Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Toronto

Vu Wikipedia
D'Skyline vun Toronto

Toronto (engl. [təˈɹɒn(t)oʊ̯], och alt [təˈɹɒnə] oder [ˈtɹɒnoʊ̯] ausgeschwat) ass d'Haaptstad vun derProvënz Ontario a mat ronn 2,6 Milliounen Awunner déi gréisste Stad aKanada. Si läit am sougenannteGolden Horseshoe (Gëllent Houfeisen), eng Regioun mat iwwer 8,1 Milliounen Awunner, déi sech an engem Hallefkrees ronderëm de westleche Wupp vumOntarioséi bis bei d'Niagarafäll zitt.

Toronto huet eng Fläch vu 630,18 km². Enn vun den 1990er Jore goufen eng Rëtsch Nopeschgemenge mat Toronto fusionéiert. D'Greater Toronto Area, d. h., och nach d'Nopeschregioune mat, hat 2010 iwwer 6,2 Milliounen Awunner. D'Stad ass den ekonomeschen Zentrum vum Land an och weltwäit eng vun de gréissteFinanzplazen.

Toronto läit um nordwestlechen Uwänner vumOntarioséi, deem klengste vun de fënnefGrousse Séien. Am Weste vun der Stad leeft denHumber River, ëstlech vun der Downtown, op der anerer Säit vum Hafen, denDon River. Ausserdeem lafen eng Rëtsch Baachen a Flëss vun Norden hier duerch d'Stad an den Ontarioséi, déi zum Deel déif Schluchten an de Buedem gegruewen hunn.

Zënter dem 1. Januar 1998 ass Toronto administrativ a sechs Gemengen ënnerdeelt:Old Toronto (sengersäits an Downtown Core (Central), North End, East End, a West End agedeelt),North York,Scarborough,Etobicoke,York anEast York. Déi Gemenge sinn an am Ganzen 140 Quartiern (engl.:neighbourhoods) a 44 administrativ Bezierker (wards) ënnerdeelt.

Toronto huet no New York déi meeschten Héichhaiser an Nordamerika. Markant ass de Canadian National Tower, kuerzCN Tower, deen 1976 fäerdeggebaut gouf, a mat 553 Meter bis 2009 deen héchsten Televisiounstuerm vun der Welt war. E gëtt vu ronn 2 Millioune Leit am Joer besicht, uewenop ass e Panorama-Dréirestaurant, a ganz uewen eng Ausiichtsplattform.

Den Numm kënnt aus der Sprooch vun deWyandot, enIndigeent Vollek, dat sech no derÄiszäit do ugesiddelt hat: Si hunn déi PlazTarantua genannt, wat esouvill heescht wéiPlaz, wou Beem beim Waasser stinne a méi spéitPlaz wou een zesummekënnt.

Als éischt Europäer hu 1750 franséisch Händler do e sougenannteFort Rouillé opgeriicht, deen awer schonn 1759 nees ofgerappt gouf. Wärend demAmerikaneschen Onofhängekeetskrich si vill brittesch Sidler an d'Regioun komm. 1787 huet, am sougenanntenToronto Purchase, d'brittesch Monarchie derMississaugas of the New Credit First Nation 101.528 Hektar Land, do wou haut Toronto ass, géint 140 Faass Wueren an 1700Pond Sterling ogetosch. Dësen Handel gouf 1805 neess réckgängeg gemaach.

1793 huet de brittescheGouverneur Simcoe en neit Fort baue gelooss, dat e "York" genannt huet. 1797 gouf York d'Haaptstad vun Upper Canada. DenGeorge IV. huet 1827 deKing's College (hautUniversity of Toronto) gegrënnt. Fir datt et net matNew York sollt verwiesselt ginn, gouf York de 6. Mäerz 1834 an "Toronto" ëmgenannt.

Wéi den 1. Juli 1867 déiKanadesch Konfederatioun a mat hir d'ProvënzOntario gegrënnt gouf, gouf Toronto där hir Haaptstad. An derIndustrieller Revolutioun huet Toroto sech schëtzeg entwéckelt, an an den 1950er Joren huet seng Awunnerzuel d'Milliounegrenz iwwerschratt.

DenJohn Tory ass Buergermeeschter (Stand 2015).

360-Grad-Vue vum CN Tower
900px


Literatur

[änneren |Quelltext änneren]
  • A. Rodney Bobiwash:The History of Native People in the Toronto Area. An Overview, in: Frances Henderson, Heather Howard-Bobiwash (Hg.):The Meeting Place. Aboriginal Life in Toronto, Native Canadian Centre of Toronto, Toronto 1997, S. 5–24ISBN 978-0-9682546-0-8.
  • Derek Hayes:Historical Atlas of Toronto, Douglas & McIntyre 2008,ISBN 978-1-55365-290-8.
  • Key Porter Books Limited (Hrsg.):Toronto: A City Becoming, Key Porter Books 2008,ISBN 978-1-55263-949-8.
  • Sean Stanwick, Jennifer Flores:Design City Toronto, Academy Press 2007,ISBN 978-0-470-03316-6.
  • E. R. A. Architects:Concrete Toronto, Univ. of Chicago Press 2007,ISBN 978-1-55245-193-9.
  • Ronald F. Williamson:Toronto: A Short Illustrated History of Its First 12,000 Years, James Lorimer & Company Ltd., 2008,ISBN 978-1-55277-007-8.
  • Julie-Anne Boudreau,Roger Keil, Douglas Young:Changing Toronto Governing Urban Neoliberalism, University of Toronto Press 2009,ISBN 978-1-4426-0133-8.
  • Detlev Ipsen:Toronto – Migration als Ressource der Stadtentwicklung, Universität Kassel 2005,ISBN 978-3-89117-152-3.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Toronto – Biller, Videoen oder Audiodateien
Autoritéitskontroll
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Toronto&oldid=2580560
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp