Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Tamil

Vu Wikipedia
DëseSproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Tamil
தமிழ்
Gëtt geschwat an:Indien,Sri Lanka,Malaysia,Singapur
Regioun:
Gëtt geschwat vun:76 Milliounen
Klassement:
Klassifikatioun no Famill:Dravidesch Sproochen
Offizielle Status
Offiziell Sprooch vun:Indien

Sri Lanka
Singapur

Reglementéiert vun:
Sproochcoden
ISO 639-1ta
ISO 639-2tam
ISO 639-3

Tamil ass engSprooch aus derdravidescher Sproochefamill, déi aSüdasie verbreet ass, an aus 27 Sprooche besteet. Iwwer 220 Millioune Leit schwätzen eng dovun, sou ass et déi sechsgréisst Sproochefamill vun der Welt.

Tamil ass eng vun den Haaptsprooche vu Südindien a gëtt haaptsächlech am StaatTamil Nadu (fréier Madras) geschwat, dee sech op der ëstlecher Küst vun Indien erstreckt a sech bis op de südlechste Wutz vum indesche Subkontinent erofzitt. Et gëtt ronn 60 Milliounen Tamil-Spriecher an Indien, der ronn 4 Milliounen am Nordoste vu Sri Lanka, ongeféier eng Millioun a Malaysia, a méi klenge Kolonien zu Singapur, an an Deeler vun Ostafrika.

Tamil ass déi eelst an déi am räichst entwéckelt vun denDravidesche Sproochen. Den Urspronk vun der tamilescher Schrëft ass net gekläert, obwuel et ugeholl gëtt, datt se ongeféier 1.500 Joer al ass.

„Curry“ ass en tamilescht Wuert dat an déi englesch Sprooch an duerno an aner Sproochen iwwergaangen ass. Aner Dravidesch Sprooche wéiMalayalam,Kannada anTelugu hunn enk Verbindunge mat Tamil. Et gëtt och eng substantiell klassesch tamilesch Literatur, déi bis an d'7. Joerhonnert v. Chr. zeréck geet.[1]

Textbeispill

[änneren |Quelltext änneren]
Universal Deklaratioun vun de Mënscherechter (Artikel 1)
TamilLëtzebuergesch
எல்லா மனிதர்களும் சுதந்திரமாகவும் கண்ணியத்திலும் உரிமைகளிலும் சமமாகப் பிறந்தவர்கள். அவர்கள் பகுத்தறிவும் மனசாட்சியும் பெற்றவர்கள் மற்றும் ஒருவருக்கொருவர் சகோதரத்துவ உணர்வோடு செயல்பட வேண்டும்.All Mënsch kënnt fräi a mat der selwechter Dignitéit an deene selwechte Rechter op d'Welt. Jiddereen huet säi Verstand a säi Gewësse krut a soll an engem Geescht vu Bridderlechkeet deenen anere géintiwwer handelen.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Wikipedia op Tamil
 Commons: Tamil – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Diffusion Multilingue des Droits de l'Homme, France, Human Rights Centre of the Sri Lanka Foundation, Sri Lanka. www.ohchr.org. Gekuckt den 22.11.2024.
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Tamil&oldid=2575068
Kategorie:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp