Lösung eines alten Rätsels, Koehler & Amelang, München, 2004.(ISBN 3-7338-0332-9)
  • Christoph Ulf (Ersg.),Der neue Streit um Troia. Eine Bilanz, Beck, München, 2004.(ISBN 3-406-50998-3)
  • Iman Jacob Wilkens,Where Troy Once Stood, Gopher Publishers, Groningen, 2005.(ISBN 0-7126-2463-5)
  • Eberhard Zangger,Ein neuer Kampf um Troia. Archäologie in der Krise, Knaur, München, 1994.
  • Martin Zimmermann (Ersg.),Der Traum von Troia. Geschichte und Mythos einer ewigen Stadt, Beck, München, 2006.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Troja – Biller, Videoen oder Audiodateien


Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. „14. Fro: Wéi schreift een Troia ?“,Universitéit Tübingen.
  2. Flügge, 2001, S. 155 ff.
  3. Flügge, 2001, S. 176.
  4. Flügge, 2001, S. 220.
  5. Graff einfach a gro Keramik.
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Troja&oldid=2637440
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp