 | DëseGeographiesartikel iwwer d'USA ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
DenTennessee ass eBundesstaat vun denVereenegt Staate vun Amerika.
Den Tennessee ass de 36-gréisste vun de 50 US-Bundesstaaten. E grenzt am Norden un deKentucky aVirginia, am Osten unNorth Carolina, am Süden unGeorgia,Alabama an deMississippi an am Westen un denArkansas an deMissouri. D'Appalachen dominéieren den ëstlechen Deel vum Staat an deMississippi River markéiert seng westlech Grenz. D'Haaptstad ass déi zweetgréisst StaatNashville mat 654.000 Awunner(2015). E bësse méi grouss ass just nachMemphis (655.000 Awunner(2015)).[2]
2015 gouf geschat, datt 6,6 Millioune Leit am Staat gewunnt hunn, vun deene sech 78,8 % als wäiss Amerikaner, 17,1 % als Afroamerikaner, 8,2 % als Hispanic/Latino, 1,8 % als asiatesch an 0,4 % als Indianer identifizéiert hunn, woubäi ee méi wéi eng Kategorie konnt uginn[1].
Zu den Haaptwirtschaftssecteure vum Tennessee zielen d'Landwirtschaft, d'Produktioun vu Gidder an den Tourismus.Gefliggel, Sojabounen aRanner sinn dem Staat seng Haaptproduiten aus der Landwirtschaft; wichteg Exportgidder si Chemikalien, Transportekipementer an elektronesch Ekipementer.
D'Duerchschnëttsakommes louch tëscht 2010 an 2014 bei 44.621US-Dollar proStot a 24.811 USD op de Kapp[1].
Eng Strooss am Hierscht
Den Tennessee State Capitol
Rekonstruktioun vum Fort Loudon, dem éischte brittesche Posten am haitegen Tennessee.
- ↑1,01,11,2census.gov:QuickFacts: Tennessee
- ↑factfinder.census.gov: Annual Estimates of the Resident Population: April 1, 2010 to July 1, 2015 - 2015 Population Estimates