
EngTransborderbréck ass eng Bréck déi aus zwéin Deeler besteet, an zwar d'Bréck am Fachwierkbau mat engem Tablier, mat drënner enger Gondel de sougenanntenTransborder deen a Seeler hänkt. Den Tablier an d'Drodunn déi alsHänkbréck alsSchréiseelbréck oder aCantileverbauweis ausgefouert kënne sinn, hunn an de meeschte Fäll nëmmen als Missioun d'Schinnen ze droen op deenen d'Rolle lafe mat deenen den Transborder hin an hier beweegt gëtt.
Sou Transborderbrécke goufen op Plazen opgeriicht, wou wéinst dem Schëffsverkéier d'Bréck eng fräi Héicht huet missen hunn déi der Héicht vun de Maste vun de Seegelschëffer entsprach huet. D'Iddi vun den Tranborderbrécke koum vun deSeelbunnen hier, a waren eng Kombination vun enger Standbunn op enger Breck mat ënnendrënner enger grousser Plattform fir den Transport vu Persounen a Ween oder Kutschen.
Bis op eng Ausnam stoungen déi Brécke fräi an der Landschaft, a just d'Bréck vu Rendsburg war un d'Verkéiersnetz ugebonnen an huet dozou nach den Déngscht als Eisebunnsbréck gemaach.
Déi éischt gouf 1893 a Spuenien opgeriicht an am Ganze goufen op der Welt 20 där Brécke gebaut, eng gouf ni fäerdeggebaut, an eng aner gouf zweemol op verschiddene Plazen opgeriicht.
Wien den eigentlechen Erfinder ass, ass hautdesdaags net méi mat Sécherheet festzestellen, dat och well d'Transborderbéck eng Applikatioun vun derSeelbunn ass. Wann och deSpuenierAlberto de Palacio1893 déiéischt Transborderbréck beiBilbao opgeriicht huet sou schéngt et awer wéi wann et e gemeinsame Projet vum him an demFransousFerdinand Arnodin war. Fest steet op jiddwer Fall datt de Palacio de5. November1887 bei der Regierung zu Bilbao eng Demande fir d'Patent vun enger Transborderbréck ofginn huet, an datt den Arnodin de selwechten Dag ëm déi selwecht Zäit sou e Patent zuParäis ugemellt huet.
Ausserdeem si Pläng bekannt déi denAmerikaner J.W. Morse1869 gemaach hat fir iwwer denEast River en Transborder ze bauen[1], souwéi vum Charles Smith vun 1872 fir enTransborder zu Middlesbrough iwwer de FlossTees opzeriichten. Déi Konstruktioun gouf eréischt1911 realiséiert.
D'Pläng vum Arnodin a vum Palacio déi souguer an de klengsten Detailer komplett identesch sinn, loossen drop schléissen, datt déi Zwéi sech ofgeschwat haten éier se hir Patenter ugemellt hunn. Am Abrëll1888 huet de Arnodin demConseil général de la Charente-Inférieur seng Pläng fir en Transborder virgeluecht an de selwechte Mount huet de Palacio seng fir d'Bréck vu Portugalete beiBilbao ofginn. Den Arnodin krut keen Accord awer de Palacio krut den12. Februar1890 gréng Luucht fir säin Transborder opzeriichten, wat den éischte vun där Zort war, deen op der Welt gebaut gouf.