Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Tony Awards

Vu Wikipedia
DenJames Monroe Iglehart mam Tony Award. D'Skulptur vum Präis ass eng grouss Medail.

DenTony Award, offiziellAntoinette Perry Award for Excellence in Theatre, ass enUS-amerikaneschenTheater- aMusicalpräis.

En ass op Stécker limitéiert, déi amNew Yorker TheaterquartierBroadway opgefouert ginn.

De Präis existéiert zënter 1947 a gehéiert zu de renomméiertsten Entertainmentspräisser an den USA, nieft demAcademy Award ("Oscar") fir Filmer, demEmmy Award fir Televisioun an demGrammy Award fir Musek.

D'Theaterstéck mat de meeschten Nominatioune warSlave Play (2020) mat 12 Nominatiounen. Dat Stéck, dat am meeschten ausgezeechent gouf assThe Coast of Utopia vum Tom Stoppard (2007), dat 7 Präisser krut. Bei de Musicals war etHamilton (2016) mat 16 Nominatiounen, aThe Producers mat 12 Auszeechnungen.[1](Stand: 2021)

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Tony Awards – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. tonyawards.com:Facts & Trivia - Quick Facts (gekuckt den 20. November 2021)
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Tony_Awards&oldid=2536598
Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp