Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Sword Beach

Vu Wikipedia
Geographesch Koordinaten:
49° 17’ 26’’ N 00° 15’ 18’’ W
Brittesch Infanterie um StrandofschnëttQueen White

Sword Beach gouf wärend derNormandie-Landung vun den Alliéierten am Kader vun derOperatioun Overlord amZweete Weltkrich eng Parti vun derfranséischer Küst an derNormandie genannt.

Deen Deel vun der Küst läit tëschtOuistreham an derOrnemëndung aSaint Aubin-sur-Mer. D'Landezon war zirka 8 Kilometer laang a war a 4 Ofschnëtter opgedeelt mat den NimmOboe,Peter,Queen aRoger. Et war déi ëstlechst vun de Landezonen.

Truppe vun der3. Brittescher Infanteriedivisioun mat ongeféier 30.000 Zaldote sinn umD-Day, de6. Juni1944, ëm 07:25 Auer am Kader vun derOperatioun Overlord op deem Strand am Oste vun der Orne a vumKanal vu Caen gelant. Si haten als Verstäerkung och nachbrittesch Kommandotruppen.

Fir datt d'Fransousen och konnte bei där Landung dobäi sinn hat deGenerol de Gaulle sech fir eng Bedeelegung staark gemaach a sou koum et datt och franséisch Truppen do mat gelant sinn.

D'LëtzebuergerAntoine Neven,Jean Neven,Félix Peters aJean Reiffers waren als Membere vum franséische 'Commando Kieffer', deen aus 177 Mann bestan huet, op Sword Beach am Asaz.[1]

D'South Lancashire Regiment ass am SecteurPeter gelant, d'Suffolk Regiment am SecteurQueen an d'East Yorkshire Regiment am SecteurRoger.

De LëtzebuergerPierre Laux war Member vum 'Commando N°4' ënner dem Kommando vumLord Lovat amDevonshire Regiment déi de 6. Juni 1944 op Sword Bweach zum Asaz koumen.[1],[2],[3]

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Sword Beach – Biller, Videoen oder Audiodateien
Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer denZweete Weltkrich.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,01,16 June 1944: Allied Landing in Normandy, France op luxemburgensia.blogspot.be
  2. De Pierre Laux um Site francaislires.net
  3. Commeratioun un de Pierre Laux um Site vun der lëtzebuergescher Ambassade zu Den Haag
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Sword_Beach&oldid=2350158
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp