Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Tiberias

Vu Wikipedia
DëseGeographiesartikel iwwerIsrael ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Tiberias
LandIsrael
Awunner44.200
 31. Dezember 2018
Fläch10,872km²
Héicht-200m
Koordinaten32°47'23"N, 35°31'29"O
Websäithttp://www.tiberias.muni.il/
Tiberias um Séi Gennesaret. Bléck op d'Promenade am Hafen.
Déi al Stadmauere vun Tiberias

D'Tiberias (hebräesch טבריהTewerja, heiansdo ochTiberius) läit aGaliläa am StaatIsrael, um Westufer vumSéi Genesareth, deen no der Stad och "Séi vu Tiberias" genannt gëtt (fr.: Lac de Tibériade). Si ass mat knapps 40.000 Awunner déi gréisst Stad amJordan-Dall. D'Stad erstreckt sech vum Séi, deen 212 m ënner dem Mieresspigel läit, bis zu enger Héicht vu 457 m iwwer dem Waasserspigel vum Séi.

Geschicht

[änneren |Quelltext änneren]

D'Stad gouf vumHerodes Antipas vu17 n. Chr. un gebaut a war als Haaptstad vum LandGaliläa geduecht. Hiren Numm huet den Herodes zu Éiere vumréimesche KeeserTiberius gewielt. D'Stad hat eng gutt ausgebaut Infrastruktur mat Palaisen an typesch réimesch Baute wéi e Forum an eng Rennbunn. Well dobäi och Griewer vu Judden zerstéier goufen, gouf si vun de gleewegen Judden alsunrein betruecht: D'Herrschaft vun de Réimer huet do ongeféier 150 Joer gedauert.

No der Zerstéierung vu Jerusalem huet sech d'Haltung vun de Réimer géintiwwer Tiberias geännert; d'Stad ass du méi selbstänneg ginn an zu enger vun de véier hellege Stied vun de Judden erugewuess. Am Joer637 gouf d'Stad vun denAraber ageholl. Duerno waren et d'Kräizritter, déi d'Stad am Joer1100 eruewert an duerch de Bau vun enger Stadmauer ofgeséchert hunn. D'Kräizritter goufen awer am Joer1187 vumSultan Saladin geschloen, sou datt d'Stad erëm zeréck ënner d'osmanesch Herrschaft gefall ass, an eréischt am Joer 1517 erëm besidelt gouf.

D'Alstad, sou wéi se haut do steet gouf1738 gebaut. An der Mëtt vum19. Joerhonnert huet d'Stad als jiddesch Sidelung, op déi staark Awanderung vu Judden hin, staark u Bedeitung gewonnen. Wéi1948 den israeeleschen Onofhängegkeetskrich ausgebrach ass, sinn d'Araber, déi bis do friddlech mat de Judden zesummegelieft hunn, fortgelaf.

Wirtschaft

[änneren |Quelltext änneren]

Tiberias ass den Zenter vun enger landwirtschaftlecher Regioun. Ugebaut ginn Uebst a Geméis, haaptsächlech Banannen, Dattelen a Drauwen. Vill Touriste kommen op Tiberias, wann et roueg an der Géigend ass. De Grond dofir sinn op der enger Säit déi waarm Thermalquellen, mä och d'Méiglechkeet déi d'Touristen hu fir déi vill rondrëm aus derBibel bekannt Plazen ze besichen.

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Séi an a senger Noperschaft gëtt et vill kuckeswäert Uertschaften a Plazen, déi aus der Bibel bekannt sinn, wéi:

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Tiberias – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Tiberias&oldid=2555462
Kategorie:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp