Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Torgau

Vu Wikipedia
Torgau
LandDäitschland
Awunner19.683 (31. Dezember 2023)
Fläch102,81km²
Héicht78m
Koordinaten51°33'37"N, 13°0'20"O
Telefonszon03421
Postcode04860
Websäithttps://www.torgau.eu/
Jumelage matZnojmo, Sindelfingen

Torgau ass eng Stad vu ronn 20.000 Awunner am Norde vuSachsen. Et ass eng sougenanntGroße Kreisstadt a Chef-lieu vumLandkreis Nordsachsen. Zesumme mat anere Gemengen ass et Deel vun derVerwaltungsgemeinschaft Torgau.

Torgau läit um westlechen Uwänner vun derElbe op enger Héicht vu 85 Meter iwwer dem Mier.

Geschicht

[änneren |Quelltext änneren]

Torgau gouf eng éischt Kéier schrëftlech 973 alsTorgove ernimmt. 1267 ass fir d'éischt vun enger Stad Torgau rieds. 1760 war mat derSchluecht bei Torgau déi lescht grouss Schleucht vumSiwejärege Krich. 1815 gouf Torgau Deel vuPreisen.

An derZäit vum Nationalsozialismus war Torgau 1943 bis 1945 de Sëtz vumReichskriegsgericht; iwwer 1000 Doudesuerdeeler goufen do ausgesprach an exekutéiert.

Torgau ass awer virun allem international bekannt, well sech do, géint der Ennn vumZweete Weltkrich, de 25. Abrëll 1945sowjetesch anUS-amerikanesch Truppe bei der Elbe getraff hunn. Dëst gouf alsElbe Day deen Dag drop gefilmt an uechter d'Welt geschéckt.

Biller

[änneren |Quelltext änneren]
  • Torgau aus nordwestlecher Richtung
    Torgau aus nordwestlecher Richtung
  • D'Schlass Hartenfels aus nordwestlecher Richtung
    D'Schlass Hartenfels aus nordwestlecher Richtung
  • D' Marienkirche
    D'Marienkirche

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Torgau – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Torgau&oldid=2522618
Kategorie:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp