Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Tariq Aziz

Vu Wikipedia
Tariq Aziz
Gebuer28. Abrëll1936
Gestuerwen5. Juni2015
DoudesursaachHäerzschlag
NationalitéitIrak
AktivitéitPolitiker, Diplomat,Journalist, Staatsmann

DenTariq Aziz (arabesch: طارق عزيز;Syresch:ܜܪܩ ܥܙܝܙ, och alsTareq Mikhail Aziz,Tarik Mikhail Asis oderTarek Aziz transkribéiert, fir richtegTariq Mikhail Youhanna), gebuer den28. Abrëll1936 oder den1. Juli1936 zuMosul oder zuTel Keppe, a gestuerwen de5. Juni2015 zuNasiriya[1], war enirakeschePolitiker.

Hie war vun 1983 bis 1991 Ausseminister an zousätzlech vun 1979 bis 2003 Vizepremierminister vun Irak. Hie war jorelaang en enke Conseiller vum PresidentSaddam Hussein, deen en zënter der Universitéit, wou hienEnglesch studéiert hat, kannt huet.

Hie war Member vun derBaath-Partei, fir déi en ë. a. an den 1960er Jore Chefredakter vun hirer Parteizeitung war.

MamDrëtte Golfkrich a mam Amarsch vun der US-Arméi am Irak, 2003, war et och mam Aziz senger politescher Carrière um Enn. Hie war bis Juli 2010 Krichsgefaangene vun den Amerikaner, déi en 2010 un den Irak ausgeliwwert hunn. Hie gouf do zu Doud verurteelt, ma ass schlussendlech an engem Spidol, wuer en aus dem Prisong verluecht gi war, un de Suitë vun engemHäerzinfarkt gestuerwen.[2]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Tariq Aziz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Irak: Saddam-Getreuer Tarek Aziz gestorben. In:Die Presse, 5. Juni 2015.
  2. Saddam Husseins Vize Tarik Asis ist tot. In: Tages-Anzeiger 5. Juni 2015
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Tariq_Aziz&oldid=2456190
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp