Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Tierkei

Vu Wikipedia
DëseGeographiesartikel iwwer d'Tierkei ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Türkiye Cumhuriyeti

Tierkesche Fändel

Tierkescht Emblem

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch:Tierkesch
Haaptstad:Ankara
Staatsform:Presidentiell Republik
 • President:Recep Tayyip Erdoğan
Fläch:783 562[1]km²
 • DovuWaasser:1,3 %
Bevëlkerung:71 152 000[2]
 • Bevëlkerungsdicht:90,8/km²
Onofhängegkeet:vumOsmanesche Räich
29. Oktober1923 (Deklaratioun vun der Republik)
Nationalfeierdag:29. Oktober
Nationalhymn:İstiklâl Marşı
Lauschteren
Wärung:Tierkesch Lira (TRY)
Internet TLD:.tr
Internationalen
Telefonsprefix
:
+90

D'Republik Tierkei (tierkesch:Türkiye Cumhuriyeti) ass e Staat anEurasien. D'Land läit fir de gréissten Deel umasiatesche Kontinent, nëmmen eng 3 % vum Staatsgebitt gehéieregeographesch zuEuropa. Déi modern Tierkei ass den Nofollgerstaat vumOsmanesche Räich a goung nomÉischte Weltkrich aus dësem ervir. D'Tierkei ass englaizisteschRepublik. De Laizismus geet op de StaatsgrënnerMustafa Kemal Atatürk zeréck. Den Atatürk hat wëlles d'Tierkei gesellschaftlech a politesch dem europäesche Virbild no ze reforméieren an ze moderniséieren.

Den3. Oktober2005 hunn déi offiziell Negociatiounen tëscht der Tierkei an derEU fir de Bäitrëtt zu der Unioun ugefaangen.

Ankara, noIstanbul déi zweetgréisst tierkesch Stad, ass d'Haaptstad vun der Republik.

Geschicht

[änneren |Quelltext änneren]

Anatolien (Asia Minor), d'Landmass vun der haiteger Tierkei, war de Spillball vu villen Zivilisatiounen a Kinnekräicher an der Antiquitéit. D'Seljuk-Tierke waren déi éischt tierkesch Forcen déi am11. Joerhonnert als Eruewerer koumen, an déi sech no an no d'Byzantinescht Räich mat senger griichescher Populatioun a Kultur averläift huet.

Fréi Besiidlung vun Anatolien

[änneren |Quelltext änneren]

D'Zäit vum Osmanesche Räich

[änneren |Quelltext änneren]

Opstig (13.-17. Joerhonnert)

[änneren |Quelltext änneren]

Niddergank a Jongtierkentum

[änneren |Quelltext änneren]

Éischte Weltkrich an de Genozid un den Armeenier an Aramäer

[änneren |Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel:Vëlkermuerd un den Armeenier.

Grënnung vun der tierkescher Republik duerch den Atatürk

[änneren |Quelltext änneren]

Zäit no der Atatürk-Ära

[änneren |Quelltext änneren]

Geographie

[änneren |Quelltext änneren]
Bosporus Bréck zu Istanbul

Dee gréissten Deel vum tierkesche Staatsgebitt läit mat ongeféier 97 % umasiatesche Kontinent. Nëmmen 3 % vun der Gesamtfläch (23.623 km²) sinn um europäesche Kontinent. Den asiatesche Landesdeel gëtt alsAnatolien bezeechent an den europäeschen Deel alsThrakien.

D'Tierkei huet aacht Nopeschlänner:Bulgarien am Nordwesten,Griicheland am Westen,Georgien am Nordosten,Armenien,Aserbaidjan an denIran am Osten, denIrak aSyrien am Südosten. D'Land huet am Süde Küsten zumMëttelmier an am Norden zumSchwaarze Mier.

Klima

[änneren |Quelltext änneren]

D'Klima an der Tierkei kann als temperéiert bezeechent ginn, mat waarmen, dréchene Summeren a mat mëllen, naasse Wanteren. Bannen am Land sinn déi klimatesch Bedingungen awer dacks méi rau.

Politik

[änneren |Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

D'Tierkei ass eng parlamentaresch Republik. De President gëtt vun der Nationalversammlung fir e Mandat vu 7 Joer gewielt. De President ernennt de Premierminister.

Delegislative Pouvoir läit an den Hänn vu 550 Deputéierten, déi all 5 Joer frësch gewielt ginn. Zanter1946 gëtt et eMéiparteiesystem. Am tierkesche Parteiesystem gouf a gëtt et vill Verännerungen, beispillsweis duerch Verbueder vu Parteien duerch d'Verfaassungsgeriicht, haaptsächlech vun islamistesche Parteien. Zurzäit gëtt et an der Tierkei 9 Parteien: DYP (konservativ), FP (islamistesch), HADEP (kurdesch Vollekspartei), MHP (nationalistesch), ÖDP (sozialistesch), ANAP (rietsliberal), CHP (lénksnationalistesch), DSP (lénksnationalistesch), AKP (gemiessegt islamistesch-konservativ). Aus deene leschte Walen ass d'AKP als stäerkste Kraaft ervirgaangen, mat 34,4 % vun de Stëmmen, wat hir awer nom tierkesche Walsystem 3/4 vun alle Parlamentssëtzer abruecht huet (fir Verfaassungsännerunge brauch een eng 3/4 Majoritéit).

