Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Tolla

Vu Wikipedia
Tolla

LandFrankräich
RegiounKorsika
DepartementCorse-du-Sud
ArrondissementAjaccio
KantonGravona-Prunelli
Postcode20117
Gemengecode2A326
Koordinaten41° 58’ 34’’ N
      08° 58’ 23’’ O
Fläch 2 545 ha
Bevëlkerung 98(1999)

Tolla ass engfranséisch Gemeng op der InselKorsika.

Tolla läit um rietsen Uwänner vum Séi vun Tolla, op enger Durchschnëttshéicht vu 715 Meter. Déi déifst Plaz ass am Dall vumPrunelli mat 222 Meter an déi héchst ass op 1 507 Meter op derPunta Aculone.

Déi kleng Uertschaft ass markéiert duerch seng Lag am géien Hank dee vun derPunta d'Antraca mat 1 300 Meter op de Séi eroffält. Duerch d'Uertschaft féiert eng schmuel Departementsstrooss d'D3, a soss gëtt et just e puer Gassen an der Uertschaft, a vill Trapen, tëscht den Haiser déi zum gréissten Deel aus rosaem Granit gebaut sinn.

De Séi vun Tolla ass Enn vun de50er an uganks vun de60er Joren entstanen, wéi d'EDF um Laf vum Prunelli, deen do duerch eng déif Griecht leeft, en 88 Meter héije Staudamm opgeriicht huet fir Stroum ze produzéieren.

Eng bekannt Plaz ass de 715 Meter héijeCol de Mercujo mat senge kuerze Serpentinnen tëscht Tolla anOcana, an an der Griecht vum Prunelli, kann een en ettlech intressant Fielsforme gesinn.

Op de géien Häng ëm d'Uertschaft, leien e puer Wéngerten, an deenen e roude Wäi produzéiert gëtt, deen zu der AOCCôteaux d'Ajaccio gehéiert.

Tolla vun Nordoste gesinn

Kuckt och

[Quelltext änneren]


Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Tolla – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Tolla&oldid=2341186
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp