Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Thomas Alva Edison

Vu Wikipedia
Thomas Alva Edison
Gebuer11. Februar1847
Milan
Gestuerwen18. Oktober1931
NationalitéitUSA
AktivitéitIngenieur, Erfinder, Entreprener, Geschäftsmann,Physiker,Mathematiker,Dréibuchauteur,Filmregisseur,Filmproduzent
Member vunNational Academy of Sciences,Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Philosophical Society, Wëssenschaftsakademie vun der URSS, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften
AuszeechnungenCommandeur vun der Légion d'honneur,Rumford-Präis, John Scott Award, Franklin-Medail, Albert Medal, Stär um Hollywood Walk of Fame, Chevalier vun der Légion d'honneur‎, Officier vun der Légion d'honneur, John Scott Award
Famill
Bestuet matMary Stilwell (1871–9.8.1884),
Mina Miller (1886–1931)
KannerCharles Edison
(en)A Day with Thomas Edison (1922)

DenThomas Alva Edison, gebuer den11. Februar1847 zu Milan (Ohio), a gestuerwen den18. Oktober1931 zuWest-Orange, engemTownship vumEssex County am US-BundesstaatNew Jersey, war enUS-amerikaneschen Erfinder an Ingenieur.

Den Thomas Alva Edison war ee vun de produktiivsten amerikaneschen Erfinder an huet als techneschen Autodidakt méi wéi 2000 Apparater an technesch Prozedure sou wäit entwéckelt, datt hie sepatentéiere konnt.

Scho mat 9 Joer huet den Thomas Alva Edison systematesch naturwëssenschaftlech Experimenter an de verschiddensten technesche Beräicher gemaach, déi hien duerch Geleeënheetsarbechte respektiv als Telegraphist finanzéiert huet.

1868 huet den Edison a verbessertenTelegraph patentéiert an domat säin éischt Patent ugemellt.

Nodeem den Thomas Alva Edison fir seng Erfindung vun engem neien Telegraph 40.000 Dollar krut, huet hien 1870 zuNewark eng elektresch Fabrick opgeriicht. 1876 huet hien zuMenlo Park e Fuerschungslaboratoire gegrënnt, dee geschwënn alsErfinderfabrick bekannt gouf.

1877 huet hien dem Bell säin Telefon verbessert an den éischte Phonograph entwéckelt

1878 huet hien d'elektresch Bir verbessert an eng Seriëfabrikatioun ugefaangen wat eng Verbreedung vum elektresche Liicht am private Secteur mat sech bruecht huet.

1880 huet hie als éischten en Dampschëff mat elektreschem Liicht ausgerëscht.

1882 huet hien zuNew York dat éischt ëffentlecht Elektrizitéitswierk opgeriicht, dat schonn no e puer Méint de Stroum fir 5000 Stroosseluuchte geliwwert huet.

An engem weideren Atelier zuWest Orange huet den Thomas Alva Edison 1889 déi éischt Lafbildkamera gebaut.

Den Edison huet sech och nach mat Methode befaasst wéi ee verschidden Äerzer mat Hëllef vu Magnéiten trenne kann. Hien huet och enNéckel-Eisen-Akku gebaut.

1883 huet hien, de spéider no him benanntenEdison-Effekt, entdeckt.

Manner Succès hat den Edison, mat verschiddenen Iddien, déi hirer Zäit wäit viraus waren, wéi bei der Method fir an der Baubranche Fäerdegdeeler aus Bëtong hierzestellen déi dann op der Plaz nach just zesummegesat ginn oder bei den elektresche Lokomotiven.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Thomas Alva Edison – Biller, Videoen oder Audiodateien
Autoritéitskontroll
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Thomas_Alva_Edison&oldid=2586918
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp