Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Tino Rossi

Vu Wikipedia
Tino Rossi
GebuertsnummConstantin Rossi
Gebuer29. Abrëll1907
Ajaccio
Gestuerwen27. September1983
Neuilly-sur-Seine
DoudesursaachBauchspäicheldrüsekriibs
NationalitéitFrankräich
AktivitéitSchauspiller,Sänger, Filmschauspiller
GielercherCommandeur vun der Légion d'honneur
Famill
Bestuet matLilia Vetti
D'Paart fir bei d'Tino Rossi-Villa

DenTino Rossi, gebuer den29. Abrëll1907 alsConstantin Rossi zuAjaccio opKorsika, a gestuerwen de26. September1983 zuNeuilly-sur-Seine aFrankräich, war e franséische Sänger a Filmschauspiller.

Dem Tino Rossi säi Papp war Schneider an de Bouf huet eng roueg Kandheet a senger Heemechtstad verbruecht. Duerno ass hien opMarseille emigréiert an huet do alsPlongeur an engem Restaurant geschafft.

An den drësseger Joren huet et en opParäis gezunn a bannent e puer Joer hat e schonn e Vertrag mat der PlackefirmaColumbia, deen et him erlaabt huet, no an no nieft de "Stare" vun där Zäit, wéi d'Lucienne Boyer oder deJean Sablon, op de Bünen ze sangen.

Seng romanteschBallade musse gutt ukomm sinn, well hien huet iwwer 1.000 Lidder opgeholl an am Laf vu senger Sängercarrière 300 Millioune Placke verkaaft!1982 gouf de Rossi vum PresidentFrançois Mitterrand zumCommandeur de la Légion d'honneur gemaach. Et war och dat Joer, an deem den Tino Rossi fir d'lescht opgetrueden ass, an dat amCasino de Paris.

De 26. September 1983 ass den Tino, deen a senger HeemechtTintin genannt gouf, un engem Kriibs gestuerwen. Hie gouf zu Ajaccio an enger Grafkapell begruewen.

Filmographie

[änneren |Quelltext änneren]
  • 1934:La Cinquième empreinte
  • 1934:L'Affaire Coquelet
  • 1934:Adémaï au Moyen-Âge
  • 1934:Les nuits moscovites
  • 1935:Vogue, mon cœur
  • 1935:Justin de Marseille
  • 1936:Marinella
  • 1936:Au son des guitares
  • 1937:Lumières de Paris
  • 1938:Naples au baiser de feu
  • 1942:Fièvres
  • 1943:Le soleil a toujours raison
  • 1943:Le chant de l'exilé
  • 1943:Mon amour est près de toi
  • 1944:L'île d'amour
  • 1946:Sérénade aux nuages
  • 1946:Le Gardian
  • 1946:Destins
  • 1947:Le chanteur inconnu
  • 1948:La belle meunière
  • 1949:Deux amours
  • 1949:Marlène
  • 1950:Envoi de fleurs
  • 1952:Au pays du soleil
  • 1952:Son dernier Noël
  • 1954:Si Versailles m'était conté...
  • 1954:Tourments

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Autoritéitskontroll
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Tino_Rossi&oldid=2589534
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp