DenTau Ceti ass zesumme mamEpsilon Eridani deen eis am nooste sonnenänlechen Eenzel-Stär. Am Ganze sinn 18 Stären am Moment bekannt, déi méi no wéi den Tau Ceti sinn. De Stär läit op enger Distanz vun 11,9 Liichtjoer.
1960 gouf den Tau Ceti an den Epsilon Eridani am Projet Ozma, engemSETI-Projet, ënner der Leedung vum Prof.Frank Drake e puer Wochen op Funksignaler hin observéiert.
Am Juli2000 hubritteschAstronomen ëm den Dr. Jane Greaves eng Scheif aus Stëbs a Koméiten ëm dee bis zu 10 Milliarde Joer ale Stär amCetus (Walfësch) entdeckt. D'Gréisst vun der Scheif gläicht der Scheif, an därKoméiten anAsteroiden eisSonn ëmkreesen. Allerdéngs sinn an der Scheif ëm den Tau Ceti 120-mol sou vill Koméiten an Asteroide wéi an eisemSonnesystem. D'Liewen op engem hypothetesche Planéit vum Tau Ceti hätt et dofir wuel bedeitend méi schwéier, well et wier engem stännege Bombardement vun Asteroiden ausgesat.
Et konnte keng Planéite ronderëm de Stär entdeckt ginn, och d'Hubble-Weltraumteleskop konnt näischt fannen.
Portal Astronomie