De Film, deen um Enn vun den 1920er Joren zuHollywood spillt, erzielt den Niddergang vun engem Stommfilmstar, dem George Valentine (Jean Dujardin), wéi denTounfilm bis agefouert gouf, a parallel dozou den Opstig vun enger Dänzerin, der Peppy Miller (Bérénice Bejo), zu engem Hollywoodstar, a wéi sech hir 2 Weeër kräizen...
De Film ass en Hommage un d'Stommfilm-Ära zu Hollywood, souwuel vun der Geschicht hier, wéi och vun der Form: De Film ass selwer a Schwaarzwäiss, am Stommfilmformat 1.25: 1 gedréint, an et gëtt sou gutt e wéi keen natierlechen Toun, just Musek, déi de Film ënnermoolt, a geleeëntlech en Tëschentitel.
De Film ass meeschtens e gellege Succès bei der Kritik, an huet eng jett Präisser an Auszeechnunge kritt: Interpretatiounspräis umFestival vu Cannes 2011, ë. a. 3 Golden Globes (bescht Comédie, beschte Schauspiller, bescht Musek), 7 BAFTA-Awards (wourënner Beschte Film, bescht männlech Haaptroll, bescht Kamera, bescht Dréibuch) 6Césaren (dorënner beschte Film, bescht Regie a bescht Schauspillerin) a 5Oscaren (dorënner dee fir de beschte Film an déi bescht männlech Haaptroll).