| Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien dattSchreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nachnet nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuellgeläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn. |

DenSwesda oderZvezda, (russesch: Звезда firStär) ass de russesche Wunn- an Navigatiounsmodul vun derInternationaler Raumstatioun (ISS). Swesda ass vunRKK Energija gebaut ginn.
De Modul gouf den12. Juli2000 mat engerProton-K-Drorakéit vuBaikonur aus gestart. De Swesda ass ongeféier 13,1 Meter laang, huet e maximalen Duerchmiesser vu 4,15 Meter, eng Mass vu knapps 19,1 Tonnen an ass eng modifizéiert Versioun vum Basismodul vun der RaumstatiounMir. De Modul huet véier Kopplungsaggregater, dräi passiver vum Typ „SSWP-M 8000“ am kugelfërmegen Iwwergangsdeel um Bug an e passiivt vum Typ „SSWP G4000“ um Heck. Do sinn och Uschlëss a Pompelen, déi geliwwerten Dreifstoff an d'Tanke vum ModulSarja weiderleeden. Onbemannt Transporter (Progress,ATV), déi all aktiv Kopplungsaggregater vum Typ „SSWP G4000“ hunn, leeën do un. Et kënnen och bemannt Raumgefierer vum TypSojus undocken. Ënnerstëtzt gi sou Manövere vun den UschlosskontrollsystemerKurs an Toru.
De Swesda besteet aus dräi Deeler. Nom kugelfërmegen Iwwergangsdeel kënnt den zylindresche Haaptdeel an ee weideren zylindreschen, hermetesch verschléissbaren Heckdeel, deen als Erausklammschleis a Stauraum déngt. Am mëttleren Deel si Steierariichtungen, Liewenserhalung, Toiletten an Duschméiglechkeeten, d'Kichen, Trainingsinstrumenter an en ettlech Wunnkabinnen.
Mam Kappdeel gouf de Swesda mam schonn zanter November1998 mam Modul Sarja verbonnen. Bei der Ukopplung vum 26. Juli hat de Sarja déi aktiv Roll bei der Endphas iwwerholl. Un de béiden anere Stutzen sollten no de Pläng „uewen“ en Energieversuergungsmodul (NEM) mat engem Gittermast, aacht Solarzelleflächen (ongeféier 20 Kilowatt Leeschtung) souwéi engem Manipulater an „ënnen“ een universellt Docking- a Lagermodul (UDM) ukoppelen, an deem sech zousätzlech Ariichtunge fir Liewenserhalung befanne sollten.2001 gouf d'Energieversuergungsmodul an dem UDM gestrach an d'Zuel vun de geplangte Solarzelleflächen op d'Hallschent reduzéiert. Den NEM-Modul gouf zum Schluss awer gebaut a krut den NummRasswet. Et gouf mat der ShuttlemissiounSTS-132 am Joer2010 zu der Statioun bruecht an um Nadir-Stutzen vum Sarja-Modul ugedockt. Um ieweschte Kopplungsstutzen vum Swesda ass en zweete KopplungsmodulPoisk, deen2009 ugedockt hat. Am Ament gëtt den „ënneschte“ Stutze vum éischte KopplungsmodulPirs (Docking Compartment 1) ageholl, dat souwuel fir d'Undocke vu Raumschëffer déngt wéi och d'Funktioun vun engerDrockschleis erfëllt.2009 gouf Pirs duerch ee méi grousst russescht Fuerschungsmodul mat der BezeechnungPoisk ersat ginn. Pirs sollt am Joer 2014 mat engem Progress Raumfrachter vum Statiounskomplex geléist an an d'Äerdatmosphär bruecht ginn, fir dat et do verglouse soll.
Den Swesda selwer huet zwou Solarzellefläche mat enger mëttlerer elektrescher Leeschtung vun zirka fënnef Kilowatt an ass mat engem anDäitschland entwéckelten intelligenten Datemanagementsystem ekipéiert.
| Commons: Swesda – Biller, Videoen oder Audiodateien |