D'Tierkei sicht als Memberstaat an d'Europäesch Unioun eranzekommen. Den3. Oktober2005 sinn d'Debate mat der Tierkei iwwer sou en EU-Bäitrëtt ugaangen, den11. Dezember2006 sinn awer 8 vu 35 Verhandlungsberäicher nees op Äis geluecht ginn, well d'Tierkei hiert Versprieche gebrach huet fir seng Häfen a Fluchhäfe firZypern opzemaachen. Formell ass den Ausgank vu sou Verhandlungen nach op, well Viraussetzung fir en EU-Bäitrëtt sinn d'Fortsetzung vun de just ugefaangene Reformen, eng radikal Verbesserung vun der Mënscherechtssituation, d'Agestoe vumVëlkermuerd un den Armeenier an d'Ënnerschreiwe vun engem Ofkommes iwwer eng Zollunioun mat den 10 neien EU-Memberstaaten, dorënner och d'rout Duch Zypern.

Politesch Konflikter

[änneren |Quelltext änneren]

Doudesstrof a Folterungen

[änneren |Quelltext änneren]

Kurdekonflikt

[änneren |Quelltext änneren]

Zypernkonflikt

[änneren |Quelltext änneren]

Verwaltung

[änneren |Quelltext änneren]

D'Regionalverwaltung ass an der Tierkei an 81Provënzen ënnerdeelt, déi alleguer duerch eGouverneur (Vali) verwalt ginn. Déi eenzel Provënze si weider an eenzel Bezierker a Gemengen ënnerdeelt. D'Bezierker gi vun engemKaymakam geleet, dee vumInneminister ernannt gëtt. D'Buergermeeschter an Duerfcheffe gi vum Vollek gewielt. D'Autonomie op den ënneschten Niveaue gëtt ënner anerem duerch d'Feele vun eegene Geldquellen ageschränkt.

Ekonomie

[änneren |Quelltext änneren]

2002 huet d'Tierkei eng ganz grave ekonomesch Kris matgemaach. No enger Inflatioun vun ongeféier 50 % huet ee méi wéi eng Millioun tierkesch Liras misse gi fir een eenzegenEuro. Den1. Januar2005 huet dofir déi nei tierkesch Lira (Yeni Türk Lirası) agefouert misse ginn. D'Inflatioun ass op 9,8 % erofgaangen. D'Tierkei huet awer ëmmer nach Krämpes déi vill Schwaarzaarbecht an de Schwaarzhandel an de Grëff ze kréien. En anere Problem bleift den agraresch strukturéierten a manner entwéckelten Osten, wou ronn 40 % vun den Aarbechtskräfte gebonne sinn.

  • BIP: 409,7 Milliarden USD (dat ass knapps d'Hallschent vum BIP vu Mexiko)
  • BIP / Awunner: 6.094 USD (z. Verglach: Portugal läit bei 17.900 USD a Polen bei 12.000 USD)
  • Recherche an Developpement, a Prozent vum BIP: 0,64 %

Demographie

[änneren |Quelltext änneren]

Zanter der Republikgrënnung am Joer1923 ass d'Bevëlkerung vun der Tierkei séier gewuess.1927 hunn an der Tierkei knapps 14 Millioune Mënsche gelieft,2003 waren et der scho 70 Milliounen.

Verkéier

[änneren |Quelltext änneren]

D'Stroossen an der Tierkei hunn eng Längt vun am Ganze 413.724 km. Dovu sinn 62.000 km Landstroossen, 350.000 km sougenannt Duerfstroossen an 1.800 km Autobunn.

Kultur

[änneren |Quelltext änneren]

Fotoalbum

[änneren |Quelltext änneren]

Militär

[änneren |Quelltext änneren]

D'Tierkei huet déi drëttgréisst Arméi vun der Welt. De Militärbudget louch2003 bei 12,1 Mrd. USD, dozou kommen nach Opwendungen, déi net am Budget ugi ginn. Dat sinn domat méi wéi 5 % vumBruttosozialprodukt.

2001 haten déi tierkeschArméien 514.850Zaldoten, dovun 391.000 Wierflichteger, plus nach 180.000 Mann vun derGendarmerie. D'Zuel vun deReservisten an deLand-,Loft- aMarinnsunitéite bedréit 378.700 Zaldoten.

D'Landsträitkräften hu 402.000 Mann ënner de Waffen a si mat 4.206Tanksen, 4.859 gepanzerte Gefierer, iwwer 2.000Artillerie-Geschëtzer, 40Kampfhelikopter a 422Helikopter ausstafféiert.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Tierkei – Biller, Videoen oder Audiodateien
Memberstaate vun derNATO

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Quell:UNO 2004
  2. Bevëlkerungszuel fir 2004, Quell:UNO 2004
    Bei der leschter Vollekszielung, den 22. Oktober 2000 goufen 67 803 927 Leit gezielt.[1]
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Tierkei&oldid=2625832
Kategorie:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp